Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen
International Neiegkeeten

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen

D‘Fransousen an hire Rentesystem mat iwwer 40 ënnerschiddleche Keesen: Mat

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann
International Neiegkeeten

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann

Jo, esou wéi et am Titel steet ass et mir

Een treien Hond, dee säin doudege Meeschter net verloosse wëll
International Neiegkeeten

Een treien Hond, dee säin doudege Meeschter net verloosse wëll

D’Geschicht erennert un déi vum Hatchiko, een Hond, deen och

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Multien bezuele just 2,2% u Steieren zu Lëtzebuerg

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun am Europaparlament gemaach ginn ass, bezuele multinational Konzerner zu Lëtzebuerg just 2,2% u Steieren op hirem Profit. Dëse reale Steiersaz ass den niddregste vun allen 63 ënnersichte Länner. Domat steet de Grand-Duché ganz vir a Saache Steierdumping an Europa.

Milliarden u Steiergelder ginn esou dem europäesche Staaten all Joer verluer a verschwannen an den Täsche vun Aktionäre vun de risege Konzerner. Op der anerer Säit gi wéinst den eidele Staatskeesen dauernd Sozialleeschtungen an ëffentlech Déngschter zesummegestrach. Op dës Aart a Weis gëtt de Sputt tëscht Aarm a Räich ëmmer méi grouss – vu Steiergerechtegkeet ka keng Ried méi sinn.

Scho säit Jore veruerteelen déi Lénk déi desastréis Roll vu Lëtzebuerg bei der Cours ëm d’Steierofsenkung, déi a ganz Europa zu ëmmer gréissere sozialen Ongläichheete féiert. Déi Lëtzebuerger Regierung, bestoend aus der DP, LSAP an déi Gréng schéngt et allerdéngs net grouss ze këmmeren. Fir 2019 plangen si eng erneiten Ofsenkung vun der Betribssteier. Virun allem bremsen si awer all Fortschrëtt an dëser Fro op europäeschem Niveau aus.

Als eenzeg Partei am Lëtzebuerger Parlament stinn déi Lénk op der Säit vun den europäesche BiergerInnen a kämpfe géint déi skandaléis Privileegie vun de Grousskonzerner un. Säit Joren thematiséiere si wichteg Fuerderungen no engem eenheetlech reale Mindeststeiersaz an der EU, eng er gemeinsamer a konsolidéierter Bemiessungsgrondlag an engem ëffentleche Country-by-Country-Reporting a stoussen domat dauernd op daf Oueren.

Déi Lénk fuerderen déi Lëtzebuerger Parteien op, an dëser Fro eng kloer Stellung ze bezéien. Et ass net ze akzeptéieren, datt d’Salariéën hir Steiere bezuelen, wärend multinational Firmen sech mat Hëllef vun der Politik aus hirer Verantwortung zéie kennen. Mir brauchen endlech eng Steiergerechtegkeet op europäeschem Niveau, fir de soziale Fortschrëtt ze finanzéieren an de Klimawandel eeschthaft ze bekämpfen.

D’Etüd vum Petr Janský fannt dir hei: www.greens-efa.eu

Matgedeelt vun déi Lénk – iwwersat vum Shari Pleimelding

Ähnlech Sujeten déi lénk, Europaparlament, Lëtzebuerg, Steierdumping, Steiergerechtegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel