USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas
Mat senger Ënnerschrëft ënnert den „FY20 NDAA“ (National Defense Autorization
Um Dënschdeg hunn de Verwaltungsrotspresident vum Spidol Emil Mayrisch (CHEM),
US-Representantenhaus huet Sanktioune géint Entreprise déi un der Ostséi-Pipeline „Nordstream2“
D’LSAP-DP-Gréng-Regierung mëssbraucht soumat den Ausnamezoustand, fir d’Aarbechtsrecht ze beanträchtegen. Aus wéi enge Grënn d’Regierung sech zu dësem déifgräifende Schrëtt entscheet huet bleift dobäi am Onkloren, wëll si ënnerhëlt net de minimaalste Versuch fir eng Rechtfäerdegung.
D’Tatsaach, datt d’Regierung dës salariatsfeindlech Decisioun trëfft, ouni d’Gewerkschafte virdrun ze consultéieren, weist wéi ee Stellewäert si dem emol esou wichtege Lëtzebuerger Sozialdialog nach zoukomme léisst.
Et schéngt wéi wann den Aarbechtsminister Kersch (LSAP) sech elo beim Patronat fir seng onhaltbar Aussoen zu den „Indépendants“ op Käschte vun de Lounofhängegen zerécklafen. Fir déi Lénk ass dëst Virgoen vun der Regierung net ze akzeptéieren.
Matgedeelt vun déi Lénk