Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod
Neiegkeeten

Brexit: Europa stellt seng Konditioune fir eng Transitiounsperiod

E Méindeg huet d‘EU fir d‘Transitiounsperiod nom Brexit seng „rout

Vill Froen am Stater Gemengerot
Neiegkeeten

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol

laughing
Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of
Neiegkeeten

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Bei sengem Besuch zu Washington, huet den däitschen Ausseminister matgedeelt,

„Oprëschte fir de Fridden?“: déi lénk zum NATO-Sommet

„Oprëschte fir de Fridden?“: déi lénk zum NATO-Sommet

Fir déi lénk stinn d‘Aussoe vum Premierminister Xavier Bettel (DP) an dem Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP), déi si nom NATO-Sommet vum 11./12. Juli zu Bréissel gemaach hunn, am Widdersproch zu der gemeinsamer Erklärung vun den 29 NATO-Länner.

Während sech de Premierminister domatter bretzt, Lëtzebuerg kéint net méi wéi déi 0,6% vum BIP bei Militärausgabe verkraaften, schwätzt de Verdeedegungsminister vu „verréckten Iddien“ déi den Donald Trump soll hunn. An awer hunn sech all 29 NATO-Länner fir eng Erhéijung vun eben dëse Militärausgaben op 2% vum BIP verstännegt.

D‘Strategie, déi d‘Regierung an dësem Beräich am Juli 2017 virgestallt hat, weist, datt een déi Militärausgabe kengesfalls op 0,6% vum BIP begrenze wëll.

Do huet et anerem geheescht, datt „op der Basis vun den disponibele Wuesstemsprevisiounen Ufank 2017, de Verdeedegungseffort 2020 410 Milliounen Euro iwwertreffe wäert, fir esou d‘Objektiv vun den 0,6% vum BIP zu dëser Echeance ze erreechen (…) Iwwer 2020 eraus, huet d‘Regierung entscheet eng bestänneg Erhéijung vum Verdeedegungseffort virzegesinn“.

Déi lénk widdersetzen sech dëse Pläng vehement a verweisen an dësem Zesummenhang op hir Verweigerung: den Ausgabe fir de Militärsatellit „GovSat1“ (125 Milliounen), den neien Iwwerwaachungssatellit NAOS (170 Milliounen) an den Transportfliger A400M (420 Milliounen inklusiv Betrib- an Entretienskäschten) zouzestëmmen.

Nee zur NATO

Si dann och der Usicht, datt ewell d‘Erhéijung vum Verdeedegungshaushalt vun 210 Milliounen am Joer 2014, op da 410 Milliounen am Joer 2020, schonn opgrond den dréngende soziale Problemer am Land, schlicht an ergräifend skandaléis ass.

Et dierf dann och drop higewise ginn, datt d‘Militärausgabe weltwäit nach ni esou héich waren. Friddensfuerscher warnen dann och viru steigende Rëschtungsausgaben, déi a kenger Manéier zu enger friddlecher Léisung vu Konflikter bäidroen, mee éischter zu enger Intensivéierung féieren.

Déi lénk widdersetzt sech der aktueller Oprëschtungsspiral a setzt vir d‘Opléisung vun der NATO an. An der Plaz vun der NATO, soll d‘Sécherheet vun Europa vun engem kollektive Projet assuréiert ginn. Dëse Projet kann allerdéngs och nëmmen da matgedroe ginn, wann dësen exklusiv op Verdeedegung ausgeluecht ass.

Foto: De Protest zu Bréissel ass vu vill Medie „kleng gehale“ ginn, en huet awer Stattfonnt. Éischt Manifestatiounen hat et dann och schonn den 7. an 8. Juli ginn. Interessant och de Constat, datt déi wou vu sech behaapte fir d‘Sécherheet vun Europa anzestoen, déi sinn, wou sech hannert décke Barrikaden a schwéier bewaffenten Zaldoten, virun eben deene verstoppen déi se schütze wëllen. © Aris Oikonomou/AFP

Ähnlech Sujeten déi lénk, Etienne Schneider, NATO-Sommet, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel