Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht
Neiegkeeten

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht

Nom Artikel iwwert Conclusioune vum Spezial Bericht vun IPCC hunn

Neiegkeeten

Galerie: Stock Car zu Alzeng

© Martine de Lagardère WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAMotorsport: Stock-Car Meeschterschaft

Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner

Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu
Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu
Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu
Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu
Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu
Europawahlen 2019 – Déi Lénk am Kampf géint Grousskonzerner
Foto: Melvin Hatto/moien.lu

En Dënschdeg, den 23. Abrëll huet déi Lénk hir Campagne fir d’Europawahlen 2019 mat engem grousse Meeting am Tramsschapp um Lampertsbierg lancéiert. Zesumme mat hire Kollege vun der European Left an der France Insoumise ass iwwert d’Visioun vun engem aneren Europa geschwat ginn – an datt et Mëttel gëtt fir géint Grousskonzerner, Steierdumping an Ëmweltverschmotzung op europäeschem Niveau virzegoen.

Et hat ee gehofft, et kéimen nach méi Leit. Ma effektiv huet et sech e Stéck wäit gelount gehat, de “Grand Meeting” 20 Minutte méi spéit unzefänken ewéi ugekënnegt. Eng 80 Leit hu sech schlussendlech deen Owend am Tramsschapp zesummefonnt, deen ënnert dem Motto “Eist Liewen. Net hir Profitter.” stoung.

Ënnert de Gäscht waren eng Rei Kandidate vun der France Insoumise (FI) souwéi der European Left hire Presidentschaftskandidat fir d’EU-Kommissioun fir d’Europawahlen de 26. Mee. Op der Bühn hunn den Nico Cué (European Left), den David Wagner (déi Lénk), d’Leïla Chaibi an de Manuel Bompard (FI) iwwert eng momentan futtis EU geschwat a wat een ënnerhuele kann fir se nees ze reparéieren.

Déi Lénk Europawahlen

Foto: Melvin Hatto/moien.lu

Sozial Ongerechtegkeet – sech net weider auserneendreiwe loossen

Déi lénk Parteie si sech europawäit eens, datt eng Konkurrenzpolitik net gutt fir d’Vollek ass. D’Leïla Chaibi werft bei hirer Ried d’Fro vun der sozialer (On-)Gerechtegkeet op. Jidderee misst innerhalb senge finanzielle Méiglechkeeten Steiere bezuelen. Et kéint also net sinn, datt Regierungen sech bekrichen, wien de Grousskonzerner de geréngste Steiersaz ubidde kann fir se bei sech ze lackelen. E Problem, op deen déi Lénk schonn oft higewisen hunn.

Et dierft ee sech duerch déi sozial Ongerechtegkeet net auserneendreiwe loossen, betount d’Leïla Chaibi. Bei villen Aarbechter vu Multinationalen herrscht groussen Näid vir, well ee beispillsweis am Ausland fir déiselwecht Aarbecht méi an der Pai kritt. Wichteg wier et, Gesetzer am europäeschen an nationale Kader esou unzepassen, datt d’Mataarbechter vu Grousskonzerner fir déiselwecht Aarbecht dann och de gläiche Loun kréien ewéi hir Kollegen am Ausland. D’Steieren fir Grousskonzerner missten deemno och op nationalem Niveau iwwerall gläich ugepasst ginn.

Aarbechter vu Fast Food-Ketten oder Vëloscoursieren falen dacks ënnert de Radar, wann et ëm gewerkschaftlech Hëllef a Schrëtter geet, beklot d’Leïla Chaibi. Et wéilt een och hinnen eng Stëmm op europäeschem Niveau ginn – dowéinst kandidéiert si och bei den Europawahlen.

D’Natur war schonn ëmmer “den Dommen”

Wärend sech d’Madamm Chaibi sech méi dem Thema vun der sozialer Ongerechtegkeet ugeholl huet, stoung beim zweeten FI-Kandidat Manuel Bompard déi ökologesch Transitioun am Mëttelpunkt. Dobäi betount hien, datt béid Hürde gemeinsam z’iwwerwanne sinn – de Kampf fir eis Natur a géint d’Grousskonzerner géif e Stéck wäit Hand-an-Hand goen.

Bei senger emotionaler Ried zum Klimaproblem huet de Manuel Bompard sech trotz optriedende Mikrofonproblemer net aus dem Konzept brénge gelooss, an huet vu sengen Nolauschterer tëschenduerch ëmmer nees vill Applaus kritt.

D’Natur ass a war schonn ëmmer “deen Dommen” – ka se jo net wierklech matschwätzen. A wa si sech wiere muss, dann oft als fatal Konsequenz a Form vun Naturkatastrophen. Dobäi sinn et meeschtens déi Äermst vun den Aarmen, déi dorënner leide mussen.

Wa (jonk) Leit sech also op de Stroosse mobiliséieren, dann ass dat net fir d’Klima ze änneren, mee de System, esou de Manuel Bompard. An dëse System soll d’Klima an d’Natur besser schützen. Schluss domat, de Klimaproblem ëmmer erëm no hannen ze verréckelen an ze soen: “Mir hu grad aner Problemer, déi mer léise mussen”, weist hie sech scho bal rosen. Deen ökologeschen Iwwergang soll dobäi hëllefen, sech a Richtung méi gerechte System z’organiséieren.

Wat misst also gemaach ginn, fir déi “gréng Energie” betriibsprett ze maachen? Den ökologeschen Iwwergang geet nëmmen, wa vill Suen an erneierbar Energien investéiert ginn. Et bräicht een also ëffentlech Gelder dofir. Komescherweis feelen déi awer, well se “iergendwéi” de Wee laanscht de Fiskus gepackt hunn, esou den Här Bompard. Esou kënnt et, datt eng Rei erkläerten Ziler eréischt fir a wäiter Zukunft gesat gi sinn an net scho fir 2020.

Déi Lénk Europawahlen

Foto: Melvin Hatto/moien.lu

Juncker an Draghi kréien der verbal laanscht d’Baken

Den Nico Cué, Presidentschaftskandidat vun der European Left, rifft dozou op, der rietser Zeen d’Stir ze bidden a weist drop hin, datt déi Europäesch Lénk eng aner Visioun vun Europa huet. Eng Visioun vun engem besseren Europa, dat sech fir de Mënsch an Ëmwelt asetzt.

Schliisslech géifen och mat der Rietser méi haart Zäiten op d’Aarbechterklass zoukommen wann ee mol hir Programmer méi genau ënnert d’Lupp hëlt, esou den Här Cué. De Grond firwat Orbán, Trump a Konsorten trotzdeem vun hir gewielt ginn, géif u feelenden Alternativen leien. Firwat soll de Minnenaarbechter ee wielen, deen de Kuelenofbau ofschafe wëll, wann op där anerer Säit een ass, deen engem de Géigendeel versprécht? Et misst ee sech dowéinst aner, realistesch Iddien afale loossen.

Dem gebiertege Spuenier a Gewerkschaftler säit jonkem Alter ass dat stännegt Rette vun de Banken e weideren Dar am Aen. Juncker a Co. hätten zesumme mam Mario Draghi Spillreegelen innerhalb der EU opgestallt, déi haaptsächlech den Aktionären an d’Kaarte spillen. D’Europäesch Zentralbank fiddert déi aner Banken, et gëtt wëll spekuléiert a vill Gewënn gemaach, wat d’Aktionären nees freet. An iergendwou ass iergendwann eppes laanscht de Fiskus komm.

Net auszedenken, wat een alles mat deene Sue fir d’Vollek maache kéint – Schoulen, Kliniken, Sportanlagen, a villes méi kéinte gebaut ginn. Et géif säitens der EU gréisstendeels duerno gekuckt ginn, datt d’Multinationalen e garantéierte Benefice hätten.

 

“Net, well mer déi schéinste sinn. Obwuel…”

Als leschte Riedner vum Owend huet dunn den David Wagner – quasi als Gastgeber – sech op d’Bühn gewot. Hien huet senge Virriedner zougestëmmt an nach eemol verdäitlecht, datt d’Grousskonzerner ëmmer méi Muecht hunn. Laangfristeg gesinn géif dës “Usammlung kapitalistescher Muecht” net nëmmen op internationalem Niveau schueden, ma och de Leit, déi hei versichen en normaalt Liewen ze féieren.

Ëmmer méi hätten déi “Risen” Afloss op d’Politik an eist Liewen. Esou géif een och ëmmer méi Gaascht-Virträg op Universitéite vu Multinationale gesinn. Den David Wagner freet an deem Kontext, wéi eist Liewen a wäiter Zukunft kéint ausgesinn, wann dës Entwécklungen deemnächst net mol gebremst géife ginn:

– Starbucks decidéiert, wat fir e Kaffi mir drénken

– Ikea, wat fir Miwwele mir brauchen

– Google, wat fir Säite mir besichen

– …

Déi Lénk wëlle weisen, datt een op europäeschem Level dogéint virgoe kann. Dofir stellt den Här Wagner d’Fro, firwat de Wieler sech da fir si entscheede soll. “Net, well mer déi schéinste sinn. Obwuel…”, seet den David Wagner mat engem Clin d’oeil – Laache mécht sech am Publikum breet. Et wier een net méi gescheit wéi déi aner Parteien an et hätt een och net déi “besser” Moral, esou hie weider. Dat, wat déi Lénk vun deenen anere Parteien ënnerscheede géif, wier d’Onofhängegkeet. Et wier ee fräi géintiwwer Lobbyen a grousse Konzerner.

Zum Ofschloss sinn dunn nach déi fënnef aner Kandidaten vun déi Lénk fir d’Europawahl op der Bühn virgestallt ginn:

– Mara Martins

– Sandrine Gashonga

– Gary Diderich

– Antoni Montserrat

– Carole Thoma

Dësen Treff sollt nëmmen de Startschoss fir eng opreegend Campagne sinn – a wien weess, vläicht och zu méi? A wahrscheinlech sinn déi meescht mam Nico Cué sengem Ofschlossgedanken Heem gaangen: “On n’est pas nombreux dans cette salle, mais on n’est pas seul.”

Foto: (v.l.n.r.) Leïla Chaibi, France Insoumise; Mara Martins, déi Lénk; Sandrine Gashonga, déi Lénk, Manuel Bompard, France Insoumise; Gary Diderich, déi Lénk; Antoni Montserrat, déi Lénk; Nico Cué, European Left; Carole Thoma, déi Lénk; David Wagner, déi Lénk © Déi Lénk

Ähnlech Sujeten David Wagner, déi lénk, Europawahlen 2019, European Left, France Insoumise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel