Den Aarbechtsminister an der Defensiv
Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech
Wat huet de sozialisteschen Aarbechtsminister net alles missen iwwert sech
De Verkéiers- an Nohaltegkeetsminister huet gëschter drop higewisen, datt déi
Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen,
De Joël Back, Spriecher vun déi jonk gréng: „Jorelaang ass Griicheland bei der Versuergung an Opnam vu Geflüchteten eleng gelooss ginn. Dëst legitiméiert awer a kenger Weis d’Gewalt vun de griichesche GrenzschützerInnen u wierlose Geflüchteten, sou wéi humanitären HelferInnen a JournalistInnen. Et ass fatal, datt d’Kommissiounspresidentin an de President vum Europäesche Rot dës Repressalien nach implizit gutt heeschen an ënnerstëtzen.
Amplaz sollt d’EU déi lokal Autoritéite bei der Recuperatioun vun der Rechtsstaatlechkeet ënnerstëtzen an dobäi sécher stellen, datt déi gemeinsam EU-Baussegrenzen am Sënn vum Grondrecht op Asyl weiderhi legal Grenziwwergäng erméiglechen, fir datt d’Mënschen hir Asyldemande stelle kënnen. Et ass inakzeptabel, wa Griicheland d’Grondrecht op Asyl aussetze wëll an dëse Verstouss géint europäescht Recht an d’UNO Flüchtlingskonventioun nach vun der EU bestäerkt gëtt.“
D’Jessie Thill, Spriecherin vun déi jonk gréng, ergänzt: „Dës Eskalatioun ass d’Resultat vun der Passivitéit vun den EU-Staaten, déi déi europäesch Asylpolitik säit Joren op Insele wéi Lesbos ofgelueden hunn. D’EU-Memberstaaten mussen sech endlech op ee faire Verdeelungsmechanismus eenegen an den Dublin-System, deen d’Verantwortung eesäiteg op déi südlech an ëstlech Mëttelmirstaaten leet, reforméieren, fir Länner wéi Griicheland mat sengen iwwerfëllte Lageren ze entlaaschten.
Wann eng gesamteuropäesch Léisung weiderhin onméiglech wäert sinn, sollten eenzel Staaten d’Méiglechkeet hunn, Kontingenter u Geflüchteter opzehuelen an dobäi finanziell ënnerstëtzt ze ginn, wärend déijéineg, déi sech deem verweigeren, mat enger Baisse vun EU-Fërdergelder sanktionéiert musse ginn. Heizou begréisse mir d’Positioun vum Baussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn, deen ugekënnegt huet, datt Lëtzebuerg 10 Mannerjäreger ophuele wäert, woubäi dës Zuel roueg nach erhéicht kéint ginn.“
Europa dierf awer net déi eigentlech Ursach vun der Tragödie aus den Ae verléieren: De Krich a Syrien an déi vëlkerrechtswiddreg Dote vum Putin an Assad. Mir fuerderen déi nei EU-Kommissioun op, hire geopoliteschen Ambitioune gerecht ze ginn an aktiv géint d’Bombardéierung vun onschëllegen Zivilisten an der Regioun ëm Idlib virzegoen. Eventuell muss déi Europäesch Unioun zu méi schaarfe Moossname, wéi z.B. individuelle Sanktioune gräifen, fir de Broch vum Vëlkerrecht ze strofen.
D’Tierkei muss sengersäits och direkt all Zesummenaarbecht mat dschihadistesche Gruppéierungen ënnerbannen. Just esou kann déi humanitär Kris ronderëm Idlib een Enn gesat ginn an eng Normaliséierung vun der Lag erbäi gefouert ginn.
Matgedeelt vun déi jonk gréng – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu