Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer
Neiegkeeten Stories

Brasilien: D‘Favelaen am Coronaféiwer

De Coronavirus trëfft déi Gebidder wou et kaum Gesondheetsversuergung huet

Wou Héichspannung eng ganz Regioun elektriséiert
Neiegkeeten Stories

Wou Héichspannung eng ganz Regioun elektriséiert

D‘Stëmmung am Uelzechtdall ass eppes ugespaant an de Grond einfach:

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie
Neiegkeeten Stories

Hong Kong: déi politesche Grenze vu der Autonomie

Dausende Bierger zu Hong Kong, hunn an der Nuecht op

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten

Wann en Dënschdeg de Premierminister seng Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet, datt ass déi parlamentaresch Rentrée ofgeschloss, an déi lénk erwaart sech vum Xavier Bettel endlech ee politesche Beitrag. Hie kéint sech dëst Joer net méi mat Plattitüden zefridde ginn.

Am Kontext vun der parlamentarescher Rentrée hunn déi lénk e Freideg op de besonneschen, fir net ze soe „schwierege“ Charakter vun der Sessioun 2020/21 higewisen. De Marc Baum huet kloer gestallt, datt mir nach ëmmer matten an enger sanitärer Kris stiechen, d‘Wirtschaftskris derbäi ass eng sozial Kris auszeléisen, an d‘Regierung den Ament net den Androck mécht et am Grëff ze hunn.

Déi lénk erwaart dann och vum Premierminister datt hien däitlech Wierder, bezunn op d‘Lag vun der Natioun, fënnt. Et géif elo héich Zäit Akzenter ze setzen: dat beim Chômage, der Entwécklung vum nationale Gesondheetssystem, wéi och der ekologescher a sozialer Neigestaltung vun der Gesellschaft. Zouversiichtlech sinn déi lénk allerdéngs net, der Regierung feelt et dofir u Réckgrat.

Si sinn dann och entspriechend gespaant, wat de Regierungschef an senger scho siwenter Ried de Bierger am Land unzebidden huet. Ob et wéi erhofft den 13. Oktober zu dëser éischter politescher Ried kënnt? Nach hunn de Marc Baum an den David Wagner Zweiwel, an eng Äntwert wéi gesot, déi gëtt et eréischt en Dënschdeg. Hire Programm steet, an déi zentral Themen si bekannt.

Lénk Prioritéiten

Et ass zudeem irrelevant, wéi eng Analys de Xavier Bettel vun der Lag wäert maachen, déi ass per se a Kontradiktioun mat der politescher Ausriichtung vun déi lénk. Déi wäerten hir Linn bäibehalen a mat eegene Gesetzpropositiounen zu de wichtegsten an drénglechsten Dossieren, dës Sessioun ze animéiere wëssen. Dee gréissten Dossier: de Logement. Hei muss elo direkt eppes geschéien.

Um haitege Samschdeg ass jo eng gréisser Manifestatioun fir de Logement geplangt, an déi lénk stinn do net nëmmen den Organisateuren zur Säit mee hunn och wëlles massiv Presenz ze weisen, esou wéi dat scho bei der Maniff zu Esch-Uelzecht viru kuerzem de Fall war. Den David Wagner steet mam Logementsminister Henri Kox op Krichsfouss, dee jo un engem Gesetz schrauft.

Ee Gesetz „Bail à Loyer“ allerdéngs, dat déi aktuell Situatioun éischter dreet ze verschlechteren, wéi dann ze verbesseren. Den Henri Kox weess jo och wiem seng Interessen hien ze vertrieden huet, a wann een der déi lénk opmierksam nolauschtert, weess een datt et net déi vun de Locataire sinn. Dobäi wier et am, Kontext vun der Wirtschafts- a Sozialkris ubruecht elo duerchzegräifen.

Déi lénk hunn och ee Gesetzprojet. An dësem läit den Akzent dorobber, datt de Loyer net dierf 25% vum Akommes vun engem Menage iwwerschreiden. Eng Fuerderung déi esou och vun der Caritas an der kommunistescher Partei am Raum steet. D‘Gewerkschafte wäerten eng änlech Siicht op de Loyer hunn, mee d‘Regierung vertrëtt bis heihinner d‘Interesse vun de Proprietären…

Bosseg ass an dësem Kontext, datt obwuel d‘Gesetzespropositioun vun déi lénk zanter ee puer Joer virläit, a bis ewell vun de Koalitiounsparteie konnt blockéiert ginn, de Minister déi lénk gebieden huet et zeréckzezéien, vu datt hie jo elo de Problem am Kär geléist hätt. Datt deen nach ëmmer net gemierkt huet datt iwwer 20.000 sozial Wunnenge feelen, konterkaréiert allerdéngs dës Ausso.

Méi grondsätzlech fuerderen déi lénk awer elo emol vun der Regierung, datt am Kontext vun der Wirtschaftskris, déi eng sozial Kris wäert mat sech bréngen, zumindest d‘Loyere musse bis zum 31. Dezember 2021 agefruer ginn. Et gouf jo well decidéiert, datt et keng Hausse dierf bis Joresenn ginn, an dat misst verlängert ginn. Dat dierft de Logementsminister senge Frënn net wëllen undoen.

Keng Privatiséierung vum Gesondheetssystem

Wann de Bierger eppes dierft an der sanitärer Kris opgefall sinn, da wéi essentiell wichteg et ass ee gudde funktionelle Gesondheetssystem ze hunn. Bis ewell huet et säitens der Regierung villes an eigentlech och näischt ginn, zumindest bezunn op d‘Entwécklung, den Ausbau an d‘Attraktivitéit vum Beruff. Zudeem, och wann et net ëffentlech gemaach gëtt, denkt si iwwer Privatiséierung no.

Wat et bedeit de Gesondheetssecteur op der Däiwel komm eraus ze privatiséieren, datt beweisen androcksvoll déi desastréis bis katastrophal Zoustänn an deenen anere Länner. Dat et am räiche Lëtzebuerg zudeem nach ëmmer kleng universell Couverture gëtt an hei Leit liewen déi keen Zougang zum Gesondheetssystem hunn, weist och wéi eng Wäerter dës Regierung vertrëtt.

Wirtschaftlech geet et de Schäissbierg an

Datt déi sanitär Kris vun enger Wirtschaftskris (bis hinn zur Rezessioun) géif begleet ginn, datt huet sech schonn am Etat de Kris ofgezeechent. ArcelorMittal, Guardian, EUROFOIL, SES, Mediahuis a Luxair werfen hir „human Ressourcen“ op den Tipp. An dat si just déi „grouss“ Nimm, och bei de klengen Entreprise mussen aus konjunkturelle Grënn Leit entlooss ginn. Et brennt an allen Ecker!

An dësem Kontext weist de Marc Baum drop hinn, datt all Dag en anere kleng Betrib zoumécht an een op der ADEM schonn eppes alarméiert ass. Déi lénk fuerdert vun der Regierung däitlech a séier Mesure fir de Chômage ze verhënneren. Zudeem soll d‘Regierung dofir Suerg droen, datt et net zu enger sozialer Katastrophe kënnt a verlaangt de Chômage vun 12 op 24 Méint ze verlängeren.

lénk„Mir geheien de Fric fir de Space-Mining zur Fënster eraus, dobäi sinn d‘Ressource partiell hei op der Plaz. Et muss een déi nees verwäerten an endlech déi zirkular Ekonomie schafe vun där all Mënsch schwätzt awer kee realiséiert“, esou de den déi lénk Deputéierte Marc Baum. © Martine de Lagardère / moien.lu

Vill Faillitte-Prozedure wieren en Cours, firwat et wuel nach en Ament wäert brauchen, fir eng Iwwersiicht ze hunn, mee et muss de Leit verständlech gemaach ginn, datt sech hei eng seriéis, jo katastrophal Situatioun opdeet. Si verlaangen dofir eng „Job-Garantie“, also ee rechtlechen Usproch op Schaffen. „Wie schaffe wëll, soll och eng Schaff kréien“, esou den Deputéierte vun déi lénk.

An de Marc Baum werft en interessante Punkt op: Et géif net nëmme genuch Aarbecht, bezunn op alles wat am Kontext vun der Klimakris an dem Logement ze leeschten ass, an et war jo och an der Stolkris (jo dat ass laang hir) méiglech, d‘Leit mat Aarbechten am generellen Interessi weider enger Beschäftegung zouzeféieren. Et kann ee wuel net béid Krise vergläichen an awer gëtt et Pisten.

Statt honnerte Milliounen an Oprëschtung (Militärfliger, Militärsatellit) oder an de „Space-Mining“ ze stiechen, wier ee gutt beroden, d‘Land zu engem Zentrum vun der zirkulärer Ekonomie auszebauen. Dat géif net nëmmen Aarbechtsplaze schafen, der Ëmwelt gutt doen a Ressource schounen. Déi lénk wäerten dozou och ee Gesetzprojet ausschaffen an der Chamber virleeën.

Wie soll dat bezuelen, wien huet esouvill Geld?

Mat meckeren eleng a gutt gemengte Proposen ass et awer och net gedoen. Esou Virschléi, fir déi wou déi lénk da kéinten duerchgesat kréien, kaschte Geld. Dat muss anzwousch hierkommen an gäre bedéngt sech d‘Regierung do bei de Lounofhängegen. Do hunn déi lénk dann awer aner Virstellungen, an si sinn bei wäitem net déi eenzeg, deenen dës Strategie géint de Stréch geet.

Si sinn der Usiicht datt d‘Salariat a besonnesch déi aus dem Niddreglounsecteur hir Bäitrag an der sanitärer Kris iwwer Mooss geleescht hunn, an net weider kënnen ausgequëtscht ginn. Si hunn hir Solidaritéit ënner Beweis gestallt, ganz am Géigesaz zu deene „Räichen“, déi eigentlech just nëmme vun der Kris profitéiert hunn. Et wier folgerichteg un dësen d‘Projeten ze finanzéieren.

Dat maachen déi natierlech net fräiwëlleg a si wäerte wuel verstäerkt versichen sech mam Fric ze verfuussen. Fir dem asoziale Verhale vun den „ieweschten 10% vun der Gesellschaft“ ee Reedel virzeleeën, brauch et steierlech Mesuren. Et soll jo eng Steierreform ginn, vun där et heescht datt si fir méi Gerechtegkeet soll suergen, mee den Ament gesäit et wierklech net duerno aus.

Wann dës Reform fir méi Steiergerechtegkeet suerge sollt, da misst d‘Regierung – esou déi lénk – nees d‘Verméigenssteier (0,5%) aféieren, déi den deemolege Finanzminister Luc Frieden (CSV) fir senge „Frënn“ Satisfaktioun ze ginn, ofgeschaaft huet. Als Merci huet dëse ganz lukrativ Posten an diverse Verwaltungsréit zougestane kritt. Esou beispillsweis bei der BIL, mee net nëmmen.

lénk„De Projet zur Modifikatioun vum Gesetz zum Bail à Loyer ännert d‘Situatioun net, a wäert éischter d‘Lag fir d‘Locataire verschlechteren. Kee Mënsch sollt méi wéi 25% vu sengem Akommes musse fir de Loyer opbréngen“, esou den déi lénk Deputéierten David Wagner. © Martine de Lagardère / moien.lu

Aus dëser „Verméigenssteier“ wëllen déi lénk awer d‘Eegenheem a „Gespuertes“ bis zu enger Zomm vun 200.000 Euro ausklameren. Et sollen och d‘Kapitalerträg – grad wéi de Loun vun alle Lounofhängegen – zu 100% besteiert ginn. Stock-Options an Dividende sollen dann och besteiert ginn, déi speziell Investitiounsfongen (FIS) missten dogéint endgülteg ofgeschaaft ginn…

Och misst de maximale Steiersaz ugehuewe ginn, dat vun aktuell 42% op dann 48%. Hei dierf een drun erënneren, datt déi 10% vun de Groussverdénger iwwert dat zéngfacht Akommes, géintiwwer de „Klengen“ 10% astécht. D‘Aarbechtsleeschtung ass eng aner, och wann et heescht si hätte méi Verantwortung. Allerdéngs: Verantwortung hunn a Verantwortung iwwerhuelen ass net datselwecht.

Si hunn sech also vill virgeholl, mee et muss een der Vollstännegkeet hallwer drop hiweisen, datt et dierft komplizéiert ginn, sech gehéier ze verschafen oder ee Gesetzprojet duerchzesetzen. Et ass nu emol esou, eng Majoritéit och déi allerbeschte Propos ni wäert aus de Reie vun der Oppositioun unhuele, well si datt als ee Zeeche vu Schwächt gesinn. Et sief si setzen hire Numm drënner….

Foto: (v.l.n.r.) Marc Baum, David Wagner © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Covid19, David Wagner, déi lénk, Klimawandel, Marc Baum, Parlamentaresch Rentrée, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel