Bass du en Expert vun eise Kantonen? Fann et hei eraus!
[onionbuzz quiz-id=154][/onionbuzz] Et mécht ee sech relativ seele Gedanken doriwwer,
[onionbuzz quiz-id=154][/onionbuzz] Et mécht ee sech relativ seele Gedanken doriwwer,
Den iraneschen Ausseminister, Mohammad Javad Zarif, huet e Samschdeg eng
Déi „populistesch“ Regierung an Italien hat versprach dat neit „Biergerakommes“
Besonnesch beonrouegend sinn all Stëmmen, déi – wéi de Kemmerich selwer, mee och ëmmer méi Vertrieder vun de Rechten zu Lëtzebuerg – déi Lénk an déi extrem Riets op ee gläichen Niveau stellen. Wëll wärend déi eng Säit op der Schwell vun der Verfaassungsfeindlechkeet balancéiert, d’Demokratie bekämpft an déi Riets vu Minoritéiten aschränke wëll, steet déi lénk Politik fir de genaue Géigendeel.
Ënnert dem Ministerpresident Bodo Ramelow gouf an Thüringen a soziale Wunnengsbau, Bildung an den ëffentlechen Transport investéiert. Déi direkt Demokratie ënnerhalb vun de Kommunen gouf gestäerkt an „d’Bestiednis fir jiddwereen“ gouf opgrond vun enger Thüringer Initiativ am Bundesrat agefouert.
Aus dësen a weidere Grënn sinn de Ramelow an Déi Lénk wärend de leschte Landtagswahle weider gestäerkt a mat 31 % zur stäerkster Fraktioun am Landtag gewielt ginn.
Bei engem Récktrëtt géif de Kemmerich op mannst 93.000 € kréien (Videomatschnëtt mdr)
Datt den Thomas Kemmerich mam Saz „Jo, ech huelen d’Wahl un“ akzeptéiert zum Ministerpresident vum Höckes senger Gnod ze ginn, weist, datt sech déi liberal FDP net scheit, mam Faschismus ze paktéieren an d’Weiderféiere vun enger progressiver Politik ze verhënneren. déi Lénk veruerteelen dëse Virgank schaarf a sti solidaresch hannert dem Bodo Ramelow an Déi Lénk mat den dausende Mënschen, déi gëschter an Däitschland géint déi radikal Riets op d’Strooss gaange sinn.
Manner wéi 2 Wochen nom inernationalen Dag vum Gedenken un d’Affer vum Holocaust weist sech nees, datt de Kampf géint de Faschismus a seng Ofleeër weidergoe muss, ee Kampf, deen déi Lénk mat aller Kraaft ënnerstëtzen.
Matgedeelt vun déi Lénk – Iwwersat aus dem Däitsche vum Shari Pleimelding/moien.lu