Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?
Neiegkeeten

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

E leckere Krimi fir tëschenduerch
Neiegkeeten

E leckere Krimi fir tëschenduerch

Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord heescht d’Buch vum Sonja Birgmann. Op

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019
Neiegkeeten

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019

Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
(v.l.n.r.) Myriam Cecchetti Gary Diderich, Carole Thoma, Marc Baum, David Wagner, Nathalie Oberweis © Shari Pleimelding/moien.lu
Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
David Wagner, déi Lénk © Shari Pleimelding/moien.lu
Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
Carole Thoma, Porte-Parole vun déi Lénk © Shari Pleimelding/moien.lu
Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
© Shari Pleimelding/moien.lu
Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
Carole Thoma, déi Lénk © Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Owend war et un déi Lénk, fir op d’Joer 2019 ze prosten. Am Centre Culturel zu Bouneweg huet déi lénks radikal Partei seng Leit, Memberen an Invitéeën empfaangen, fir bei engem gudde Glas souwuel iwwert dat vergaangent, wéi och iwwert dat neit Joer ze schwätzen.

Et war een Neijoerschpatt, wéi een sech et vun de Lénke virstellt. Mir all kennen se als alternativ Géint-de-Stroum-Schwëmmer an do ass et net verwonnerlech, datt ee vun Ufank un mat enger Rei vegetaresche Leckereien, wéi beispillsweis Geméis mat Dipp, Zafuerer-Chips a klenge Veggie-Burgeren, immens begeeschtert gouf. Schonn eleng dofir hätt et sech gelount bei dësem Owend dobäi ze sinn, an dofir sprieche mir vun eiser Säit e grousse Luef un d’Verfleegung aus!

Och um Neijoerschpatt vun déi Lénk goung et ëm eescht Themen, national an global Problemer, sou wéi Solutioune vun der Partei. D’Ried vum Porte-Parole, dem Carole Thoma war laang, an awer gefëllt mat konkretem Inhalt. Am grousse Ganze goung et fir unzefänken hei ëm d’Chamberwahlen 2018, seng Widderspréch an d’Ongläichheeten, Aarbecht a Kapital, Natur an Ëmwelt.

D’Madamm Thoma huet hei den Tour gemaach vun de Rietspopulisten an Italien, iwwert Brasilien, ee Land mat engem rietsextrem President den de Reebësch ofholze wëll an domadder de gréisste CO2-Späicher vun der Welt zerstéiert, bis hin an d’USA, wou den Donald Trump mat rassisteschen Attacken ëmmer nees weltwäit schockéiert.

Viru goung et mat de Chamberwahlen 2018, een Ereegnis, dat fir déi Lénk mat ville Widderspréch an Ongläichheeten verbonnen ass. Riets war hei vum Armutsrisiko um Rekordhéich, d’Fraktioun vun de Piraten an der ADR an dem Feelen u Paritéit. Dobäi hu si natierlech och déi eege Resultater gekuckt, woubäi si dat bescht Resultat zënter der Grënnung virun 20 Joer erzielt hunn. Wichteg ass och, datt si net just nogekuckt, mee och gehandelt hunn. Dat huet sech gewisen duerch d’Gespréicher mam François Bausch, dem Ënnerstëtze vum grousse Streik vum Fleegepersonal zu Beetebuerg oder d’Presenz op der Manifestatioun vun de Bauaarbechter.

Fortschrëttlech Visiounen – eng Utopie?

Déi lénk Partei wëll souwuel um nationale, wéi och um europäeschen Niveau mat der Politik briechen. Si sinn et, déi sech staark fir d’Konditioune bei den Aarbechtsbedingunge vu Salariéeë wëllen asetzen. Nëmme mat méi strenge Reegele kann de Steierdumping agedämmt ginn, an do muss Lëtzebuerg mat guddem Beispill virgoen.

Bedenkt een, datt eist kleng Land schonn den 19. Februar seng natierlech Ressource vum ganze Joer verbraucht, an domadder ee vun de gréissten ekologesche Foussofdréck weltwäit huet, muss bei eis awer och a Saache Klimaschutz eppes geschéien. Déi Lénk ënnerstëtzten hei kloer hir Siicht, datt déi momentan Mesuren net duer ginn, fir d’Äerderwiermung ze stoppen.

Op all Niveau stinn si vir méi konsequent a schnellt Handelen, an dat och wat d’Militär ugeet. Dobäi kritiséiere si et extrem, datt de Militärbudget an Zukunft méi héich wäert sinn, wéi dee vun der Entwécklungshëllef. Hei gouf dann och d’Oprüstungsspiral vun der NATO an de Wëlle fir eng europäesch Arméi ze grënne schaarfer Kritik ausgesat.

Zu gudder Läscht gëtt d’Carole Thoma als Stëmm vun déi Lénk selwer zou, datt d’Visioune vun der Partei utopesch erschéngen. An awer gleewen si drun mat hire Visiounen eist Land, wéi och Europa virun ze bréngen an ze verbesseren. Just doduerch, datt si d’Feeler genau analyséiert hunn, kënnen och Ännerungen agefouert ginn. „Et wäerten déi lénk Kräfte sinn, déi d’Iddi vun engem aneren Europa wäerte verdeedegen: Solidaritéit, soziale Fortschrëtt, Demokratie an Ofrëschtung. Oder, wéi et Lénker scho virun 100 Joer gesot hunn: Brout a Fridden“, mat dëse Wierder end d’Ried vum Carole Thoma.

Et war eng staark Ried, déi vu lénker Säit gefouert gouf. A wann een esou nolauschtert gëtt een immens matgerappt, stellt sech dat bessert Europa direkt vir. Wéi et am Endeffekt wäert ausgoen, kann awer just d’Zäit weisen. Vun der Säit vun déi Lénk war et een immens gelongenen Owend, un deem sech d’Leit gutt amuséiert hunn.

Ähnlech Sujeten Brout a Fridden, Carole Thoma, David Wagner, déi lénk, Europawahlen 2019, NATO, Neijoerschpatt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel