Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet
Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun
Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun
Mam Value-Investing-Certificate erweidert de Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg seng
D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, de 25. Januar
De Femizid beschreift de mutwëllege Mord vun enger Fra duerch ee Mann, am Kontext vun engem Bestietnis oder enger Partnerschaft.
An der Äntwert, déi nom Delai um 12. Februar 2020 komm ass, bewäerten déi kompetent Ministeren d’Aféiere vum Term Femizid am Gesetzesbuch als net noutwenneg. Laut hinne géif de Femizid keng verschlechterend Situatioun am Verglach zum Mëssbrauch an der momentaner Legislatioun bréngen.
Déi Lénk weisen sech bestierzt iwwert dës Äntwert, déi eng Form vu sexistescher Gewalt, wou all Joer honnerten Affer a Frankräich gezielt ginn a souguer Dausenden a Mexiko, euphemiséiert a relativiséiert.
Ee virsätzlechen an wëssentleche Mord un enger Fra vun hirem Mann oder Partner ass keng Gewalt, wéi déi aner. Wat de Femizid ausmécht ass déi sozial Gewalt déi géint d’Frae geriicht ass an d’Opsetze vun enger maskuliner Suprematie. An der Majoritéit vun de Fäll fënnt de Femizid am Kontext vun enger Trennung, wou d’Frae flüchte wëllen, sech vun der männlecher Dominatioun an der Partnerschaft befreie wëllen, statt.
Fir déi Lénk sollt d’Unerkennung vum Term Femizid net d’Fro vu juristesche Formalitéite sinn. Et handelt sech virun allem ëm d’Unerkennung vun engem Phenomen, deen, fir korrekt bestrooft, gezielt a verwarnt ze ginn, och definéiert a genannt muss ginn. Wéi soll een Femizid eigentlech virbeugen, wann ee sech an dëser Saach esou blann an desinteresséiert op politeschem a juristeschem Niveau weist? Wei kann ee seriéis Donnéeën zu dëser spezifescher Form vu sexistescher Gewalt produzéieren, wann et keng juristesch oder politesch Definitioun gëtt?
Déi Lénk bestinn drop, datt de Femizid am Gesetzesbuch abezu gëtt, do wou schonn den Homozid, de Parrizid an Infantizid stinn, an et och vun der gesamter Politik unerkannt gëtt.
Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu