Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker
Neiegkeeten

Save the Date: Kongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker

De Joreskongress vun der Weltunioun vun de Fräidenker zum Thema

Rakéite fir de Fluchhafe vu Bagdad
Neiegkeeten

Rakéite fir de Fluchhafe vu Bagdad

Beim Rakéitenugrëff op de Fluchhafe vun der irakescher Haaptstad Bagdad

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!
Neiegkeeten

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!

Eppes viraus: de Vire-Stamm vun der Gripp evoluéiert vu Joer

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut

Vergaangene Freideg hunn déi jonk gréng hir jäerlech Generalversammlung gehalen a gläichzäiteg een neie Comité gewielt. D’Diskussioune goungen uschléissend vun der Energie, iwwert d’Klimaziler, bis hin zur Bekämpfung vun der Aarmut zu Lëtzebuerg.

D’Jessie Thill (24) ass fir ee weidert Joer als Co-Spriecherin bestätegt ginn. Un hirer Säit steet de Joël Back (24) als neie Co-Spriecher. Mam Felix Schmit (26) huet déi jonk Partei säin Tresorier fonnt. Weider Memberen am Virstand sinn d’Claire Remmy (21), de Liam Bremer (20), d’Caroll Ewen (27), de Georges Biever (24), d’Catherine Van Rijswijk (28), de Fabricio Costa (25) an d’Tanja Duprez(24).

Um 22. Februar ass ee vun den zwee Reakteren vun der Atomzentral zu Fessenheim vum Netz geholl ginn. Dëse Schrëtt, deen d’Jessie Thill als längst iwwerfälleg ugesäit, deen awer just als éischte Schrëtt vu ville gëlle soll. Si fuerdert d’Regierung vu Frankräich an der Belsch op, och d’Schrottreaktore vu Cattenom an Tihange ofzeschalten.

„An Zäite vun der Klimakris stellt Atomkraaft, ugesiichts de Risike fir Mënsch an Ëmwelt, den héije finanzielle Käschten an den Onsécherheeten ëm d’Endlagerung keng Alternativ zu de fossillen Energiedréier dur. Mir musse konsequent an den Ausbau vun erneierbaren Energien aus Wand, Solar a Biomass investéieren, dat ënnert héijer Bedeelegung vun de BiergerInnen. Just esou kënne mir eis Energie op eng propper Aart a Weis produzéieren an eist Klimazil erreechen“, erkläert d’Jessie Thill.

Donieft huet de Joël Back betount, datt de Mënsch virun allem a prekäre Situatioune vum konsequente Klimaschutz profitéiert. Esou géife beispillsweis d’Entkarboniséierung vum Verkéier an d’Zréckgräifen op den ëffentlechen Transport zu méi propperer Loft a manner Kaméidi op den Haaptstroosse féieren. Zu gudder Lescht huet hien d’Regierung opgefuerdert d’Bekämpfung vun der Aarmut zum Schwéierpunkt vun der Steierreform ze maachen.

Opmaacherfoto: © déi jonk gréng

Ähnlech Sujeten Aarmutsbekämpfung, déi jonk gréng, Energiewend, Felix Schmit, Generalversammlung, Jessie Thill, Joël Back, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel