Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet
Neiegkeeten

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet

Zanter Mee 2019 sëtzt d‘Chelsea Manning am Bundesstaat Virginia am

En neie Stroossebelag fir de Boulevard Robert Schuman
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir de Boulevard Robert Schuman

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt de Boulevard Robert

Brexit: Wéi en Deel vum „Nee“ ass onverständlech
Neiegkeeten

Brexit: Wéi en Deel vum „Nee“ ass onverständlech

Si wollt hiert Mandat géint de Brexit-Accord antauschen, an dat

déi lénk Péiteng: Gestaffelte Waasserpräis statt Präisdreiwerei

déi lénk Péiteng: Gestaffelte Waasserpräis statt Präisdreiwerei

Mat Erstaunen an Onverständnis hunn „déi lénk Péiteng“ d‘Informatioun zur Kenntnis geholl, datt d‘Gemeng Péiteng vum 1. Abrëll eng ganz Rei un Tarifupassunge bei der Drénkwaasserversuergung virgeholl huet. Et gëtt hei op d‘Gemengerotssëtzung vum 19. November higewisen, bei där massiv Präiserhéijunge fir Drénk- an Ofwaasser gestëmmt goufen (14 Dofir bei 2 Enthalungen).

Säitens déi lénk gëtt dës Moossnam als „Skandaléis“ ëmschriwwen. Si betruechten dës Erhéijung als méi wéi „eng Upassung“. Beim Drénkwaasser läit Präiserhéijung bei +60%! D‘Uschlosskäschte beim Drénkwaasser gi vu 86,52 Euro op elo 103 Euro gehéicht (+20%). D‘Kanalstax klëmmt vun 69 op 80 Euro/Joer (+18%). Dat ass net näischt an trëfft wéi esou oft, déi Äermst am stäerksten.

An enger Informatioun un d‘Menagen an der Gemeng erkläert de Schäfferot, datt d‘SES (Syndicat des eaux du sud) hir Tariffer ëm 25% ugehuewen huet. Vun do bis zu der effektiv ugewannter Erhéijung vu ganze 60% ass et dann awer nach e Stéck, mee och dozou huet de Schäfferot eng passend Erklärung. Et hätt domatter ze dinn dann de Reseau jo och misst ënnerhale ginn.

Den Ënnerhalt vun esou engem Reseau wier zudeem Personalopwänneg, a Personal ass eng deier Ugeleeënheet. Eng Erklärung déi bei déi lénk op wéineg Versteesdemech stéisst. Si hunn dann och de Verdacht, datt mat der Erhéijung vun den Tariffer d‘Personal vun der Gemeng géint Bierger aus der Gemeng sollen ausgespillt ginn. Dat war wuel net esou gemënzt, mee alles deit drop hin…

Et muss een d‘Suen do hir huele wou se sinn

Fest steet jiddefalls datt et op e neits d‘Awunner sinn déi d‘Hand un de Portmonnie musse leeën, an dat ass déi eigentlech Sauerei. E Menage mat fënnef Persoune muss esou all Joer honnerten Euro méi bezuelen, wat bei engem Haushalt mat „klengem Akommes“ séier zum Problem ka ginn. Da bleift nach just, esou wéi et de Buergermeeschter formuléiert huet, sech un d‘Sozialamt ze wennen.

An der Interpretatioun vun déi lénk ass dat näischt anescht, wéi mat där enger Hand eppes ewech huelen, fir et mat där anerer zréckzeginn. Datt si der Usiicht sinn, datt sozial Verantwortung anescht ausgesäit, läit op der Hand, an et muss drop higewise ginn, datt déi lénk am Kontext vun der Drénkwaasserversuergung konkret Virschléi gemaach haten. Si hu se politesch net ëmgesat kritt.

Dobäi sollt et och de Gemengepappen a Mamme vun der aktueller Majoritéit aliichten, datt de Wee zu engem spuersamen Ëmgang mam Drénkwaasser, iwwert een no sozialen an ökologesche Kritäre gestaffelte Waasserpräis féiert. Et léisst sech elo nach just spekuléieren, firwat eppes, vum deem gewosst ass, datt et onsozial ass, einfach duerchgeboxt gëtt? Déi Péitenger dierfte veriergert sinn…

Ähnlech Sujeten déi lénk Péiteng, Drénkwaasser, Ofwaasser, Péiteng, Taxen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel