Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…
Neiegkeeten

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung
Neiegkeeten

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung

D‘Theresa May huet am House of Commons d‘Parlamentarier opgeruff dach

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz
Neiegkeeten

LCGB – Diskussioune gi virun am Iwwerwachungsschutz

No 10 Méint u Verhandlunge kann den LCGB endlech bestätegen,

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk huet bei de Chamberwahle vu leschte Sonndeg liicht zougeluecht, bleift awer op sengen 2 Mandater hänken. Fir si verännert sech géintiwwer der viregter Legislaturperiod also näischt. Och un hirem „Rotatiounsprinzip“ gëtt festgehalen, firwat an der Halbzeit den Deputéierte Marc Wagner seng Plaz un d‘Nathalie Oberweis ofgëtt, an de Marc Baum vum Myriam Cecchetti sollt ersat ginn.

An engem Communiqué, huet déi lénk agestanen, datt d‘Resultat net den Erwaardungen entsprécht, mee si sech awer iwwert d‘Zounam u Stëmme gefreet hunn. Et géif een, och wann ee politesch nëmme kleng Schrëtt mécht, viru kommen. déi lénk kënnen sech dann och op trei Wieler verloosse, firwat de Bléck an d‘Zukunft en zouversiichtlechen ass. Dësen Optimismus ass ustiechend…

Gesellschaft verännere brauch Zäit

Ugetruede fir d‘Gesellschaft zum besseren ze veränneren, weess ee béi déi lénk, datt esou eppes net mat engem Wahlkampf gedoen ass. E Wahlkampf deen op eng laangfristeg Ëmgestaltung vun der Gesellschaft opgebaut, a sech op véier Theme konzentréiert huet: d‘Zukunft vun der Aarbecht, dem sozialen Impakt vun der Ëmweltkris, déi feelend Logementer an d‘Steierpolitik.

Si ginn un déi wichtegst Erausfuerderunge vun de kommende Joren identifizéiert, a heifir konkret Léisungen – déi kuerz- bis mëttelfristeg ëmsetzbar sinn – ausgeschafft ze hunn. Elo, mat der neier Legislaturperiod, geet et hinnen drëms, déi politesch Aarbecht weiderzeféieren. Eng Aarbecht déi si selbstkritesch verfollege wëllen. D‘Verbesserungspotential soll analyséiert ginn.

Der Koalitiounsregierung op d‘Fangere kucken

Bei déi lénk stellt ee fest, datt d‘CSV weider un Afloss verluer huet, wat hinnen d‘Geleeënheet gëtt, nei Fräiraim am Beräich vum sozialen Afloss schaaft. Déi sollt een notzen, esou de Communiqué. Si begréissen och nach, datt d‘Néierlag vun der CSV, keng substantiell Verbesserung fir den ADR bruecht huet. Si hunn sech zudeem virgeholl, d‘Aarbecht vun der zukünfteger Koalitiounsregierung kritesch ze begleeden.

Gewosst ass och, datt een wéi an der leschter Legislaturperiod, sech och dës Kéier op déi Theme konzentréiere muss, déi mat den Zwee Mandater ze stemme sinn. Erfarung hunn se iwwert déi lescht Jore gesammelt, an hire Rotatiounsprinzip schéngt sech bei de Sympathisanten a Memberen duerchgesat ze hunn. Wéi si hir Iddien an der Chamber ëmgesat kréien, ass awer nach gewosst.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, déi lénk, Gesellschaft, Oppositioun, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel