Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier
Meenung Neiegkeeten

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung
Meenung Neiegkeeten

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung

Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST
Meenung Neiegkeeten

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST

Säit elo 2008 gëtt et de Festival vum zentral- an

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

Black-Lives-Matter-Protester a Rassismus an den USA an an Europa

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

déi Lénk ënnerstëtzen d’Protestbeweegung an den USA an an Europa a fuerderen vun der Lëtzebuerger Regierung sech och op der Plaz méi staark géint Rassismus anzesetzen.

Den George Floyd ass um 25. Mee vum amerikanesche Staat ëmbruecht ginn: Hien ass gestuerwen nodeems e Polizist 8 Minutten a 46 Sekonne laang op sengem Hals geknéit huet, wärend de Floyd ouni Succès sot: „I can’t breathe“. D’Breonna Taylor, eng 26 Joer jonk Infirmière ass um 13. Mäerz zoufälleg an hirer Wunneng vun der Police erschoss ginn. Den Eric Garner gouf um 17. Juli 2014 vum amerikanesche Staat ëmbruecht: Hien ass gestuerwen, nodeems e Polizist hie minuttelaang am Wiergegrëff gehalen huet, wärend de Garner 11 Mol ouni Erfolleg gefleet huet „I can’t breathe“.

D’Mënschen an den USA ginn net wéinst eenzele rassisteschen Tëschefäll a Massen op d’Strooss. Si demonstréieren géint den strukturelle Rassismus, deen d’USA schonn ëmmer bestëmmt huet, a virun allem géint déi undauernd an zuelräich Entmënschlechungen an Ermuerdunge vun Afro-AmerikanerInnen duerch de Staat a selwer-ernannt wäiss Zivil-Wuechten.

Rassismus ass net just eng perséinlech Astellung, mee e Gesellschaftsmodell an deem net-wäisser manner Wäert si, wéi wäiss Mënschen, an ee Gesellschaftsmodell an deem dës Mënsche just Mëttel zum Zweck sinn. An den USA, an och an Europa.

géint Rassismus

© Joseph Ngabo / Unsplash

Keng Bevëlkerungsgrupp an den USA gëtt méi oft ouni Grond Affer vu Policegewalt, wéi Afro-AmerikanerInnen. Keng Bevëlkerungsgrupp gëtt méi oft duerch eleng op si zougeschnidde Gesetzer an de privatiséierte Gefängnissystem befërdert, an deem d’USA ronn ee Véierel vun alle Gefaangene vun der Welt hält. Déi amerikanesch Police schafft scho säit Joerzéngte mat militäreschem Material. Kaaft fir der Waffenindustrie Opträg zouzeschanzen, gerechtfäerdegt duerch eng „schwaarz“ Gefor, déi onbedéngt weiderbestoen an duerch mediatiséiert Asätz inzenéiert muss ginn fir och weider aus Waffen an dem „prison-industrial compley“ Kapital schloen ze kënnen.

Mir erënneren eis un déi gepanzert Gefierer zu Ferguson, Missouri, 2014, nodeems d’Police de Michael Brown ugeschoss a 4 Stonne laang op der Strooss verbludde gelooss huet. Spéitstens säit dem President Trump sengen Dreeungen géint de Wëlle vun de Gouverneuren d’Militär an d’Stied ze schécken fir d’Vollek ze „dominéieren“ erënnere mir eis och un d’Panzer an de brennende Stroosse vun Detroit 1967 an un d’Onroue vu Los Angeles 1992.

géint Rassismus

© Gayatri Malhotra / Unsplash

Mir erënneren eist awer och un déi an Europa ëmmer nees beschwuere Gefor duerch Geflüchteter an un de virun allem an Zich, Garen a Fluchhäfen ugewannt „racial profiling“, bei deem déi „d’Rass“ duergeet fir eng Policekontroll ze rechtfäerdegen. Mir erënneren eis un d’Militariséierung vum Mëttelmier. Déi all Joer honnerten Doudeger fuerdert. Mir erënneren eis un déi vun der Police an Däitschland ëmbruechten Oury Jalloh a Laya-Alama Condé. Mir erënneren eis un den Amadou Koumé an d’Adama Traoré a Frankräich. Mir erënneren eis un déi onzielbar Aner, déi och an Europa duerch hir „Rass“ vun der Police verfolleg an ermuert gi sinn.

Keng Bevëlkerungsgrupp an den USA war an ass méi staark vu Corona betraff, wéi Afro-AmerikanerInnen. Dat selwecht gëllt fir Schwaarzer an England. An Däitschland goufen am Ufank vun der aktueller Infektiounswell iwwerfëllt Flüchtlingsheemer vun der Police einfach vun der Aussewelt ofgerigelt, wärend am Banneschte de Virus ronderëm gaangen ass, zuelräich Mënschen infizéiert an ëmbruecht huet. Zu Lëtzebuerg hu Geflüchteter de Confinement deels an Raim ouni Fënsteren a Containeren aussëtze mussen.

Keng Bevëlkerungsgrupp an den USA gëtt wirtschaftlech méi staark ausgebeut wéi Afro-AmerikanerInnen. Mee och op de Plantage vun Europa ginn „illegal“ MigrantInnen aus Sub-Sahara-Afrika an ënnert anerem Sklaverei-ähnleche Verhältnisser ausgebeut, fir datt zu Lëtzebuerg an aneschtwou Liewensmëttel bëlleg bleiwen. D’Staatsgewalt, an Italien zum Beispill, dréckt dobäi net just een A zou, mee hëlleft AarbechterInnen, déi hir Rechter afuerderen, ze expulséieren.

géint Rassismus

© Koshu Kunii / Unsplash

Déi 2018 verëffentlecht europäesch Etüd „Being Black in Europe“ a Folgeevenementer zu „Being Black in Luxembourg“ hunn eréischt viru kuerzem nees gewisen, datt och zu Lëtzebuerg de Rassismus, besonnesch géint Schwaarzer, net just an de Käpp, mee an de gesellschaftleche Verhältnisser déif verwuerzelt ass. Och hei am Land stoussen Diskriminéierung an Ausbeutung um Aarbechtsmaart besonnesch op.

Den op Video festgehalene Mord um George Floyd beweist nees, datt Rassismus weiderhin ëmbréngt. D’Mobiliséierung fir d’Gerechtegkeet fir den George Floyd an aner Affer vu Policegewalt weisen awer och, datt de Rassismus net weider akzeptéiert gëtt. De Weckruff „Black Lives Matter!“ erënnert eis dorun och an Europa an a Lëtzebuerg géint déi strukturell Ausbeutung vun net-wäissen, a besonnesch schwaarze Mënschen ze kämpfen.

déi Lénk si solidaresch mat de Protestbeweegungen an den USA. Déi Lénk ënnerstëtzen och d’Beweegungen vun Afro-Descendants zu Lëtzebuerg a kämpfe géint Rassismus a Faschismus an alle Formen, zu all Zäit, iwwerall. Dofir fuerderen déi Lénk d’Lëtzebuerger Regierung dozou op, sech an der Welt an op der Plaz géint all Form vun Diskriminéierung, a besonnesch géint strukturelle Rassismus anzesetzen. Eis Matmënschen dierfen net weider zum Géigestand oder zur Wuer reduzéiert ginn, zur ausgebeuter onsiichtbarer Aarbechtskraaft, zum Alibi fir d’Uschafung vu Police- an Iwwerwaachungsmaterial.

déi Lénk fuerdere besonnesch:

  • Regierung a Parlament mussen, op direktem Wee an iwwert d’Europäesch Unioun, d’USA fir hire strukturelle Rassismus uprangeren a sech bedéngungslos fir de Schutz vun den Demonstréierenden asetzen;
  • Regierung a Parlament musse sech kloer an däitlech géint eng Militariséierung vum Mëttelmier asetzen a fir eng Stäerkung vun den humanitäre Strukturen un den europäeschen Baussegrenzen;
  • Regierung a Parlament musse wirtschaftlech Kontroll- a Strofmoossnamen zum Schutz vu Mannerheete schafen. Den Handel mat Wueren, déi ënnert mënscheveruechtende Bedéngungen an Europa oder anzwousch anescht produzéiert gi, muss verbueden a Staaten déi dëst ënnerstëtze virun der europäescher Gerichtbarkeet verantwortlech gemaach ginn;
  • Regierung a Parlament musse sech géint Diskriminéierung am Bildungssystem asetzen, déi net-wäiss Mënschen duerch rassistesch Stereotyppen a Formatioune mat méi geréngen Akommensperspektiven orientéiert, an aktiv Moossname fir méi Diversitéit an Integratioun an alle Bildungsformen an op alle Bildungsstufen ënnerhuelen;
  • Regierung a Parlament musse wierksam Kontroll- a Strofmoossname géint Diskriminéierungen um Wunnengsmaart schafen, wou Geflüchteter an net-wäiss Mënsche weiderhin duerch hir Hierkonft an Identitéit benodeelegt ginn;
  • Regierung a Parlament musse sécherstellen, datt och a Lëtzebuerg kee racial profiling praktizéuert gëtt;
  • Regierung a Parlament mussen de Centre pour l’égalité du traitement endlech zu enger wierkungskräfteger Institutioun maachen, ënnert anerem doduerch, datt de Budget erhéicht gëtt, eng schnell an aktiv Mataarbecht an Ënnersichunge vum CET ënnert Strof zur Flicht maachen an dem CET d’Recht ginn géint Diskriminéierung viru Geriicht ze kloen.

Rassismus ass net just eng Meenung, mee virun allem och e System vu wirtschaftlech motivéierter Ausbeutung an Ausgrenzung. Opklärung a Bildung si wichteg, mee ginn bei der Bekämpfung vu Rassismus net duer. Dofir muss de Kampf géint de Rassismus an den USA, an Europa, zu Lëtzebuerg – ëmmer och ee Kampf dogéint sinn, déi materiell a perséinlech Plus-value aus der Entwäertung vun Aneren ze zéien.

Matgedeelt vun déi Lénk

déi Lénk schléisse sech dem Opruff vu Lëtz Rise Up un, fir haut um 14 Auer virun der US-Ambassade ze demonstréieren a rifft dozou op och do Presenz ze weisen a Solidaritéit auszedrécken.

Opmaacherbild: © Clay Banks / Unsplash

Ähnlech Sujeten Afro-Amerikaner, Ausbeutung, Ausgrenzung, Bevëlkerung, déi lénk, Diskriminatioun, géint Rassismus, George Floyd, Gerechtegkeet, Policegewalt, Trump, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel