Search

You may also like

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch
Neiegkeeten

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Duerch déi dramatesch steigend Unzuel u Covid-Fäll zu Lëtzebuerg an

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…
Neiegkeeten

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…

Wann et stëmmt, wat de Wall Street Journal um Weekend

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al
Neiegkeeten

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al

Den 23. Oktober 1958 ass d’Gebuertsstonn vun de Schlumpfen, deemools

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie

déi Lénk hu sech mat dem vun der Regierung beschlossenen etappeweisen Austrëtt aus dem Corona-“Lock-Down“ befaasst, deen haut ufänkt. Wéinst senger wäitreechender Aschränkung vun der Beweegungs- a Versammlungsfräiheet, an de Stëllstand vu wäiten Deeler vum Liewen, konnt de Lock-Down just eng Virsiichtsmoosnam zur Andämmung vun der Verbreedung vun engem Virus sinn, dee sech weltwäit immens schnell verbreet huet a fir deen et bal keng wëssenschaftlech Erkenntnisser an nach keng unerkannt Therapie gëtt.

Esou wéi d’Gesondheet vun alle Bevëlkerungsschichten essentiell beim Veruerdne vum Lock-Down war, muss si et och beim Relachement vun de Moossname sinn.

Um Dag 1 vun der Exit-Strategie sinn eis Gedanke bei de Schichte vun der schaffender Bevëlkerung, déi am Interessi vun der Allgemengheet an nächster Zäit op der Bresche stoe wäerten, wéi d’Spidol- a Fleegepersonal, d’Personal vum Botzsecteur, an de Geschäfter, am ëffentlechen Transport, am Bausecteur an d’Léierpersonal.

Mir verlangen, datt all déijéineg, déi net Doheem schaffen, systematesch gestest ginn an esou eng fréizäiteg Erkennung, eventuell och Behandlung vun der Covid-19-Krankheet séchergestallt ka ginn. Schutzmaterialien mussen iwwerall an ausräichender Zuel zur Verfügung stoen. D’Mënsche mussen ee Recht op Entbindung a Réckzuch vun der Aarbecht kréien, wann hir Sécherheet net garantéiert ka ginn an/oder et sech ëm Persounen handelt, déi engem gréissere Risiko ausgesat sinn.

De Patronat am privaten an ëffentleche Secteur muss u seng aarbechtsrechtlech Verantwortung gebonne bleiwen, d’Sécherheet vu senge Salariéen ze garantéieren. Dëst kann net iwwert déi ëffentlech Krankekeesen gereegelt ginn, wëll zu enger Risikogrupp ze gehéieren oder sech ze weigeren, sech onnéideger Gefor aus mangelndem Schutz op der Aarbechtsplaz auszesetzen, ass keng Krankheet!

Mir wäerten eis och géint all Versich wieren, an Zukunft d’Grondrechter op Beweegungs- an Demonstratiounsfräiheet, d’Recht op kierperlech Integritéit, déi fräi Meenungsäusserung ënnert anerem duerch elektronesch Iwwerwaachungssystemer a Fro ze stellen an de gesondheetleche Krisemanagement zum Normalfall ginn ze loossen, wéi et sech Google, Apple, Big Pharma oder Black Rock virstellen.

Mir gesinn am Moment, wien d’Liewen um Lafen hält, och duerch den Teletravail. „Sous le Haut Patronage de nous-mêmes“ steet a grousse Buschtawe un der Fassad vun der Salariatskummer zu Lëtzebuerg geschriwwen. Dat muss endlech och dat ëffentlecht Liewen no der Kris bestëmmen!

Mir brauchen een opgekläerten a preventiven Ëmgang mat gesondheetleche Froen a mat dem Klimaschutz, sou wéi een Ëmdenken bei der Organiséierung vun den internationale Wirtschaftsstréim an der Nohaltegkeet vun eisem Liewen. Mir all hunn ee gutt Liewen verdéngt!

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherbild: © Jack Finnigan / Unsplash

Related topics Aschränkung, Beweegungs- an Demonstratiounsfräiheet, Covid-19, déi lénk, Exit-Strategie, Exitstrategie, Gesondheet, Lock-Down, Schutz, Schutzmaterial
Next post Previous post