Search

You may also like

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer
Neiegkeeten

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer

Et war nawell vill Lass am Kulturzenter „Am Sand“ zu

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?
Neiegkeeten

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Op hirem Nationalkongress zu Rolleng huet déi lénk de Bilan vun der leschter Legislaturperiod gemaach, an ass esou dann och iwwerzeegt, bereet fir de Wahlkampf ze sinn. E Wahlkampf deen si am Interessi vum a fir de Bierger wëlle féieren.

Si sinn dann och der Usicht, datt déi aktuell Regierungskoalitioun hirem Optrag net gerecht ginn ass. Wuel hätt se versicht sech vun der verstëbsten CSV-Politik ofzesetzen, dat wier awer nëmmen zu Gonschte vun enger „sozialer Keelt“ gelongen. Dat féiert zum Schluss, datt den aktuelle politesche Modell laangfristeg net ze halen ass.

A well déi lénk och iwwerzeegt sinn, datt d’Regierung näischt gebak kritt, wëll si neie Wand an d’Politik bréngen. Datt dat keng einfach Aufgab ass, weess een awer och bei déi lénk. Et gi vill Chantieren: Ekonomie, Ëmwelt a Soziales. Dat unzegoen an de zukünftege Generatiounen nach Sécherheet ze bidden, sinn d’Prioritéiten déi sech déi lénk gesat huet.

Demokratesch Revolutioun

Déi lénk, eng Partei mat verhältnesméisseg wéineg Memberen, muss an de Walen de Bierger an de Wieler erreechen. Si gesinn sech dann och als déi „Alternativ“ fir all déi Mënschen déi den traditionelle Parteie sat sinn, Parteien déi ouni Iwwerraschung dohier kommen. Mee och Parteien déi d’Interesse vun hire Wieler net respektéiere géifen.

Um Riednerpult rifft de Serge Urbany d’Militanten zu enger „demokratescher Revolutioun“ op. Et misst een dem Kapital kloer Grenzen zéien. Dat am Interessi vun de Bierger a fir d’Aflossnam vun der Regierung op wirtschaftlech Entscheedungen ze stäerken.

De Marc Baum vertrëtt d’Usicht, datt dës Regierung méi Schued Ugeriicht huet wéi Gutts gemaach. Besonnesch bei de Famillje mat engem klengem Akommes, hätte vill Reformen d’Situatioun éischter verschlechtert wéi verbessert. Hie bedauert och datt d’TVA erhéicht ginn ass, bei de Sozialzouschëss an de Studiëbourssen ass dogéint gekierzt ginn.

Et wier deemno ersiichtlech, datt de Staat op Käschte vun de Jonke spuert. Jonker déi Angscht ëm hir Zukunft hunn. Eng Angscht, déi de Marc Baum och um Logement festmécht. Do wieren d’Präisser ëm bis zu 42% an d’Luucht gaangen, während d’Paie grad emol 13% konnten zouleeën. Zudeem hatt sech Lëtzebuerg ofhängeg vum sengem Finanzsecteur gemaach.

D’Aarbecht besser verdeelen

Fir d’Carole Thoma läit doranner och d’Äntwert op d’Problemer am Logement. Déi mannste wieren nach an der Lag d’Präisser ze bezuelen déi um Maart ugebuede ginn. Deem ze begéine wier awer och d’Flicht vun enger Regierung. Dofir schléit déi lénk vir, datt méi Haiser mat ëffentlechem Geld musse gebaut ginn. D’Geld dofir, gesäit déi lénk am Pensiounsfong, wou et grouss Reserven huet.

Am Wahlprogramm, deen am Abrëll scho soll online goen, gi Virschléi ënnerbreet, fir eng ekoresponsabel Wirtschaft ze erméiglechen. Déi ekologesch Transitioun, déi kooperativ a verantwortlech digital wirtschaft, d’Erhéije vun de Steiere fir déi räich an d’Entreprisen, oder de d’Aféiere vum generellen Tiers Payant, sinn hei déi markant Stéchwierder.

Et sinn dann awer och Mesuren déi eleng net duer ginn. Déi lénk wëll dann och eng nei Aarbechtsmaartpolitik. D’Aarbecht miss opgewäert ginn a besser opgedeelt. Dat kéint een iwwert eng Erhéijung vum Mindestloun, an engem Erofsetze vun der Wochenaarbechtszäit erreechen. De positiven Nieweneffekt wier méi Fräizäit.

Déi lénk fuerderen awer och de gratis ëffentlechen Transport, gratis Crèchen a villes méi. Alles Sujeten déi de Bierger esou dierft interesséieren an och uspriechen. D’Fro déi sech dann awer stellt, ass op déi „Verspriechen“ esou och ëmzesetze sinn? Eng Fro déi reng hypothetesch ass, well déi lénk misst scho matregéiere fir dës Verspriechen och anzeléisen.

Related topics Chamberwahlen 2018, déi lénk, Nationalkongres
Next post Previous post