Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Net gekennzeechent Mëllech am Smoothie vun Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer datt de Produit

Offall: eng grenziwwerschreidend Sensibiliséierungscampagne
Neiegkeeten

Offall: eng grenziwwerschreidend Sensibiliséierungscampagne

Passend zum ugekënnegte Schülerstreik fir de Klima (Youth for Climate)

Editorial: Den Donald Trump huet nogelauschtert
Neiegkeeten

Editorial: Den Donald Trump huet nogelauschtert

Den US-President Donald Trump, deen der NRA, also der nationaler

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!

déi Konservativ: Keng Spuerkeesse-Schléissungen!

D’Partei déi Konservativ deelt, mat dësem Schreiwes mat, datt si d’Kritik vum Konsumenteschutz ULC deelt, a sech veriergert weist, iwwert d’Annonce, datt 11 Spuerkeess-Agenceën virun der Schléissung oder Fusioun stoe sollen. Dës Initiativ ass fir eis keng Zukunftsstrategie, dëst ass eng biergerfriem Decisioun!

Duerch dës Moossnam, gi wichteg Bankestanduerter vun der Spuerkeess am Bankenetz am Land verluer, virun allem am ländleche Raum, an e.a och an der « Belle Etoile », an dat mat Disrespekt fir besonnesch, eeler Matbierger, Leit wou net esou mobil sinn – soit net gutt eens gi mam Onlinebanking! Ëmsou méi erstaunlech ass dës Decisioun, am Wëssen, datt de Staat 100% Aktionär vun der BCEE ass, an de Staat d’Missioun huet, fir de beschte Service um Bierger a Client.

Eiser Iwwerzeegung no, mussen ëffentlech Ariichtungen, wéi d’Staatsbank a fir eis och d’Post, gutt lokaliséiert, accessibel an allëmfaassend, an als ëffentlech Déngschtleeschtung, biergerfrëndlech a serviceorientéiert am Land verankert sinn – mir warne virum « vergläichbare » Schicksal vun der Spuerkeess, mat alle Konsequenzen an Nodeeler, wéi an Erfarung mat der Postprivatiséierung!

Och wann d’Digitaliséierung, eng Rei Modernitéiten a Flexibilitéiten mat sech bréngt, esou soll dëst eng positiv « Erweiderung » vum Bankwiese sinn, mä kee Réckschrëtt am reellen Alldag vum Bierger! Dofir geet de Konservative vum Grondsaz aus, net all Errongenschaft fir d’Modernitéit op ze ginn, mä d’éischt ze hannerfroen an z’analyséieren, wéi a wou dëst, déi besser Léisung, an de reelle Virdeel ka sinn!

Do donieft, kritiséiert eis Partei och allgemeng d’Bankephilosophie, déi an eisen Aen, nieft dëser Hiobsbotschaft, och nach an der Kritik wéinst aneren Entscheedungen a Gedankegäng steet: zum Beispill d’Erhéijung vun de Bankfraisen, d’Ofschafung vum Boergeld, d’Kontroll vun de Banke beim, an iwwert den Eenzelnen, d’Nullzënspolitik op EU Niveau, d’Eurowährungspolitik vun EZB & IWF, de Projet vun der Banken an Transfertunioun, asw., Reklamatiounen, déi eis Partei, repetitiv matdeelt.

D’Bankwiesen huet, hei zu Lëtzebuerg, hir berechtegt Plaz am System, fir den ekonomeschen a monetäre Fonctionnement an als Déngschtleeschtung fir den Zuel, Kredit, a Kapitalverkéier, mä w.e.g, am Biergerinteressi. Dat ass eis als Partei, wichteg!

Matgedeelt vun déi Konservativ
Opmaacherfoto: BCEE -Spuerkeess

Ähnlech Sujeten 11 Filialen, Bankenetz, BCEE, déi Konservativ, EZB, Schléissung, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel