Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
Neiegkeeten

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)
Neiegkeeten

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Indonesien nom Tsunami: den traurege Bilan zielt elo schonn 281

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz
Neiegkeeten

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz

Esou an net anescht misst de Finanzminister Pierre Gramegna et

Déi lénk bleiwen sech trei a Vertrauen op de mëndege Wieler

Déi lénk bleiwen sech trei a Vertrauen op de mëndege Wieler

Et war voll ginn am Bouneweger Kulturzentrum, wéi déi lénk op hire Neijoerschpatt agelueden haten. Nieft ville Militanten, waren och d‘Frënn aus dem Ausland (déi Linke, PCF, France Insoumise) der Aluedung nokomm. An et sollten net déi eenzeg sinn.

Op et un der politescher Ausriichtung vun der LSAP läit, oder just um Etienne Schneider senger Macron-Faszinatioun, huet eis wuel kee verroden, mee sämtlech Gewerkschafte waren op déi eng oder aner Manéier zu Bouneweg vertrueden. Esou de fréiere Leader vum Landesverband an LSAP-Member Nico Wennmacher.

Dee war awer net eleng, och de fréieren OGBL-President Nico Reding (deen elo de Virsëtz vun der Salariatskummer huet) an de Generalsekretär vun der CGFP, Steve Heiliger, haten sech ënnert d‘Militante gemëscht. Eigentlech wier dat eng Randbemierkung, mee 2018 ginn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen ofgehalen, an do ass dat da schonn e Signal…

Gutt Sondage-Wäerter

E weidert Signal, och wann ee mat Sondage muss virsiichteg sinn, ass de Fait, datt laut RTL 30% vun de Sondéierte vertrauen an déi lénk hunn. Déi lénk hëlt dat gären un, an esou wéi et de Gary Diderich gesot huet, kann een op dëser Stëmmung opbauen, fir gesellschaftlech a politesch Fuerderungen duerch- an ëmzesetzen.

lénk

„Visionär ass et, wann déi lénk zanter dem Ufank fir eng Aarbechtszäitverkierzung mat vollem Lounausgläich antrëtt“, esou de Gary Diderich © Martine de Lagardère/moien.lu

Bei déi lénk bleift een op de Mënsch als Ganzes, an op de Salarié am besonnesche fokusséiert. Et stäipt ee sech also weiderhi géint de Kapitalismus, deen un de meeschte Konflikter uechtert d‘Welt schold huet, och wann et de Leit net méi schéngt opzefalen. Esou bedauert den engagéierte Politiker, datt ee fir d‘Lescht wéinst dem Irak-Krich op d‘Strooss gaangen ass.

Bedauerlech och, datt d‘Regierung de Budget fir Militärdepense verduebelt huet, esou de Gary Diderich deen op d‘Geschicht hiweist, an drun erënnert, datt et schonn emol an Europa gebrannt hat. Haut misst een op e neits wéinst Populismus, Friemefeindlechkeet, an ondemokratesche Verhale gutt uecht dinn, net déi falsch Leit un d‘Muecht ze loossen.

Zouversiichtlech an d‘Chamberwahlen

Aus der Ried vum Gary Diderich ass dann och zréckzebehalen, op wat sech déi lénk fir d‘Wahle wäerten astellen. Esou soll all deenen, déi „erkämpfte Rechter“ wëllen a Fro stellen de Buedem ënnert de Féiss entzu ginn. Eng ekologesch Verännerung gëtt et nëmme mat de Bierger, an dofir brauch et méi Demokratie a sozial Gerechtegkeet.

Déi lénk hunn sinn es och där politesche Feelentscheedunge midd, déi d‘Schéier tëscht Räich an Aarm ëmmer weider ausenaner dréckt. Datt am Logement de „fräie Maart“ versot huet, misst een och der Regierungspolitik zourechnen, déi et virgezunn huet de Promoteure fräi Hand ze loossen. Fir déi lénk ass et awer ausgeschloss, datt de Bierger nach eng Kéier fir d‘Kris misst bezuelen.

Mat engem Bléck op de politesche Bilan vun der Regierung, misst et jidderengem mat Verstand ersiichtlech ginn, datt et esou net ka weidergoen. Et kéint dach net sinn, datt dat eenzegt wat zielt d‘Geld ass. Schaffe bis zum „Burnout“ an awer net iwwer d‘Ronne kommen, keng Zäit fir d‘Famill an awer ëmmer disponibel sinn, dat dierf net d‘Zukunft sinn.

Déi ganz Ried vum Gary Diderich (och als Video)

Foto: (v.l.n.r.) David Wagner, Marc Baum, Carole Thomas, Gary Diderich © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gary Diderich, Neijoerschpatt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel