Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima
Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

money
Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“
Neiegkeeten

Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“

Bei der Pressekonferenz vun der ALFI, déi sech op déi

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?
Neiegkeeten

Nogefrot: Wéi gesäit et an eise Prisongen a mat de Strummerten aus?

Datt d‘Berichterstattung – besonnesch fir kleng Redaktiounen – sech an

Wéi een Zu Lëtzebuerg mat onerwënschte Locatairen ëmgeet

Laut déi lénk Stad, hunn d‘Expulsioune vu Locatairen an der Haaptstad no Beendegung vum Etat de Kris nees am grousse Stil zougeholl

Wéi een Zu Lëtzebuerg mat onerwënschte Locatairen ëmgeet

Wéi et vun déi lénk Stad um Samschdeg matgedeelt ginn ass, huet et am August 18 Expulsiounen a schonn 7 fir de September ginn. Si hunn dorops hin de Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg kontaktéiert, déi am Fall vun engem „déguerpissement“ – entspriechend dem „Bail à Loyer“ Gesetz vum 21. September 2006 – fir de Relogement zoustänneg ass, fir gewuer ze gi wat gemaach gëtt.

Laut déi lénk Stad, ass de Service Logement um Courant a stéisst mëttlerweil u seng Grenzen. Et gëtt, datt ass jo och kee Secret, schlicht an ergräifend kee Wunnraum. Gëschter huet déi lenk Stad, zesumme mat „diem25“ eng Protestaktioun vum „Mieterschutz Lëtzebuerg“ op 55 Glesenerstrooss ënnerstëtzt, wou déi 8 Familljen déi a miwweléierten Zëmmer logéieren, sollen op d‘Strooss gesat ginn. Dëst Haus, ass de 27. Dezember 2018 vun der Holding „Halycon Glesener Sàrl“ kaf ginn.

Et ass eng vun den zu Lëtzebuerg typeschen Acquisitiounen am Kontext vun de spezialiséierten Investitiounsfongen (FIS) déi grondsätzlech emol als Spekulatioun ze betruechten ass, hei wuel éischter d‘Zil verfollegt, d‘Haus esou ze restrukturéieren, datt méiglechst finanzstaark Locatairen anzéien. Woubäi de Loyer vun dëse miwweléierten Zëmmer elo och alles anescht wéi sozial ass.

lénk

Zumindest hat ee bei der Halycon Glesener Sàrl esouvill Anstand de Locatairë Bescheed ze soen, datt si geschwënn am däischtere géife sëtzen. (Quell: Gary Diderich/Facebook)

De genannte Proprietär, dee sech enger Stellungnam verweigert huet – an och gedreet huet datt sollte mir eleng hire Numm nennen, si mat alle juristesche Mëttel géife géint eis virgoen – dreet domadder de Stroum an d‘Waasser ofzespären. Ee bei eisen däitschen Nopere probat agesate Mëttel, fir de Bewunner vum Haus lass ze ginn. Et heescht esouguer, datt een d‘Wäschmaschinn wéilt ewechhuelen. D‘Awunner hu gëschter dogéint e Protestpiquet Ënnerstëtzung organiséiert.

Op a wéi de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg gedenkt géint esou Methode virzegoen, a méi generell: op et net un der Zäit wier, datt sech de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) op der Plaz sollt ee Bild mat eegenen Ae maachen, ass zur Stonn net gewosst. Sollt awer de Minister, dee bekanntlech säi soziaalt Engagement ëmmer bekräftegt, heizou schweigen, wier dat krass.

Mee och de blo-schwaarze Schäfferot wäert dëser sech ëmmer méi gravéierender Situatioun elo net ouni Kommentar kënnen entzéien. Wann et sécher richteg ass, datt et do kaum Rechtsmëttel gëtt, esou misst, wann et schonn net méiglech ass d‘Hebergementskapassitéite fir „dréngend Fäll“ ze erhéijen, hei zumindest een däitlech politesche Positionnement méiglech sinn. Sollt esou eng Stellungnam net méiglech sinn, ënnerstëtzen si zesumme mam Minister déi ugewannt Methoden.

Foto: Vill méi wéi stëll ze protestéieren an op engem Kartong fir d‘Recht op Wunnen hinzeweisen, hunn d‘Leit déi iwwert dem Geschäft OUNI op 55 Glesenerstrooss wunnen, net. Och déi si ënnerstëtzend Organisatiounen a politesch Acteuren, hu wéineg bis guer keng Méiglechkeet, dës Verdreiwung mat onbeschreifleche Methoden ze konterkaréieren. (Quell: Gary Diderich/Facebook)

Ähnlech Sujeten déi Lénk Stad, Gary Diderich, Halycon Glesener Sàrl, Henri Kox, Logement, Logementskris, Lydie Polfer, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel