Mécht den Educatiounsminister de Geck mat eis? 2.0
Zënter ronn 3 Joer siche mir d’Gespréich mam Educatiounsminister fir
Zënter ronn 3 Joer siche mir d’Gespréich mam Educatiounsminister fir
Et ware mat 69.000 Manifestanten op dësem 11. Dag vum
Den Nico Helminger gouf déi lescht Woch mam Servais Präis
Fir d’Bekämpfung vum Klimawandel baséiert all Politik an éischter Linn op engem spuersamen Energieverbrauch. Aus dësem Grond hunn déi Lénk der Chamber am Dezember 2019 en Uleies virgeluecht, andeems d’Regierung opgefuerdert gëtt, hier Strategie fir déi energetesch Sanéierung vu Gebaier ze iwwerpréiwen.
Dës Ufro gouf begréisst, ass awer zanterdeem a Vergiessenheet geroden. D’Regierung setzt weiderhin op privat Initiativen a privat Kapital mat engem System vu Subventioune fir Hausbesëtzer (Prime House), Steiererliichterungen an Ofmaachungen tëscht Privatbanken an dem Staat. En Usaz deen ouni Erfolleg bliwwen ass.
Fir déi Lénk sinn Energieaspuerunge kee Privileeg, mä e Recht fir jiddereen. Déi Lénk wëllen eng Renovéierungsstrategie aféieren, déi vum Staat gesteiert a wäitméiglech finanzéiert gëtt an déi dorop uviséiert 6000 Haiser pro Joer ze renovéieren.
Iwwer en ëffentleche Finanzéierungssystem wëlle si allen Stied Zougang zu enger energetescher Renovatioun an den doraus resultéierende Käschtenaspuerunge ginn. Zemools et heefeg Stied mat nidderegem Akommes sinn, déi al a schlecht isoléiert Wunnenge bewunnen. Hiert Finanzéierungssystem soll déi privat Kreditter ersetzen, déi sech vill Stied net leeschte kënnen oder wëllen.
Fir den Energiebedarf vun de Stied ze ermëttelen, mussen all kommunal Acteuren abezu ginn, déi d’Situatioun virun Uert kennen. Et soll een ëffentleche Wunnengsdéngscht ageriicht ginn, fir déi lokal Aktivitéiten ze koordinéieren an d’Verbindungen tëscht de verschiddenen Acteure virun Uert, de Stied an dem Finanzéierungszentrum sécherzestellen.
Trotz der virsiichteger Weiderféierung vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten zënter dem Schluss vum Lockdown bleiwen d’Stied zeréckhalend. “Eist op ëffentlecher Initiative baséierend System erméiglecht eis, dëser Zréckhalung entgéint ze wierken an esou d’Aarbecht vun den Handwierker ze garantéieren an Aarbechtsplazen an engem fir déi ökologesch Transformatioun wesentleche Beräich ze schafen.”
Matgedeelt vun déi Lénk, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Jessica Mersch
Illustratioun: Christian Oehlenberg/Pixabay