Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel féiert de Weltbuchdag
Neiegkeeten

Steesel féiert de Weltbuchdag

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl
Neiegkeeten

Um Krautmaart hunn se e Gesetz zur Kierperkonscht ugeholl

Wann ee bedenkt, datt et bis gëschter kee Gesetz ginn

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens
Neiegkeeten

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Déi lescht Woch waren d‘Gewerkschaften ALEBA, LCGB-SESF an OGBL-SBA sech

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa

3. Parteidag vun déi Konservativ: déi schwéier Schluechten hu si nach virun sech

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Den 1. Vizepresident Mario May, huet d‘Membere mat senger Usprooch nach emol op déi sëllechen Erausfuerderungen ageschwuer. 2019 mussen nach emol d‘Äermel eropgestrëppt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Fir de Steve Lamberty ass et esou just net duergaange fir an de Nationalcomité ze kommen, mee mat der Grënnung vun der Bezierkssektioun Norden, sollt et him zumindest politesch net langweileg ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Déi 2. Vizepresidentin Sandra Schwachtgen huet hir Kandidatur fir e weidert Mandat begrënnt an gouf bestätegt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Beim Ofstëmme gouf et keng zwou Meenungen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Den Tresorier Patrick Thein huet de Keesebericht virgeluecht. Déi Konservativ hunn 2018 mat 1.858,12 Euro ugefaangen, a mat 647,03 Euro ofgeschloss. Iwwert d‘Joer hunn déi Konservativ 4.939,15 Euro erhalen. D‘Keeserevisoren hu kee Feeler fonnt, d‘Assemblée huet den Tresorier entlaascht, © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
De Parteidag ass live iwwerdroe ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
Vu Mediepresenz kann ee net wierklech schwätzen. Eng besser, eventuell méi oppe Relatioun mat eben de Medien, kann hëllefen, woubäi et vill al Wonne gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
D‘Generalsekretärin Monique Weber huet en zolitten Aktivitéitsbericht presentéiert, deen zu kengem Ament Géigestand vun enger Kontestatioun war. © Martine de Lagardère/moien.lu
Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
De Nationalpresident Joe Thein versprécht alle Konservativen eng politesch Heemecht. Déi Konservativ stinn an fir e liberale Patriotismus. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Zäit vergeet, an et ass och schonn den 3. Parteidag vun „déi Konservativ“ deen um Sonndeg zu Péiteng an deem wonnerschéine Kultursall „a Rousen“ ofgehale ginn ass. Empfaange goufen d‘Membere vun der Kongresspresidentin Nadine Birlenbach-Simon, déi hinnen och den Oflaf vum Parteidag erläutert huet. Mat engem Kaffi-Croissant konnt den Dag a geléister Stëmmung ufänken.

Fir de Nationalpresident Joe Thein, war et wichteg aleedend e Réckbléck ze maachen. An hirer kuerzer Existenz, hunn déi Konservativ schonn un zwou Walen deelgeholl. Campagnen déi natierlech och e finanziellen Impakt hunn, zemools wann engem keng staatlech Zouwennung zousteet. Mee et gouf villes geléiert, Erfarung konnt gesammelt ginn an d‘Partei ass gewuess.

Hien ass houfreg op sech a seng Parteimemberen, deenen et bannent 7 Méint gelongen ass, zu Péiteng 2.500 Stëmme bei de Gemengewahlen ze ergatteren, wat wuel net duer gaangen ass fir e Mandat am Gemengerot ze erhalen, mee genuch war, fir d‘ADR aus eben dësem ze verbannen. Do gesäit een: gewannen ass dat eent, net verléieren ass dat anert, ëm dat et an der Politik geet.

Ugesiichts der Tatsaach, datt déi Konservativ fir d‘Chamberwahlen nëmmen an engem Wahlbezierk ugetruede sinn, ass de Joe Thein iwwerzeegt, datt um Enn 0,52% net emol esou e schlecht Resultat sinn, och wien duerchaus unerkennt, datt et sech hei ëm eng Fro vun der Interpretatioun handelt. A schliisslech wéisten hir Wieler jo och firwat, si hiert Kräiz genee op der richteger Plaz maachen.

Europawahlen 2019

Zudeem steet mat 2019, schonn déi drëtt politesch Erausfuerderung op der Lee: Europawahlen. E weidere Wahlkampf, dee vun déi Konservativ mat klenge Moyene musse bestridde ginn. De Joe Thein ass sech heibäi duerchaus bewosst, datt d‘Chancen, e Kandidat op Bréissel, respektiv op Stroossbuerg ze schécken „éischter geréng“ sinn, mee et wichteg ass gesinn a gehéiert ze ginn.

De Programm fir d‘Europawahlen ass dann och nach net ganz fäerdeg, woubäi sech am grousse ganzen op de Chamberwahleprogramm gestëtzt gëtt. Als Theme fir de Wahlkampf gi behandelt: de Schutz vun eise Landesgrenzen, de Schutz vun der EU-Baussegrenz, an d‘Migratiounspolitik vun der europäescher Unioun. Dat ass wuel net alles, mee et ass dat wat hinne wichteg erschéngt.

Interessant: den Nationalpresident vun déi Konservativ stellt fest, datt seng Partei net géint d‘EU ass, och wann si wuel eng Europakritesch Positioun ergräift. Europa misst dréngend reforméiert ginn, dat méiglechst an hirem Sënn. Dat géif bedeiten: „manner Europa a méi Lëtzebuerg“, an hei gëtt och net manner gefuerdert, wéi eng nei EU-Verfassung. Déi soll zu engem Staatebond féieren.

De Joe Thein, dee sech engem Uschloss vun der Tierkei verwiert, fuerdert de Regruppement vun de wirtschaftlech staarke Länner an der Euro-Zon. Wien wirtschaftlech schwaach op der Broscht ass, soll gefällegst seng fréier Währung nees benotzen. Bosseg hei: esouguer wann d‘Argumentatioun eng gutt wier, et ginn och an der EU Rieder, déi een net zréckdréine kann, och wann ee wéilt…

D‘Eenheet stäerken

Um Parteidag ass de Wahlslogan vir d‘Europawahlen 2019 gestëmmt ginn. Dräi dëser Slogane ware virgestallt ginn, an d‘Majoritéit huet sech fir „Fir d‘éischt Lëtzebuerg dann Europa“ entscheet. A wann ee scho beim Ofstëmmen ass, et goufen och d‘Statuten iwwerschafft, a well een d‘Statuten nëmmen um Kongress stëmme kann, ass dat e Sonndeg direkt mat gemaach ginn. Eestëmmeg.

Gewielt ginn ass och en neie Virstand. Dräi Poste stoungen heibäi net zur Dispositioun, well d‘Mandater nach lafen. Esou bleiwen am Nationalcomité: de Joe Thein (Nationalpresident), Mario May (1. Vizepresident), Patrick Thein (Tresorier). Nei, respektiv bestätegt goufen: d‘Sandra Schwachtgen (2. Vizepresidentin), Jean Ersfeld, Frédéric Heuschling, Christian Pütz, Carmen Rubinho, Fränk Schleich, Nadine Birlenbach-Simon, Monique Weber-Thein, Steve Schmit.

D‘Ziler vun déi Konservativ, wann ee kuerz vun den Europawahlen Ofstand hëlt, ass et zu méi Visibilitéit ze gelaangen. D‘Presenz op de Braderien an soss Volleksfester soll besser, eng gréisser Medievisibilitéit muss ugestrieft an d‘Bezéiung zu de Medie muss verbessert ginn. Dofir sollt een dann awer vläicht an de sozialen Netzwierker en aneren Ëmgang mat de Journaliste fleegen.

Eng vun den Aufgabe laanscht déi si net wäerte kommen, ass d‘Schafe vu Bezierkssektiounen. Am Norde kéint dat d‘Aufgab vum Jean Ersfeld an dem Steve Lamberty ginn, fir de Bezierk Zentrum kéint dat vum Pierrette Heintz iwwerholl ginn. Ob et an deenen anere Bezierker scho Membere gëtt ass net gewosst, mee et dierf ee sécher sinn, datt de Nationalcomité och hei Léisunge parat huet.

Foto: De Nationalpresident Joe Thein versprécht alle Konservativen eng politesch Heemecht. Déi Konservativ stinn an fir e liberale Patriotismus. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten déi Konservbativ, Europa, Europawahlen 2019, Joe Thein, Patriotismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel