Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?
International Money Stories

Kenns du Hesper gutt genuch fir dëse Quiz ze packen?

Hesper gehéiert zu deene gréisste Gemengen am Land, wat d’Awunnerzuel

angry
De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften
International Money Stories

De Konkurrenzkampf ass bei de Schoulen ukomm, esou d’Gewerkschaften

Fir den SEW-OGBL ass déi ëffentlech Schoul einfach net méi

angry
Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen
International Money Stories

Dem Kevin Spacey säin Oflenkungsmanöver ass zum Gléck net opgaangen

Wann een aus #Metoo eppes léiere kann, da wuel, datt

money

Déi intellektuell Proprietéit, erkläert

Déi intellektuell Proprietéit, erkläert

Am Kontext vun engem vun den USA ugekënnegten Handelskrich, geet den Donald Trump ganz besonnesch mat China, haart an d’Geriicht. Den Handelsdefizit mat China huet 2017 iwwer 375 Milliarden US-Dollar ausgemaach, an den US-President erwaart vu Peking, deen elo direkt ëm 100 Milliarden ze reduzéieren.

Aktuell schafft d’Trump-Administratioun u Wuerelëschte vun Importer aus China, déi mat enger „Strof-Steier“ solle beluecht ginn. China huet sengersäits schonn esou e Wuerekuerf zesummegestallt, bedauert d’Entscheedung vum US-President, an huet eng Plainte bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) agereecht.

Nieft dem Handelsdefizit huet den Donald Trump nach e weidert Argument a seng Krichsrhetorik agebaut. Esou beschëllegt hien d’Chinese den US-Entreprisen hir „intellektuell Proprietéit“ ze klauen. Mee wat ass domatter eigentlech gemengt? Dat wëlle mir hei erklären:

De System vun der „Co-Entreprise“

Fir datt Entreprise hir Wueren an China kënne verkafen, mussen sech auslännesch Firmae mat chinesesche Firmaen zesummendoen. E Virgank deen och als „Joint-Venture“ bekannt ass. Hei ass et dann awer esou, datt déi meescht Entreprisen am kommunistesche China „staatlech“ sinn.

Et ass awer de Präis deen eng Firma bereet muss sinn ze bezuelen, wann se Zougank vum chinesesche Maart wëll hunn. Als Beispill kann ee General-Motors (GM) huelen: den éischten amerikaneschen Autoconstructeur verkeeft haut méi Gefierer a China wéi an den USA.

Allerdéngs gëtt de gréissten Deel vun den a China verkaaften Autoen och a China gebaut. Dat bréngt, duerch déi genannten „Joint-Venture“ mat sech, datt och de chinesesche „Partner“ vu GM Zougrëff op d’Technologien an d’Breveten huet.

Hei kënnt den Ausdrock „Intellektuell Proprietéit“ zum droen, well déi chinesesch Entreprisen zwar keng Entwécklung vun engem Produkt geleescht hunn, awer am selwechten Ëmfang dovunner profitéieren, wéi hir auslännesch „Partner“. Dat ass dann och a bal alle Secteuren esou, op sech ëm Konsumgidder, Elektronik, Aeronautic oder Industriemaschinnen handelt.

Eng Situatioun déi hiren Ursprong am Joer 2001 huet. Dat ass dat Joer wou China Member vun der Welthandelsorganisatioun ginn ass. Eng ëmstridde Memberschaft, well och de Polizist vum Welthandel, ass prinzipiell net mat där vu Peking imposéiert Praxis averstanen.

De Käschten/Profit-Rapport

Am Bericht vun der „amerikanescher Kommissioun fir den Déifstall vun intellektueller Proprietéit“ aus dem Joer 2013, war däitlech gemaach ginn, datt een „d’Berechnung ‘Käschten/Profit’ vun den auslännesche Firmaen, déi et op déi intellektuell Proprietéit ofgesinn hunn, ännere muss“.

Dës Kommissioun, gëtt co-dirigéiert vum Admirol Dennis Blair – fréiere Chef vum nationale Geheimdéngscht (DNI) ënnert dem President Barack Obama – an dem ex-Patron vun Intel, Craig Barett. Si huet am Mäerz eng „mise a jour“ vun dësem Bericht verëffentlecht.

An et sinn dann och d’Conclusiounen am Bericht, déi dem Donald Trump déi néideg Munitioun geliwwert hunn, fir et op eng Ausenanersetzung mat China ukommen ze loossen. Den US-President ass fest iwwerzeegt, Peking „verständlech“ ze maachen, datt d’Berechnung „Käschten/Profit“ muss iwwerduecht ginn.

Dat huet den Donald Trump dann och dozou verleet, de Chinesen ze dreeën. Esou soll et gesënnert Douanestaxen op Importer am Wäert vun 150 Milliarden US-Dollar ginn. Den US-President ass der Meenung, datt dat de Géigewäert ass, vun deem wat den Déifstall vun intellektueller Proprietéit ausmécht.

Fir d’Kommissioun, läit de globale Montant vun der amerikanescher intellektueller Proprietéit, déi an de Welt geklaut gëtt, bei mindestens 225 Milliarden US-Dollar geleeën ass. Aner Zuelen ginn esouguer vu 600 Milliarden aus. D’Kommissioun seet awer net wéi en Undeel zu laaschte vu China geet.

Och d’Investitiounen si betraff

De Schutz vun der intellektueller Proprietéit gëllt awer net nëmme fir déi amerikanesch Investissementer a China. Och déi chinesesch Investissementer an den USA gi mat grousser Suerg iwwerwaacht.

Déi direkt Investissementer vu chineseschen Entreprisen an den USA, hu laut den Donnéeë vum chinesesch-amerikanesche Wirtschaftsrot, 2017 e Montant vun 29 Milliarden US-Dollar ausgemaach. Eng Baisse vu 35% géintiwwer 2016, déi awer de vu Peking operluecht Beschränkunge fir direkt Investissementer am Ausland geschëlt ass. Dat notamment am Immobilien- an HORESCA-Secteur.

E puer rezent Fäll weisen, datt Washington sech och entscheet huet, besser uecht ze dinn, géintiwwer dem Risk, datt chinesesch Entreprisen, duerch den Opkaf vun US-Firmaen, Spëtzentechnologien uneegnen.

Den „Opkaf“ blockéiert

Eng „onofhängeg“ Organisatioun, de Comité fir auslännesch Investissementer (CFIUS), huet verschidde Projeten, wou et ëm den Opkaf vun US-Entreprisen duerch chinesesch oder asiatesch Investisseure gaangen ass, verhënnert.

Am Januar, war den Opkaf vu „Moneygram“ duerch déi chinesesch Ant Financial, zum Präis vun 1,2 Milliarden US-Dollar, verhënnert ginn. Ant Financial, ass eng Finanzgesellschaft déi dem Gigant am e-Commerce „Ali Baba“ ganz no steet. A schonn am September 2017, gouf eng ähnlech Transaktioun blockéiert, bei där den US-Grupp Lattice vu Canyon Bridge iwwerholl sollt ginn.

Méi rezent, huet sech de CFIUS géint den Opkaf vum amerikanesche Mikroprozessorhiersteller Qualcomm, duerch de Konkurrent Broadcom aus Singapur, agesat. Washington ass iwwerzeegt, datt Broadcom chinesesch Interesse vertrëtt.

D’Debatte vum CFIUS si geheim, wat et schwéier mécht erauszefannen, wéi grouss den Afloss vum Schutz vun der intellektueller Proprietéit bei dësen Entscheedunge gewiescht ass.

E Gesetzprojet, deen dem US-Kongress am November virgeluecht ginn ass, soll d’Muecht vun der CFIUS erweideren. Esou soll de CFIUS zukünfteg d’Méiglechkeet hunn, sech net nëmme mat de Fusiounen an dem Kaf vun Entreprisen ze beschäftegen, mee och méi genee hikucken, wann et ëm minoritär Participatiounen an US-Entreprise geet.

mam Jean-Louis Doublet/AFP

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Handelskrich, intellektuell Proprietéit, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    26

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1