De Minister Meisch zitt d’Noutbrems
Duerch déi massiv Kritik vum Léierpersonal op de soziale Medien,
Duerch déi massiv Kritik vum Léierpersonal op de soziale Medien,
Um Mëttwoch haten sech an der hollännescher Haaptstad d‘Regierungscheffe vun
Iergendeppes am Land fänkt gehéierlech u schif ze lafen, an
déi Lénk sinn alarméiert duerch esou Aussoen, déi enger Erpressung vum Parlament duerch d’Regierung immens no kommen. Mir erënneren dorun, datt déi Lénk am Mäerz den Noutstand matgestëmmt hunn, wann och mat groussem Virbehalt an ënnert der Bedingung, datt d’Parlament zu all Moment abezu kéint ginn. Haut stellt sech d’Situatioun awer anescht duer an déi Lénk kënne keen zweeten Noutstand guttheeschen, onofhängeg vun der Fro, ob dëse verfassungskonform wier.
Et steet fest, datt och elo ugesiichts de klammenden Infektiounszuelen kuerzfristeg Moossname getraff musse ginn. Iwwregens net just zur Aschränkung vun individuelle Fräiheeten, mee och zur Sécherung vu Liewensgrondlage vu ville Mënschen, déi duerch de Verloscht vun der Aarbechtsplaz, Kuerzaarbecht oder Kënnegung vun der Wunneng ënnerhalb kierzester Zäit a prekär Situatioune gerode sinn.
déi Lénk si bereet, konstruktiv un néidege Gesetzer matzeschaffen an dëst och ënnerhalb vu kierzester Zäit. Mir weisen awer drop hin, datt déi meescht Zäit tëscht den Ukënnegunge vun der Regierung an der Verëffentlechung vun de jeeweilege Gesetzer net wärend dem legislative Prozess verluer geet, mee wärend dem Waarden op d’Gesetzesentwërf vun der Regierung.
Well dës Entwërf immens kuerzfristeg ausgeschafft ginn, sinn si zudeem oft schlecht formuléiert, wat de legislative Prozess zousätzlech verzögert. En zweet Aushiewele vum demokratesche Prozess wier deemno weder gerechtfäerdegt, nach géif et d’Handlungsfäegkeet vun der Politik entscheedend beaflossen.
Vill méi stellt en zweet Ausruffe vum Noutstand eng Bankrotterklärung vun der Regierungspolitik duer. Entgéing allen Versécherunge vum Xavier Bettel a Paulette Lenert war eng zweet Infektiounswell am Hierscht virauszegesinn. Deemno louch et an der Verantwortung vun der Regierung, schonn am Summer verschidden Zeenarien auszeschaffen, mat passende Gesetzesentwërf, déi och ënnerhalb kierzester Zäit virgeluecht an ofgestëmmt kéinte ginn. Dëst Versaumnis kënnt der Regierung elo deier ze stoen, dierf awer net um Réck vum Parlament ausgedroe ginn.
Wann de Premier Xavier Bettel elo iwwert en zweeten Noutstand nodenkt, gëtt en soumat indirekt zou, datt d’Regierung riskéiert d’Kontroll duerch onzouräichend Virbereedung ze verléieren. déi Lénk sinn awer iwwerzeegt, datt d’Parlament gutt opgestallt ass, fir och kuerzfristeg Moossnamen ze treffen a stellt sech dofir vehement géint en zweeten Noutstand, den op en Neits déi demokratesch Prozesser aushiewele géif.
Matgedeelt vun déi Lénk
Hiert offiziellt Schreiwes fannt Dir HEI
Opmaacherbild: © Ujjwal Chouhan / Unsplash