Search

You may also like

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
Neiegkeeten

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW

Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert
Neiegkeeten

USA halen Aarteschutz fir iwwerbewäert

Wat sech d‘US-Regierung dobäi geduecht huet, wéi si déi ëmstridden

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad
Neiegkeeten

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad

Mat enger Villzuel un digitalen Offeren hu kulturell Institutioune wärend

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst

Et war eng „turbulent“ Chambersessioun an och déi lénk sinn an hirem Bilan op de Covid19 agaangen

Wou de liberale System un seng Grenze stéisst

Och bei déi lénk huet d‘Covid19-Pandemie, den unhänglechen Etat de Kris wéi och déi onséileg Covid19-Gesetzer en zolitten Impakt op de Sessioun-Bilan gehat, a béid Deputéiert, de Marc Baum an den David Wagner hunn déi lescht Méint, déi d‘Land eppes op d‘Kopp gestallt hunn, an hirer Interventioun missen an de Mëttelpunkt stellen. Mee och soss hunn si hir Aarbecht eescht geholl.

Déi lénk weist nach emol kloer drop hin, datt dës Kris keen Zoufall ass, mee virun allem eng vun de Konsequenze vum ultraliberale Weltwirtschaftssystem ass, wou de fräien Handel sech alle Reegelen entzitt. Net ze vergiessen, datt de „System“ elo och deem allerleschte misst opgewisen hunn, datt iwwerall do wou an de leschte Joren „gespuert“ ginn ass, de Problem verschäerft huet.

A ville Länner – a Lëtzebuerg mécht do keng Ausnam – sinn d‘Gesondheetssystemer dout gespuert ginn. Bei eis huet sech dat méi oder wéineger a Grenze gehalen an awer dierf een d‘Aen net virun de Problemer verschléissen. Net genuch Better an virun allem net genuch Personal, am jo awer existenziell wichtege Gesondheetssecteur, sinn eng Bedreeung d‘Gesellschaft an d‘Ekonomie.

Wann et brennt muss geläscht ginn

Entgéint alle Virsätz hätt een am Mäerz fir den Etat de Kris gestëmmt, an dat „geschenkte“ Vertraue wier och entspriechend vun der Regierung mëssbraucht ginn. Virun dräi Joer, wou d‘Regierung am Kontext vun den terroristeschen Attentater d‘Sécherheetsmesure verstäerken an déi demokratesch Rechter vun de Bierger beschneide wollt, hat méi Zäit déi richteg Entscheedung ze treffen.

Hei, an der Urgence, hätt ee weder déi néideg Zäit nach groussaarteg Alternativen zur Hand gehat, fir sech deem ze widdersetzen. E Vertrauensvirschoss, deen um Versprieche berout huet, datt ee sech Säitens der Regierung mat der Chamber wéilt ofschwätzen, iert eng definitiv Decisioun sollt geholl ginn. Leider ass ee „just“ informéiert ginn, an dat oft och net emol ëmfänglech.

Si erkennen der Regierung zumindest un, dat si hiert Méiglechst gemaach huet, fir dës Kris an de Grëff ze kréien, a si géifen elo net wëlle behaapten, datt si dës sanitär Kris besser bewältegt kritt hätten. Et huet un Transparenz gefeelt, Informatioune goufen zréckbehalen. Et wier een net besser dru gewiescht wéi d‘Medien, déi gläichermoossen ënnert der Kommunikatioun gelidden hunn.

Et brauch dréngend Verännerungen

Et hätt missen op parlamentaresch Froen zréckgräifen, fir de Minister wéinstens ee puer Äntwerten aus de Rëppen ze leieren, an déi wieren oft weder am vollen Ëmfang oder op eng verständlech Aart a Weis honoréiert ginn. Tëscht de Ministèren hätt et och Problemer ginn, besonnesch bezunn op den Deconfinement, wier de Mangel un Koherenz opfälleg. Esou hëlleft een de Bierger natierlech net.

Mee och bei anere Punkten, wéi der Politik am Kontext vum klimatesche Wandel, huet sech dës Regierung éischter blaméiert, wéi dann déi richteg Signaler gesat. De Pensiounsfong investéiert brav weider a fossil an/oder nuklear Energien. Ëffentlech Déngschtleeschter wéi d‘Post hätt een de facto net liberaliséiert, mee ganz offensichtlech privatiséiert. D‘Käschten droen d‘Bierger…

lénk

„Wann d‘Subventioun fir de Loyer och gehéicht ginn ass, esou bekämpft se net d‘Deierecht a ka laangfristeg den eigentleche Problem net léisen. Och d‘Krittäre fir dovunner profitéieren ze kënne schléissen nach ëmmer vill Leit aus“, esou den David Wagner zur Logementskris. © Martine de Lagardère/moien.lu

Beim Logement spëtzt sech d‘Lag ëmmer méi zou, an Äntwerten huet d‘Regierung keng. Et wiere wuel Efforte bei der Subventioun vum Loyer gemaach ginn, an et géif de Gemenge gehollef an de soziale, wéi de präislech moderate Wunnengsbau ze investéieren, mee méi wéi Gepléischters wier dat alles net. D‘Politik géif sech och weiderhi primär op déi Privilegiéiert konzentréieren.

De Fazit fir déi lénk: dëst Joer huet jidderengem ersiichtlech gemaach, datt de liberale System sech net de Problemer vun der Bierger unhëlt. Eng elitär Minoritéit kritt all Wonsch vun de Lëpsen ofgelies, de Rescht ka kucke wéi en iwwert d‘Ronne kënnt. Datt sech d‘Gesellschaft awer muss nei orientéieren an opstellen, deen Zweiwel huet de Covid19 ausgeraumt an elo dann d‘Wirtschaftskris.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics déi lénk, Etat de Kris, Gesondheetssystem, Kommunikatioun, Liberaliséierung, Logement, parlamentaresche Bilan, Vertrauen
Next post Previous post