Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden
Neiegkeeten

Alles rullt: Den elektresche Vël’OK begeeschtert de Süden

Um haitege Moien ass tëscht den Héichiewen um Belval den

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Schrecklech: Wirtschaftsattentat op déi Lëtzebuerger Autosbranche

Et gëtt an all Secteur Fluktuatiounen, esou och am Automobilsecteur, a jéimeren ass ëmmer gutt

Schrecklech: Wirtschaftsattentat op déi Lëtzebuerger Autosbranche

Wann et richteg ass datt de Januar fir eis Autoshändler net där beschter ee war, esou sollt een awer déi folgend véier Méint net ënner Wäert verkafen. Am Juni an am Juli huet et nees esou eppes wéi eng „Maartberouegung“ ginn, wat vum Secteur als „Baisse“ an/oder „Réckschlag“ verkläert gëtt.

„Wann si esou gutt géife schaffe wéi se jéimeren, hätte mir en Automobil-Paradäis“, heescht et hanner virgehalener Hand, an déi Ausso verdéngt kee Widdersproch. Gutt laut den Zuele vum STATEC an der privat-staatlecher Institutioun SNCT misst ee fir de Juli eng Baisse (op ee Joer) notéieren déi 2,7% bedréit. Wat esou Zuelen tatsächlech Aussoen, dat erzielen déi „zwee“ net.

An et dierf dann op dëser Plaz betounen, datt d‘Resultater nach ëmmer iwwert dem Rekord vun 2018 leien. An de leschte siwe Méint si géintiwwer dem Virjoer +0,94% nei Gefierer ugemellt gi firwat een an der Branche net wierklech misst „op traureg“ maachen. Et rullt an zwar zolidd.

Autosbranche

Sécher et geet ëmmer därer déi sech besser schloe wéi anerer, woubäi zwee Elementer weder vum STATEC nach der SNCT beliicht ginn, wat jo och net hir Missioun ass, awer duerchaus en Impakt op d‘Vente huet. Zum engen ännert sech d‘Mobilitéitsverhale vun der Mënschen – och mee net nëmmen am Kontext vu Klima- an Ëmweltschutz – zum aneren hapert et zolidd beim Service.

Esou vertrauensvoll wéi de Bankesecteur

Wann ee sech eppes méi prezis d‘Zuelen no Hiersteller ukuckt, da géif een unhuelen, datt déi bescht Marken sech am beschten halen. Dat ass faktesch net esou: VW (-14,66%), Audi (-14,3%) a bei Mercedes (+14,8%) fir emol déi beléiftsten aus Däitschland ze nennen, weisen datt et net zwéngend um Präis geleeën ass, datt sech d‘Clienten anerwäerts ëmkucke ginn. Wien e VW wëll kritt och een.

Mee de Resident huet Uspréch. Hie verlaangt fir säi Geld nieft engem irreprochabele Service och Vertrauen, an do gëtt et an der Branche katastrophal Defiziter. Dat fänkt bei der Vente un, wou et zuweilen net un Arroganz mangelt an een a punkto Emissiounswäerter nach ëmmer belu gëtt.

Autosbranche

Interessant och de Fait, datt een haut als Client scho bal genéidegt ass, dem Garagist schrëftlech den Detail vun der Revisioun déi ee wëll gemaach kréie muss virleeën. Gutt en Drëttel vun de Leit beschwéiert sech regelméisseg iwwert „Opschléi“. Do gi Saache gewiesselt, déi wuel net an d‘Geld schloen, awer vum Client net gefrot waren. An dee ka kaum novollzéie firwat et gemaach gëtt.

Wie gutt schafft muss sech net bekloen

Dat kënnt deene „klenge Garagisten“ entgéint, déi vläicht net „dee Markenartikel“ unzebidden hunn dofir awer en éierlechen a gefleegten Ëmgang mam Client zum Geschäftsmodell maache konnten. Bei esou Garagiste fiert een „ouni Bauchwéi“ an d‘Revisioun, et huet ee jo Vertrauen.

A firwat: well den „Check“ gëtt nach mam Client gemaach, Onvirgesinnes kläert een iert Hand ugeluecht gëtt, an net eréischt wann d‘Leit an der Keess stinn. A well de Secteur zu Lëtzebuerg ass, wéi en eben ass, kann nach drop higewise ginn, datt ëmmer méi Lëtzebuerger hiert neit Gefier am noen Ausland kafen. Wéi en Undeel dat bei der Immatrikulatioun ausmécht, verréit de STATEC net.

Autosbranche

Esoulaang wéi Rekorder gebrach ginn, sollt de Lëtzebuerger Automobilsecteur net virum Wollef warnen, well et kéint passéieren, datt wann dat sech géif astellen, kee méi de Schoss géif héieren. Emol dovun ofgesinn, datt wat méi Autoe verkaf ginn, der méi do sinn déi am Verkéier hënneren…

Ähnlech Sujeten Autosbranche, Garagisten, Mobilitéit, Rekordimmatrikulatiounen, SNCT, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel