Search

You may also like

Eng charakterlos Stad?
Neiegkeeten

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem

money
BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft
Neiegkeeten

BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft

Zanter 2017 hunn d‘BIL an „The Office“ esou eppes wéi

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser trouschtloser Plaz op déi komplett Fehlplanung vu ganze Quartier Ban de Gaasperech opmierksam gemaach bei dem de Staat seng Handlungsfräiheet reegelrecht décke private Promoteuren ënnerworf huet.

De Ban de Gaasperech steet fir 0 Transparenz, fir Luxuswunnengen, eng eenzeg Konsumlandschaft an eng ekologesch Katastroph.

De Ban de Gaasperech ass och beispillhaft fir eng knaschteg Steierpolitik. De ganze Quartier gëtt mat Hëllef vum Immobiliefong Olos deen de Promoteure Becca a Lux gehéiert finanzéiert, déi sech un dem Projet eng gëllen Nues verdéngen. Mat Immobiliefongen a Form vu FIS’en erlaben d’Regierunge grousse Grondbesëtzer a Promoteure ganz Arealer u Terrain’e ze besëtzen ouni dorop Steieren ze bezuelen an am Fall vum Ban de Gaasperech och nach d’Loyere vu Bürosflächen a Luxuswunnengen anzekasséieren.

déi Lénk soe Stop zu de Steierkaddoe fir Immobilienhaien a fuerderen eng sozial an ekologesch Planungspolitik déi vun der ëffentlecher Hand gefouert gëtt an de gënschtege Wunnraum zur Realitéit mécht.

Matgedeelt vun déi Lénk.

Related topics déi lénk, Soziale Wunnraum, Steiernischen, Verkéier, Video
Next post Previous post