Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!
Money Neiegkeeten

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!

Nodeems een um 6. Dezember 2019 seng grouss Linnen zur

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline
Money Neiegkeeten

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline

Bei enger Explosioun vun enger Bensinspipeline zu Mexiko, sinn op

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen
Money Neiegkeeten

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen

Säit Woche brennt elo de Reebësch am Amazonasgebitt. Dëst ass

money

Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!

Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!

An dëser Zäit vun den drastesche Restriktiounen, déi der Pandemie vum Coronavirus geschëlt ass, sinn d‘Geschäftsleit ganz besonnesch a Matleedschaft geroden, dat duerch ee radikalen Abroch vum Ëmsaz. Et gëllt elo Dären hir Ausgaben am Mooss vum méiglechen ze reduzéieren, a si ze ënnerstëtzen, wann déi aktuell Kris eriwwer ass.

An dëser Optik hunn den David Wagner an de Guy Foetz, allebéid Conseilleren an der Stad Lëtzebuerg, e Bréif un de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot adresséiert, an deem si virschloen, datt d‘Stad Lëtzebuerg op de Loyer vun de Geschäftslokaler, vun deene Proprietär ass, verzicht. An dat wärend der ganzer Period vun der erzwongener Fermeture vun de Geschäfter.

Des weidere lueden si de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot an, en Appell un d‘Proprietäre vu Geschäftslokaler, ob ëffentlech oder privat, och iwwert hir Loyeren ze kucken, an dës ze reduzéieren, respektiv an der Mesure vum Méiglechen, ganz drop ze verzichten.

D‘Stonn vun der Solidaritéit huet geschloen, an all Mënsch muss elo, entspriechend senge Méiglechkeeten, mam Beispill virgoen!

matgedeelt vun déi Lénk Stad, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Charles Büchler / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronakris, déi Lénk Stad, Geschäfter, Loyer, Noutstand, Restriktiounen, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel