Search

You may also like

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521
Meenung Neiegkeeten

Konferenz zum gregorianesche Gesang am Cube 521

Als Deel vum “Sonndeg vum Gregorianesche Gesang a Wierder” invitéiert

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
Meenung Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

déi Lénk si fir Upassunge bei der Legislatur zum Teletravail

déi Lénk si fir Upassunge bei der Legislatur zum Teletravail

Wärend dem opgrond vun der Covid-19-Epidemie ugeuerdente Confinement hunn zuelräich Entreprisen op den Teletravail zeréckgegraff, ouni onbedéngt op déi schonn existent Reegelung opzepassen, wéi ënnert anerem d’Verflichtung fir d’Käschte vun den heemeschen elektroneschen Apparater matzedroen. Nom Enn vun dësem Confinement ass fir déi Lénk e Bilan zum Teletravail zu Lëtzebuerg noutwenneg.

Fir déijéineg, deenen den Teletravail zougänglech ass – wat fir vill vun de wesentlechen Aarbechter oft net de Fall ass, wéi et d’Zäit vum Confinement gewisen huet – kann d’Aarbecht vun doheem Virdeeler weisen, wéi beispillsweis d’Reduktioun vun der Pendlerzäit an Transportkäschten oder eng besser Vereenbarkeet vu Beruffs- a Privatliewen.

Trotzdeem wëllen déi Lénk ënnersträichen, datt schaffen op Distanz riskéiert eng dreiwend Kraaft vu strukturellen Ongerechtegkeeten ze ginn, wéi duerch d’Ofwälze vu Käschten op d’Arbechtskräfte. Et ka sech heibäi ëm Materialkäschten (Computer, asw) handelen, oder och ëm Loyer.

D’Vermësche vu Beruffs- a Privatliewe kann dës Weideren Iwwerstonnen „onsiichtbar“ maachen, an zu engem Verloscht vu Privatraum féieren, beispillsweis duerch berufflech Videokonferenzen aus der eegener Stuff. Doriwwer hinaus riskéiert den Teletravail eng konstant Erreechbarkeet duerchzesetzen a kann der berufflecher a gesellschaftlecher Solidaritéit schueden.

Mat Bléck op déi technologesch Verännerunge vun der Aarbechtswelt mussen déi sech beschleunegend Atomiséierung vun der Gesellschaft an d’Erosioun vum gesellschaftlechen Zesummenhalt, vun deem den Zesummenhalt am Beruff e wichtegen Deel ass, gestoppt ginn.

Duerch dës Argumenter fuerderen déi Lénk, datt den Teletravail an de verschidde Beruffssparten net duerch Kollektivverträg gereegelt ka ginn. Et ass och prioritär, datt déi grondleeënd Prinzipie vum Teletravail gesetzlech gereegelt ginn, beispillsweis duerch d’Recht den Teletravail ze refuséieren ouni datt dëst e legale Kënnegungsgrond ka sinn, oder duerch d’Recht op Fräiheet vu berufflecher Kommunikatioun ausserhalb vun der Aarbechtszäit („droit à la déconnexion“).

déi Lénk lauden och d’Alarmklacken zur Situatioun vum grenziwwerschreidenden Teletravail. Nom bestoende Steierofkommes mat den Nopeschlänner gëtt d’Aarbechtsakommes do besteiert, wou d’Aarbecht geleescht gëtt. Dëst Ofkommes privilegéiert Lëtzebuerg, dat déi esou ageholle Steieren net notze muss fir d’Infrastrukturen an den ugrenzende Regiounen ze finanzéieren.

Déi europäesch Sozialversécherungslegislatioun gesäit och vir, datt d’Sozialchargen do erhuewe ginn, wou d’Aarbecht vollbruecht gëtt, virausgesat natierlech, datt d’Sozialleeschtungen och do erbruecht ginn. Deem dobäizedoen ass, datt zu Lëtzebuerg en Deel vun de Sozialleeschtungen duerch Steiere finanzéiert gëtt.

Viru kuerzem goufen an Zesummenhang mat der Covid-19-Pandemie duerch nei Ofkommesse mat den Nopeschlänner d’Zuel vun de méigleche Schaffdeeg doheem ouni Besteierung am Wunnland erhéicht. Wéi de Senator vu Meurthe-et-Moselle, Olivier Jacquin, beobacht huet, ännert d’Erhéijung vun der Besteierungsgrenz awer op keng Aart a Weis d’Unzuel vun den erlaabten Teletravail-Deeg, mee bedeit just eng Erhéijung vun der Schwell, ab där „den Home-Officer eng zousätzlech Akommeserklärung a Frankräich ofgi muss.“ Dës zousätzlech Ofkommesse sinn also just e weidert Instrument vun der steierlecher Ongläichheet, déi op Béien a Brieche vum Groussherzogtum an der Groussregioun oprecht erhale gëtt.

Och dofir verlaangen déi Lénk e Bilan zum Teletravail no dem Confinement duerch d’Covid-19-Pandemie, zu deem folgend Punkte gehéiere mussen:

  • E Bilan vun den zousätzleche Steierakommessen, déi duerch déi mat den Nopeschlänner säit dem Ufank vum Confinement ofgeschlossenen a verlängerte Sonnerofkommessen duerch den Teletravail geséchert gi sinn;
  • E Bilan vun den duerchgefouerte Kontrollen zur Sécherung vum Respekt vun de bestoende Reegelungen zum Teletravail;
  • E generelle Bilan zum Teletravail, d.h. E Bilan vun de gesamt geleeschtete Stonnen, der Unzuel vun de betraffenen Aarbechter, opgereit no Wirtschaftssecteur.

All Auswäitung vun der Teletravail-Zäit ënnerhalb vun där Grenzpendler vollstänneg zu Lëtzebuerg steierflichteg bleiwen, dierf 25 % vun der Aarbechtszäit net iwwerschreiden (entspriechend den europäesche Reegelungen zur Sozialversécherung an Entsendung vun Aarbechter). All Besteierung zu Lëtzebuerg muss obligatoresch ee steierlechen Ausgläich fir all Länner opweisen, déi d’Käschten an de Gemengen an zur Ausbildung vun den Aarbechter hunn droe mussen.

Och d’Roll vun der Aarbechtsmedezin an der Aarbechtsinspektioun (ITM) muss am selwechten Zesummenhang nei bestëmmt ginn, fir datt Kontrollen doheem méiglech ginn, och bei de Grenzpendler (iwwert déi zoustänneg lokal Verwaltungen).

Matgedeelt vun déi Lénk

Opmaacherbild: © Dilion Shook / Unsplash

Related topics Aarbecht, Besteierung, Bilan, Confinement, déi lénk, Gesetz, Grenzgänger, Homeoffice, Materialkäschten, Privatliewen, Sozialversécherung, Teletravail, Zesummenhalt
Next post Previous post