Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Trump entléisst säin Ausseminister
Meenung Neiegkeeten

https://moien.lu/down-to-earth-dating-profile/

Mat engem „kuerzen“ Tweet huet den Donald Trump um Dënschdeg

hair makeover dating 2
Meenung Neiegkeeten

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift

Wien Atomverträg oniwwerluecht kënnegt, mat Jänni a Männi en Handelskrich

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek
Meenung Neiegkeeten

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert

déi Lénk zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Ee verbesserten Déngscht fir de Client erfuerdert méi Presenz, amplaz manner!

déi Lénk zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

Um 1. Mäerz 2020 gëtt de gesamten ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Dobäi handelt et sech och ëm eng laangjäreg Fuerderung vun déi Lénk. An dësem Zesummenhang huet déi national Eisebunnsgesellschaft, zesumme mam Nohaltegkeetsminister, viru kuerzem eng Pressekonferenz aberuff, fir souwuel d’Ëffentlechkeet ze informéieren, mee och fir déi béid bei der Eisebunn täteg Gewerkschaften ze berouegen.

Si stoungen der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport vun Ufank u kritesch géigeniwwer, och aus Suerg ëm d’Aarbechtsplazen. Dës war wuel och berechtegt. D’CFL wëll, no eegenem Bekunden, den Déngscht um Client op eng nei Qualitéitsstuf stellen. Dat soll mat Hëllef vun enger verbesserter Informatiounspolitik a virun allem duerch méi Proximitéit um Client geschéien.

Bei de brennende Personalfroe gëtt ersiichtlech, datt déi vermeintlech Clients-Proximitéit och eng Kéiersäit huet. Wëll mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport um 1. Mäerz 2020 ginn 8 vun 10 verbleiwend Ticketschalteren zou gemaach. Domat gëtt de virun e puer Joer ugefaangenen Ofbau vun Ticketschalteren an der Fläch ofgeschloss.

Den Hiweis vun der CFL, datt den Ticketverkaf zu Esch iwwert d’TICE-Schalteren ofgewéckelt soll ginn, berouegt just bedéngt. Fakt ass: Den Ticketverkaf gëtt zentraliséiert a wie kee Computer a keen Internet huet, ass gebieden an d’Stad Lëtzebuerg oder op de Belval ze fueren, fir een internationalen Ticket ze kafen.

Bei hirem Pressecommuniqué weist d’CFL dorop hin, datt déi Beschäftegt, déi vum Zoumaache vun de Schalter betraff sinn, sech als Opsiichtsbeamten oder Empfangsperosnal melle kënnen. Hir Aarbechtsplaz gëtt also vum Ticketschalter op d’Gleis verluecht. Dat ännert sou munches fir déi betraffen Ugestallten.

Wou d’Personal verstäerkt soll ginn, bleift ee Geheimnis. D’Zuel u Geeschter-Garë gëtt also an Zukunft net manner. Dorun ännere Kameraen an Noutruffseilen éischter wéineg.

Fazit: déi Lénk appreciéieren d’Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport als Deel vun der ëffentlecher Dosinnsvirsuerg. déi Lénk sinn awer dovun iwwerzeegt, datt den ugekënnegten Ofbau vu Schalteren – zwee grousser gi schonn am Hierscht 2019 zou gemaach – den Déngscht fir de Client net verbessere wäerten.

Matgedeelt vun déi Lénk – iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten CFL, déi lénk, Gratis Ëffentlechen Transport, Kritik, Schalter, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel