What the Fakt – Äddi Kokoschka a Warhol…
Et wierkt wéi eng Ironie vum Schicksal, datt direkt zwee
No der Nominéierung vum Sam Tanson an der Regierung ass
Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun
Reesender opgepasst: Ab dem 17. September plënnert d’Iechternacher Gar. Op dëser Platz gëtt an nächster Zäit eng nei Primärschoul gebaut.
Vun haut un gëtt d’Gar vu verschidde Buslinnen net méi ugesteiert. Heizou gehéieren d’Linnen 110, 111, 112, 113, 414, 416, 417, 474, 475, 485, 486, 496, 500, 501, 503 et 848. Déi provisoresch Gar ass um Parking Bréil, net wäit ewech vum Supermarché, ze fannen.
Momentan versicht d’Gemeng hei nei Terraine fir permanent ënnerierdesch Parkingen an déi nei Gar ze kréien.
© Verkéiersbond
An der Nuecht vum leschte Méinden op en Dënschden huet de Graffitikënschtler Till Heim zwee Quaien zu Plënnercamionen transforméiert fir hei eng visuell a konkret Wierkung ze fannen.
Déi nei Gar ass een vu siwe Projete vum städteschen Ausbau fir Stad Iechternach nach méi attraktiv ze maachen. Sou soll et eng besser Verbindung vum Transport vun den Linne 473, 481 an 492 déi Iechternacher Gar ab dem 17. September usteieren.
All Informatioune fannt Dir ënnert www.mobiliteit.lu oder www.echternach.lu.
Foto: © Verkéiersbond