Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et um Echangeur Stroossen um 26.

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp
Neiegkeeten

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp

„Wann een dem Pierre Gramegna gleewe soll, sinn d’Staatsfinanze kärgesond.

20 Joer – 20 Magier – 200 Zuschauer
Neiegkeeten

20 Joer – 20 Magier – 200 Zuschauer

E Samschdeg den 12. Oktober huet de Magica-Club Lëtzebuerg säin

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich no der Koherenz am Koalitiounsaccord, an de Marc Baum bréngt et op de Punkt: „Dem Programm vun der Regierung feelt et u Perspektiven“. Hien ass der Usiicht, datt sech déi Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng, fir d‘Kontinuitéit entscheet hunn, well si sech net den Erausfuerderungen déi op d‘Land duerkomme stelle wollten.

Fir déi lénk ass dann och de Volet: „Legaliséierung vum rekreative Cannabis“, déi eenzeg wierklech remarkabel Nouvelle, déi aus dësem Programm ze enthuelen ass. Woubäi et nach dierft e wäite Wee sinn, fir dëse Projet och esou d‘Been ze stellen, dat en Aussiicht op Erfolleg huet. Enttäuscht ass een dann op e neits datt d‘Finanzen an den Hänn vun de Liberale gelant sinn, mee wien da soss?

A gesicht gëtt och nom „roude Fuedem“ deen d‘Sozialisten an de Regierungsprogramm hätte sollen afléisse loossen. Fir den Deputéierte vun déi lénk wier ersiichtlech, datt d‘LSAP hei vill, ganz vill Waasser an hir Wäi geschott huet, sech wäit ënner Wäert verkaf hätten. Esou bleift dann och nach just d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport als sozial Errongenschaft iwwreg.

Datt déi „Iddi“ net vun de Sozialiste virgestallt gouf, mee sech op eng grouss parteiiwwergräifend Zoustëmmung ka beruffen – d‘ADR fuerdert datt schonn zanter 20 Joer, d‘Piraten hunn et säit hirem bestoen am Programm, déi gréng an d‘Demokraten haten et schliisslech och zum Thema am Wahlkampf gemaach – sollt een awer net ënnerschloen. Mee et kënnt jo, an dat ass gutt esou…

D‘Landesentwécklung net dem Kapital iwwerdroen

Wat déi nei Legislaturperiod betrëfft, esou ass ee bei déi lénk iwwerzeegt, datt eis Problemer weider wäerten zouhuelen. Dat läit dorunner, datt d‘Regierung d‘Entwécklung vum Land an d‘Hänn vum Kapital an dem Privatsecteur leet, an do kann de Bierger net de Beneficiaire sinn. Verständlech wann de Revenu vum Kapital 5 mol manner besteiert gëtt, wéi d‘Akommes duerch Aarbecht.

Aus dem Regierungsprogramm géif zudeem net ervirgoen, wéi e gedenkt sech der Ofhängegkeet vun der Finanzplaz ze entleedegen. Mee hei ass den Afloss op d‘Politik esou grouss, datt et do den Ament keen dierft ginn, dee sech mat der Finanzwelt wëll uleeën. Déi spillt och eng net grad onerhieflech Roll bei der Digitaliséierung an der Entwécklung vum Digitalen zu Lëtzebuerg.

Beim Thema „Natur an Ëmwelt“ ass de Marc Baum der Meenung, datt wiesentlech méi Efforte musse gemaach ginn. Efforten an där Hisiicht, datt eng „ekologesch Transitioun“ muss mat de sozialen Aspekter verknäppt ginn. Déi „politesch Linn“ vun déi gréng wier generell ondäitlech. An hir Zouso de Militärbudget ze erhéijen, ass nëmmen ee Beispill ënner villen.

Zu gudder lescht ass een dann awer och bei déi lénk ganz frou dierfe festzestellen, datt eist Land am Géigesaz zu villen aneren EU-Memberlänner net dem Nationalismus verfall ass, och wa si der Usiicht sinn, datt dës Regierung net genuch driwwer nogeduecht huet, wéi e Bild si vum engem „Lëtzebuerg 2023“ no bausse wëlle presentéieren. Si wäerte jiddefalls un hirer Linn festhalen.

Ähnlech Sujeten Chamber, déi lénk, Koalitiounsaccord, Oppositioun, Regierungserklärung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel