Search

You may also like

Konstruktiv Entrevue tëscht dem Etienne Schneider an der Patiente Vertriedung Asbl
Neiegkeeten

Konstruktiv Entrevue tëscht dem Etienne Schneider an der Patiente Vertriedung Asbl

Am Kader vun der Entrevue tëscht dem Gesondheetsminister Etienne Schneider

Juristesch Néierlag fir den US-President
Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

surprise
Schwätzt dir Lëtzebuergesch?
Neiegkeeten

Schwätzt dir Lëtzebuergesch?

Mat zwee neie Bicher kann sech de nationale Sproochen-Institut (INL)

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan

De 17. Juli ass tëscht Japan an der EU de Fräihandelsaccord (JEFTA) ënnerschriwwe ginn. Fir déi lénk mécht dës Ënnerschrëft däitlech, datt d‘EU-Kommissioun näischt aus de Protester ronderëm de CETA an den TTIP geléiert huet.

Fir déi lénk, geet d‘EU-Kommissioun, no de Protester géint CETA an TTIP, nees onbekëmmert zur Dagesuerdnung iwwer. Déi grouss Versprieche vun „Transparenz“ sinn längst nees vergiess, an déi sëlleche Kritikpunkte géintiwwer der EU-Handelspolitik huet een Zu Bréissel anscheinend och net matkritt. Dobäi enthält d‘Fräihandelsofkommes mat Japan, zimlech identesch Bestëmmunge wéi ebe CETA an TTIP.

De Sozialofbau virundreiwen

Esou gëtt bei der Liberaliséierung vun den Déngschtleeschtungen op e neits mat enger „Negativlëscht“ geschafft, déi grondsätzlech ëffentlech Déngschtleeschtungen nëmmen onzouräichend schützt. Déi reglementaresch Kooperatioun géif, esou déi lénk, sozial an ekonomesch Standarden ënnergruewen, oder op mannst afréieren.

Op där aner Säit ass de Kapitel zur nohalteger Entwécklung wéineg verbindlech: Verstéiss géint dës Bestëmmunge kënnen net sanktionéiert ginn. Och den Schutz fir Investisseure gouf virleefeg ausgeklamert. Wéi deen emol soll ausgesinn, ass nach net gewosst.

Ontransparent well geféierlech?

Déi lénk stellt dann och beim JEFTA kloer, datt wéi gewinnt d‘Verhandlungen hanner zouen Dieren, also voll ontransparent, ofgelaf sinn. Si bedaueren an dësem Dossier, datt et ausser iwwerflächleche Berichter zu de Verhandlungsronnen, kengerlee Informatiounen no Bausse gedronge sinn.

Hätt et bei de Verhandlungen zum TTIP nach gesënnert Raim ginn, wou d‘Parlamentarier en Abléck an d‘Gespréicher erhalen hunn, esou war dat beim JEFTA net méi de Fall. Hei sinn, an dat veruerteelt déi lénk, déi national Parlamenter viru vollendet Tatsaache gestallt ginn.

Dësen ondemokratesche Fräihandelsaccorde widdersetzt sech déi lénk. Hiren eenzegen Zweck wier et, d‘Bedierfnesser vun de multinationale Konzerner ze erfëllen. Déi lénk trëtt an fir eng alternativ Handelspolitik, déi sozial, ökologesch an demokratesch Gesiichtspunkten an de Virdergrond stellt.

Si haten dann och virun e puer Wochen d‘Regierung opgefuerdert, de Fräihandelsaccord JEFTA net ze ënnerschreiwen. Déi lénk haten um Krautmaart eng entspriechend Motioun virgeluecht, déi zwar kuerz diskutéiert, net awer ugeholl ginn ass.

Related topics déi lénk, EU, Fräihandel, Japan, JEFTA
Next post Previous post