Erhéichte Risiko fir Bëschbränn duerch Hëtztwell!
Duerch déi héich Temperaturen an d’Absence vu Reen besteet aktuell
Duerch déi héich Temperaturen an d’Absence vu Reen besteet aktuell
An Amerika gëtt et elo offiziell iwwer 36 Millioune Chômeuren,
„CSV an LSAP hunn d‘Stolindustrie u Mittal ausgeliwwert!“. Esou d‘Iwwerschrëft vum Communiqué deen déi lénk e Mëttwoch am Zesummenhang mam geplangte Verkaf vum ArcelorMittal-Standuert Diddeleng erausginn huet.
Et feelt dann och net u fundéierten Argumenter, déi hir Kritik stëtzen. Si huelen dann och „zur Kenntnis“ datt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) an den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler wéinst dem ugekënnegte Verkaf vum Diddelenger Stolwierk „revoltéiert“ sinn.
Si stellen dann awer séier kloer, datt d‘CSV an d‘LSAP jorelaang déi entscheedend Posten an der Regierung besat haten (Den Etienne Schneider war scho Wirtschaftsminister an de Claude Wiseler Minister vir Landesplanung) an et verpasst hunn d‘Stolindustrie géintiwwer dem ArcelorMittal-Konzern ofzesécheren.
Esou wieren et si (Schneider a Wiseler) gewiescht, déi sech deemools geweigert hätten d‘Etüd vum Cabinet-Conseil Laplace ze verëffentlechen. An hirem Rapport haten d‘Beroder vu Laplace, déi wirtschaftlech Iwwerliewensfäegkeet vun de Sitte Rodange a Schëffleng nogewisen.
Déi lénk erënnert dann och nach drun, datt déi deemoleg Regierung, de Jeannot Krecké – deen si als ausgewise Kapital-Lobbyist bezeechnen – an de Verwaltungsrot vun ArcelorMittal delegéiert haten. Si missten deemno wëssen op wat se sech agelooss haten. Si wieren a sinn un allem wat zu hei zu Lëtzebuerg entscheet gëtt, bedeelegt.
An esou léich dann d‘Verantwortung och net eleng bei der EU-Kommissioun, mee virun allem bei ArcelorMittal Konzern. Keen hätt de Konzern gezwonge bestoend Produktiounssitten aus engem regional funktionéierende Kontext, zu Gonschte vun enger interessanter Transaktioun (domatter ass de Kaf vum italienesche Grupp ILVA gemengt) opzeginn.
Déi lénk widderhuelen dann och op nees hir Fuerderung, eng Zesummenaarbecht vun alle Stol-Fabricke vun der Groussregioun (Lëtzebuerg, Loutrengen a Saarland) ze erméiglechen. Datt wier et woufir sech déi jeeweileg Regierungen anzesetzen hätten.
Eng politesch Decisioun, zu där och eng europäesch Stolpolitik, an den Opbau vun neien Aktivitéiten an de Metallveraarbechtung, musse gehéieren. Déi lénk fuerdert och, datt d‘Stolindustrie zu laangfristegen Investitioune muss verflicht ginn.
Dat mam Hiweis, datt si kënne gezwonge ginn, all erhalen Hëllef zréckzebezuelen an d‘Betriber grenziwwerschreidend – nom erfollegräiche Virbild vun der saarlännescher Stolindustrie an de 70er Joren ënnert dem Oskar Lafontaine, deemools nach SPD – kollektivéiert kënne ginn.