Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek
Neiegkeeten

UGDA: Europäesche Concours fir Sträicher a Kammermusek

D’Museksschoul UGDA organiséiert um Sonndeg, de 15. November 2020 am

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!
Neiegkeeten

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Am Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg (INL) ginn d‘Zuele vun den Aschreiwunge weider an d‘Luucht

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Schoulrentrée, datt ass net eppes datt nëmmen de Krapperten an den Teenager virbehalen ass, nee och vill Erwuessener kommen am Kontext vum drëtte Bildungswee och a Fro. Esou um Beispill vum Sproocheninstitut zu Lëtzebuerg (INL) wou net manner wéi 450 Coursen ugebuede ginn, an dat ass net grad näischt.

Gutt, hei wéi esou zimlech iwwerall am Land, ass et nach dem Voltaire seng Sprooch déi am meeschten Zousproch huet, woubäi lues awer sécher dat lëtzebuergescht ufänkt ähnlech Zuelen opzeweisen. Geet een zréck bis an d‘Joer 2009, stellt ee fest datt sech grad emol eppes kléngs méi wéi 1.900 leit fir eis Sprooch interesséiert hunn. Eréischt 2016 huet et ugefaange seriéis ze ginn.

Do waren et da schonn 3.500 ageschriwwe „Studenten“ an am leschte Schouljoer (2018/19) waren et iwwer 5.000 Mënschen déi lëtzebuergesch Course besicht hunn. Dat bréngt mat sech, datt et och entspriechend méi Enseignante brauch. Laut eisen Informatioune missten dat der ronn 40 sinn, also bal esouvill wéi et Proffe fir dat franséischt gëtt. Wa vun Interessi rieds ass muss relativiséiert ginn.

Hei muss zum Beispill beuecht ginn, datt nëmmen den INL mandatéiert ass fir d‘Kompetenze vun de Kandidaten op déi Lëtzebuerger Nationalitéit enger Prüfung ze ënnerzéien. An zanter Enn 2008 sollen sech eppes méi wéi 13.000 Leit fir dësen „Examen“ ageschriwwen hunn. 2018 waren et der 2.500 déi de Sproochentest hannert sech bruecht hunn. Eigentlech richteg gutt Nouvellen oder?

Wou sech d‘Geeschter scheeden

Loosse mir ze bedenke ginn, datt sech 2017 d‘Kritäre fir d‘Evaluatioun duerch d‘Aféierung vun der Kompenséierung eppes verännert hunn. Et kann een den test dann och esou oft maache wéi ee lëschteg ass wat sech positiv op den Taux de Reussite auswierkt dee bei ¾ geleeën ass. Dat alles kann de Schluss zouloossen, datt sech ëmmer méi Mënschen an eis Gesellschaft agliddere wëllen.

Ganz esou einfach ass et dann awer net. Wann e sech op „aner“ Sprooche wéi ebe franséisch oder däitsch berifft, da stellt ee fest, datt d‘Leit beim Debutante-Cours (Niveau A1) ufänken a bis zum „Ech hunn et verstanen“ Cours (Niveau B2) duerchzéien. Beim lëtzebuergeschen ass dat net esou. Hei geet et oft net iwwert den Niveau A2 eraus, deen awer duer geet fir de Sproochentest ze packen.

Dat vill Leit nom „Sproochentest-Niveau“ net weider maachen, ass net der Qualitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch geschëlt, mee virun allem eis Lëtzebuerger, déi ëmmer nees eppes virschnell op d‘Mammesprooch vun eise Gespréichspartner aginn, wouduerch dësen a gewësser Moos ze verstoe kritt, datt hien sech net muss ustrengen, am mir jo souwisou all Sprooch beherrschen…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten INL, Nationalitéit, Nationalitéitegesetz, Sprocheninstitut
Nächsten Artikel Virrechten Artikel