Search

You may also like

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?
Neiegkeeten

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?

Dat zumindest ass d‘Fro déi sech déi lénk stellt, a

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London
Neiegkeeten

Mann stierft bei Attack op Passanten am Süde vu London

An enger beliefter Akafsstrooss am Londoner Süden huet ee Mann

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men
Neiegkeeten

E puer Netflix-Recommandatiounen: Stateless an Children of Men

Netflix and chill – dëse Sproch ass wuel jidderengem bekannt.

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

D'Partei fuerdert eng däitlech Nobesserung am Gesetzesentworf vun de Stagen

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN a Studente bei enger Entreprise absolvéiere mussen, bitt de jonke Mënsche weder eng ausräichend Bezuelung, nach eng Aglidderung an de soziale Sécherungssystem. Jugendlecher a jonk Erwuessener riskéieren domat fir d’Dauer vun hirem Stage, an doriwwer hinaus, ënner prekäre Bedingunge liesen ze mussen.

Den aktuelle Gesetzesentworf gliddert sech an, an eng nei Politik, déi jonke Mënsche vum Start ewech an d’Aarbechtsliewe vermëttelt, datt hir Aarbecht kee Wäert huet. Sief et duerch eng ze geréng Paie, prekär an och oft befrist Kontrakter, oder eben duerch ee schlechten an/oder onbezuelte Stage: fir jonk Erwuessener gëtt et ëmmer méi schwéier finanziell op eegene Been ze stoen an hiert Liewen ze plangen.

Virun dësem Hannergrond setzen sech d’Studenten- a SchülerINNENorganisatiounen, wéi d’UNEL, fir eng komplett Iwwerschaffe vum virleienden Text an. Am Kader vun enger Ënnerriedung mat déi Lénk, stellt d’UNEL hir wichtegst Fuerderungen un d’Stagegesetz vir. Dobäi gëtt ënnert anerem no enger besserer Bezuelung, sou wéi der Bezuelung vum Pensiounsbeitrag, enger ëmfangräicher Evaluatioun vum geleeschte Stage an d’Betreiung duerch een Tutor/eng Tutorin verlaangt.

Déi Lénk ënnerstëtzen dës Fuerderung, déi sech positiv op déi finanziell Ofsécherung vun de Studenten an hirer Qualitéit vum Stage auswierke géif.

Déi jéngst Zuele vun EUROSTAT iwwert den Aarmutsrisiko bei jonke schaffende Mënschen zu Lëtzebuerg huet däitlech gemaach, wéi eescht d’Lag ass. Fir déi vill vun Aarmut betraffe jonk Erwuessener kënnt et zu Lëtzebuerg och dozou, datt si weder Zougang zum garantéierte Mindestloun (REVIS) hunn, nach zu engem bezuelbaren Zëmmer – eng bezuelbar Wunneng ganz ausgeschloss.

Déi nei Regierung muss dëse sozialen Noutstand bekämpfen. Een Iwwerschaffe vum Gesetzesentworf zum Stage wier, laut déi Lénk, een éischte Schrëtt. Dorobber mussen awer vill Weiderer folgen.

Related topics Bezuelbare Wunnraum, bezuelte Stage, déi lénk, Schüler, Stage, Stagegesetz, Student
Next post Previous post