Search

You may also like

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?
Meenung Neiegkeeten

Spillt d‘Regierung mam Vertraue vun de Bierger?

Mee déi gutt Gestioun vun dëser sanitärer Kris fänkt un

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op
Meenung Neiegkeeten

Den Neil Young mécht der Welt seng Archiven op

De legendäre „Folk-Rocker“ aus Kanada, den Neil Young huet seng

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland
Meenung Neiegkeeten

Sozialdemokrate feiere „Comeback“ bei de Chamberwahlen a Finnland

Laut den ëffentlech-rechtleche Medien a Finnland, kënnen sech d‘Sozialdemokraten (SPD)

Privatsheriffer an de Stater Quartieren – en absoluten NO-GO!

Privatsheriffer an de Stater Quartieren – en absoluten NO-GO!

D’ass iwwert eng Noriicht vun RTL, wou mir als Gemengerotsmemberen informéiert goufen, dass de Stater Schäfferot am Dezember an am Januar Leit vun enger privater Sécherheetsfirma am Garer Quartier an och an der Uewerstad wëll patrulléiere loossen.

Mir wëssen, dass den Drogenhandel op der Strooss e grousse Problem duerstellt, mee mat ëffentleche Suen eng Privatpolice bezuelen an am ëffentleche Raum optriede loossen, ass fir eis en absolute NO-GO.

Wéi d’Madamm Buergermeeschter et esou oft betount, liewe mer an engem Rechtsstaat an do huet de Staat de Gewaltmonopol. An anere Wierder : privat Sheriffer hunn näischt op eise Stroosse verluer an iwwerhaapt kee Recht, Policegewalt auszeüben ! Wann de Schäfferot dorop äntwert, et géing just drëm goen, ze beobachten, d’Sécherheetsgefill vun de Leit ze stäerken an am Noutfall d’Police ze ruffen, soe mir, dass d’Linn tëscht passiver an aktiver Interventioun ganz schmuel ass an dass responsabel Politiker et net däerfen drop ukomme loossen, dass déi Linn iwwerschratt gëtt. Si spille mam Feier a sollten sech bewosst sinn, dass se, wann eppes geschitt ass, net kënnen erklären, si hätten dat net gewollt.

Engersäits si privat Sécherheetsagente fir d’Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum weder befugt nach forméiert an dat bréngt de Risiko mat sech, dass se hiert eegent Liewen an dat vun anere Leit op d’Spill setzen. déi Lénk Stad huet extrem staark Zweiwelen, wat d’Legalitéit, an esouguer d’Constitutionnalitéit vun der geplangter Mesure ugeet, déi eng geriichtlech Annulatioun riskéiert. Anerersäits bedeit d‘Privatiséierung am Beräich Sécherheet fir d’Police eng Schwächung an e Kompetenzofbau, déi der Sécherheet vun de Leit schuede wäert. Mir hunn et hei mat enger Ëmleedung vun ëffentleche Gelder ze dinn, déi der Präventioun an der Police verluer ginn.

Dass dee grénge Minister Henri Kox vun der Bannesécherheet d’Virgoe vum Stater Schäfferot iwwert e Communiqué och nach schéngt ze approuvéieren, schléit dem Faass de Buedem aus.

Mir si schockéiert, dass de Schäfferot esou eppes decidéiert huet, ouni och nëmmen e Piipcheswuert am Gemengerot doriwwer ze verléieren. Domat weist en, wéi wéineg deen him wäert ass a wéi wéineg him um Anhale vun demokratesche Reegele läit.

Mir fuerderen de Schäfferot op, déi total deplacéiert an iwwerspaante Moossnam zeréck ze zéien an de Wee vun der Rechtsstaatlechkeet net ze verloossen.

Matgedeelt vum Ana Correia Da Veiga a Guy Foetz, Conseillers déi Lénk am Stater Gemengerot

Opmaacherbild: © Rayner Simpson / Usplash

Related topics déi lénk, Garer Quartier, Henri Kox, Iwwerwaachung, No-Go, Police, privat Sécherheetsfirma, Privatsheriffer, Sécherheet, Stater Schäfferot, Uewerstad
Next post Previous post