China erënnert sech un d’Massaker vun Nanking
China huet dëse Mëttwoch den trauregen 80. Anniversaire vum Massaker
China huet dëse Mëttwoch den trauregen 80. Anniversaire vum Massaker
D‘ONG „Proactiva Open Arms“ huet gëschter matgedeelt, datt hiert Schëff
Wann et mam demographesche Wandel an dem Wuesstem am grousse
Géint d’Regierung a Venezuela vum Maduro wëllen elo verschidde Muechte virgoen, dorënner d’Administratioun vum Trump, mat der Hëllef vum neofaschistesche Staatspresident Bolsonaro aus Brasilien an anere Regierungen aus Latäin-Amerika.
Géint d’Konstitutioun vum Staat erkennen si den autoproklaméierte President Guaido a senger Positioun un a weigeren sech, d’Rechnunge vum a Venezuela importéierte Pëtrol un déi legitim Regierung vum President Maduro ze bezuelen.
„Wann dat hei kee Putsch ass, wat ass dann ee Putsch? Wann et keen Amëschen ass, wat ass dann Amëschen?“, sou déi Lénk, déi zu enger Kloerstellung opruffen. Si veruerteelen dësen Akt, deen an hiren Aen nees eng Diktatur vun der Groussstad mat sech brénge wäert. Dofir ass et net verwonnerlech, datt d’Regierung aus Frankräich, Spuenien, Däitschland oder Groussbritannien sech engagéiert, fir den Usurpator Guaido als „Putsch-President“ vu Venezuela unzegesinn.
Vun de Chavisten a vum Maduro kann een hale wat ee well, mee si sinn net duerch ee Putsch oder duerch d’Agräife vun auslännesche Kräft un d’Muecht komm, mee duerch fräi Walen. Hir Basis ass et an de villen Aarbechterklassen a bei den Aarme vum Land eng Neiopstellung vum Räichtum ze ënnerstëtzen.
Déi Lénk stellen sech hei kloer op d’Säit vun den Aarbechterklassen a Venezuela. Hir Propositiounen si genau esou kloer, wéi hir Astellung:
An dësem Kader ruffen déi Lénk d’Lëtzebuerger Regierung dozou op, sech international ze engagéiere fir ee Bluttbad a Venezuela ze vermeiden an ee kloert Nee vis-à-vis vum Trump, Bolsonaro a Cie auszeschwätzen.
Opmaacherbild: © Fabio Rodrigues Pozzebom/ABr – Agência Brasil