Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €
Meenung Neiegkeeten

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)
Meenung Neiegkeeten

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)

Um vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Beringungsstatioun am

Eng ganz sportlech Leeschtung
Meenung Neiegkeeten

Eng ganz sportlech Leeschtung

Leschte Freideg ass d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ (MVOS) ofgeschloss

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz

Dat vum Wunnengsbauminister Henri Kox iwwerschafft Loyersgesetz ass kee grousse Worf. Et schützt an éischter Linn d’Investitioune vum Proprietär a festegt esou de Status Quo, deen immens zu den iwwerhéichte Loyeren an der Veraarmung vu ville Locataire bäidréit. Vereenzelt kleng Fortschrëtter am Gesetzesvirschlag kënnen net iwwert d’Tatsaach ewechtäuschen, datt d’DP sech erneit géint hir Koalitiounspartner duerchsetze konnt.

Den zentrale Bestanddeel vum Loyersgesetz ass d’Reegelung vun den Héchstloyeren, deemno ee Joresloyer 5 % vum gesamten investéierte Kapital net iwwersteigen dierf. Esou wéi d’Reegelung bis ewell am Gesetz steet, bezéiungsweis bei prozedure viru Geriicht an der Reegel ausgeluecht ginn ass, ka si just an de wéinegste Fäll e bezuelbare Loyer sécherstellen.

Dobäi géif et e puer Weeër ginn, fir dës Reegelung ofzeänneren an d’Héicht vum Loyer nohalteg ze reduzéieren. déi Lénk hunn dozou ee Gesetzesentworf ausgeschafft (7257) an een Instrument proposéiert, dat déi op Spekulatioun beround Iwwerdeierung vun de Loyeren aus der Berechnung vun de maximal zoulässege Loyeren ausklamere géif.

Mee de Wunnengsbauminister huet sech dozou entscheet, un der bestoender Reegel festzehalen an d’Proprietären eenzeg an eleng dozou ze verflichten, am Kontrakt ze erwänen, datt dëse gesetzeskonform wier. D’Verträg mussen awer och haut schonn – oh Wonner – gesetzeskonform sinn, dofir ass dësen Zousaz reng symbolesch, besonnesch dowéinst, wëll Locatairen weiderhin just iwwert wéineg Méiglechkeete verfüge, fir dat investéiert Kapital an den zoulässege Loyer an Erfarung ze bréngen.

Well wéi de Minister selwer zouginn huet, funktionéiere vill kommunal Loyerskommissiounen iwwerhaapt net. Datt Locatairen dofir op direktem Wee virun d’Friddensgeriicht zéie kënnen, fir eng Reduzéierung vum Loyer anzefuerderen, ass an eisen Aen ee vergëfte Cadeau. Engersäits kommen an esou Fäll Käschten op de Locataire duer an anerersäits geet vu rezenten Uerteeler am Beräich vum Loyersgesetz eng ofschreckend Wierkung op Locatairen iwwer.

Insgesamt bleiwe bei den Ausféierungen zur Berechnung vum investéierte Kapital weider eng Rei Onkloerheete bestoen. D’Gesetz muss an eisen Aen kloer an däitlech aussoen, datt just déi vum Besëtzer oder vun der Besëtzerin real investéiert Geldmëttel als Basis vun der 5 %-Reegel déngen. Déi un de Maartpräisser enthale Spekulatioun dierf net an d’Rechnung afléissen, och net bei enger Ierfschaft. Zudeem musse staatlech Subventiounen (z.B. PrimeHouse) aus dem investéierte Kapital erausgerechent ginn.

Begréissenswäert ass sécherlech de Versuch, de Wunngemeinschften eng gesetzlech geséchert Basis ze ginn. Mee och hei kënnt d’Gesetz dem Proprietär entgéint. Den esou schéin kléngende Solidaritéitspakt tëscht dem Locataire an enger Wunngemeinschaft déngt an éischter Linn dozou, dem Proprietär all erdenklech Sécherheeten ze ginn.

Esou kann de Proprietär en Ausfall vum Loyer bei alle Locatairen andreiwen – och bei deenen, déi hire Loyer bezuelt hunn. Soumat läit d’Laascht also bei de WG-BewunnerInnen an ni beim Proprietär.

Iwwert dës Ongereimtheeten kënnen och déi vereenzelt Fortschrëtter am Gesetz net ewechtäuschen. Dës betreffe virun allem d’Vermëttlungskäschten an d’Kautioun vum Loyer. Dat Éischt soll an Zukunft tëscht Proprietär a Locataire opgedeelt ginn, dat Lescht dierf sech an Zukunft just op zwee, amplaz maximal dräi Loyeren belafen. De Minister Kox huet sech heibäi zwar un der Ausriichtung, awer net um Inhalt vum Gesetzesvirschlag 7094 vun déi Lénk inspiréiert. Besonnesch bei der Opdeelung vun de Vermëttlungskäschten bleiwen zousätzlech Froen oppen.

Alles an allem ass de Gesetzesvirschlag fir déi Lénk enttäuschend. D’Regierung léisst sech net vun der Wunnengskris leeden, mee vun de groussen Immobilieninteressen, deenen hir Wënsch iwwert d’DP an de Gesetzesentworf gefloss sinn. déi Lénk wäerte weiderhin probéieren op dëse legislative Prozess Afloss auszeüben a Virschléi maachen, déi d’Recht op Wunnen an de Virdergrond stellen.

Matgedeelt vun déi Lénk

Opmaacherbild: © Chris Hahn / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bezuelbare Wunnraum, déi lénk, Fortschrëtt, Gesetzesvirschlag, Henri Kox, Kautioun, Kontrakt, Kritik, Locataire, Loyer, Loyersgesetz, Proprietär, Vermëttlungskäschten, Wunnengsbauminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel