Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
Meenung

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter
Meenung

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit
Meenung

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit

Si ass do, egal wéi déif en de Kapp an

Déi Konservativ: „Eng Erënnerung un e faire Wahlkampf, léiwe Journalismus!“

Déi Konservativ: „Eng Erënnerung un e faire Wahlkampf, léiwe Journalismus!“

D’Partei déi Konservativ deelt mat dësem Schreiwes, a kuerz virum Start vun der offizieller Wahlcampagne, gären en Opruff mat: eng Erënnerung un de politesche Journalismus fir e faire Wahlkampf.

Eis Partei stellt leider fest, datt am Virfeld vun de Chamberwahlen 2018, scho méifach d’Fairness an déi gläich Representativitéit vun de politesche Parteien, net agehale gouf, e.a vu verschiddene Presseorganer, déi net mat eis a Kontakt getruede sinn, fir hir Agenda vu politeschen Interviewen, Invitatiounen op Politgespréicher a Politronnen oder politescher Berichterstattung an de Print- an Onlinemedien.

D’Chamberwahlen si vu nationaler Wichtegkeet, an all kandidéierend Partei am Land mat Respekt ze zollen. Et gëtt kee legitimme Grond op Diskriminéierung a Benodeelegung vu Klengparteien – och dann net, wa se just an engem Landesbezierk kandidéieren oder ee konservatiivt, rietsdemokratescht Weltbild vertrieden.

Dat politescht Matsproocherecht an déi politesch Representativitéit mussen zu jidder Ablack garantéiert, a gewoort sinn – och a Verantwortung säitens der Pressewelt – fir gerecht an demokratesch Wahlen!

Mir zitéieren aus eisem Chamberwahlmanifest, d’Kapitel VIII. Fräiheet an Demokratie: “Keng Diskriminéierung vu Klengparteien, Schluss elo! Mat Respekt fir d’Press- a Mediefräiheet, déi mir als Grondrecht vun eiser Verfassung uechten a verdeedegen, fuerdere mir awer och fir all offiziell politesch Partei am Staat, dat selwecht politescht Recht op Representativitéit an op eng vollwäerteg Meenungsfräiheet, z.B fir d’Invitatioun op politesch Ronndëschgespréicher, als Invité an de Studioe vu Radio an Televisioun, oder als demokratesch Optioun a politesche Sondagen. Just esou, bleift de politesche Meenungspluralismus am Land gewoort. (…)”

gezeechent, déi Konservativ

Notiz vun der Redaktioun: Mir hunn dëse Communiqué esou wéi en eis vun der Partei „déi Konservativ“ zougeschéckt ginn ass iwwerholl. Op dëser Plaz weise mir drop hin, datt mir d‘Meenungsfräiheet och da verdeedegen, wann dee wou seng Meenung zum Ausdrock bréngt e Rabbelkapp ass.

Erlaabt eis dann nach drop hinzeweisen, datt mir, wa mir Zäit hunn, a vun enger Veranstaltung wëssen och gäre kommen. Dir, léif Konservativ, musst eis dann awer scho Bescheed soen. Hei ass et allerdéngs och esou, datt et virkomme kann, datt d‘Berichterstattung eppes méi kritesch ass, well dat wat „déi konservativ“ als „rietsdemokratesch“ verklären, bëllege Populismus ass.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi Konservativ, Joe Thein, Meenungsfräiheet, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel