Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng
Neiegkeeten

Dës Studentin wëll an engem Mount e ganze Roman schreiwen – an ass bei wäitem net eleng

D’Kiara Roth huet sech vill fir de November virgeholl: D’Studentin

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider
Neiegkeeten

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

E Méindeg ass et am venezuelanesche Muechtkampf, deen de selwer

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?
Neiegkeeten

Bookmundi: Wéi eng Vakanzelänner sinn am Séchersten?

Mat der Schoulvakanz steet elo fir déi meescht Famillen eng

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange

déi Lénk: Fir dat direkt Fräiloossen an d’Verhënnere vun enger Ausliwwerung vum Julian Assange

D’Partei vun den europäesche Lénken an déi Lénk verlaangen dat direkt Fräiloosse vum Journalist a Begrënner vun der Wikileaks Plattform, dem Julian Assange, dem säin Ausliwwerungsprozess um 24. Februar 2020, zu Woolwich Crown Court ugefaangen huet.

déi Lénk an den zu Berlin versammelten Exekutivbüro vun den EL begréissen a weisen sech solidaresch mat de villen Demonstranten, déi gëschter géint d’Ausliwwerung vum Julian Assange un déi Vereenegt Staaten op d’Strooss gaange sinn. Am Fall vun enger Ausliwwerung dreeën dem Assange 18 Ukloen ënnert dem Spionageakt vun 1917 a bis zu 175 Joer Prisong. Dat, fir „Verbriechen“, zu deene fir all Gesellschafte vun der Welt bedeitend Akte vum Journalismus gehéieren, virun allem wéinst hiren Enthüllungen iwwert déi aktuell amerikanesch Kricher, wéi d’Iraq War Logs, d’Krichsrapporten aus Afghanistan, Cablegate a Videoopname vu Kollateralmorden.

De Fall Assange ass eng vun de bedeitenste Verhandlungen iwwert Pressefräiheet vun eiser Epoche, mat eeschten a wäitreechende Suite fir d’Bierger- a Grondrechter.

Mir verfollege mat grousser Hoffnung, datt weltwäit Stëmmen an Initiativen d’Fräiheet vum Julian Assange fuerderen a seng Behandlung am Prisong kritiséieren. D’Sonnerberichterstatter vun de Vereenten Natiounen zur Folter, Nils Melzer, huet no enger Visitt vum Assange festgestallt, datt dësen „all typesch Symptome vun Affer vu verlängerter psychologescher Folter“ gewisen huet.

Mir fuerderen dat Vereent Kinnekräich op, de Julian Assange direkt fräizeloossen. Souguer nom Brexit bleiwen dat Vereente Kinnekräichun déi europäesch Mënscherechtskonventioun an den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gebonnen. Dës stellen de leschte Schutz vum Julian Assange senge Rechter op ee gerechte Prozess duer, fräi vu Folter an onmënschlecher Behandlung. Ee Schutz, deen eng Ausliwwerung un d’USA grondleeënd a Fro stelle géif.

Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Foto: David G. Silvers CC BY-SA 2.0

Ähnlech Sujeten Ausliwwerung, déi lénk, Fräiloossung, Groussbritannien, Julian Assange, Mënscherechter, Pressefräiheet, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel