Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stärekrich… den Etienne schléit zréck
Neiegkeeten

Stärekrich… den Etienne schléit zréck

Wéi den Etienne Schneider (LSAP) als Wirtschaftsminister op d‘Leeder geklommen

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020
Neiegkeeten

SYVICOL: Vu fräie Plazen, enger geplangter Schwämm an dem Budget 2020

De Virstand vum “Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises”, och

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”
Neiegkeeten

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

Zanter leschtem Sonndeg ass nees Konscht ënner fräiem Himmel am

Déi nei Fräiheet

De Premierminister ass an der Chamber nach emol op zweet Phas vum Deconfinement agaangen

Déi nei Fräiheet

Lëtzebuerg wier et gelongen dat schlëmmst ze verhënneren, huet de Premierminister Xavier Bettel (DP) gëschter den Deputéierten an eng emotionaler Ried un d‘Adress vun den Deputéierte gesot. Et war allerdéngs éischter eng Widderhuelung vum bereets Bekanntem aus der Pressekonferenz vum leschte Méindeg, a wiesentlech méi „schlau“ ass d‘Oppositioun dann och uschléissend net ginn.

Gewosst war schonn, datt ab e Méindeg den Handel a gewëssen Déngschtleeschtungen – wéi den imminent wichtege Passage beim Coiffeur – kulturell Institutiounen a Sportaktivitéiten, ënnert der Berécksiichtegung vun de ville Begleetmoossnamen nees opgeholl ginn. An de Premier huet och nees insistéiert, dat d‘Lackerung vun de Mesuren an déi nei Fräiheet net dierfe mëssbraucht ginn.

Wann d‘Reprise soll geléngen, ass et also net fir sech de Batti ze stellen. D‘Anhale vun alle Gesten: Hänn wäschen, sech d‘Gesicht bedecken an op Distanz goen, si grondleeënd fir ze assuréieren, datt een net an Zochzwang geréit a méiglecherweis nees misst zréckrudderen an et zu enger neier Phas vum net wënschenswäerte Confinement komme muss. Disziplin a Vernonft sinn och „Schutz“.

Verstoe wourëms et geet

Datt mir alleguerte mam Covid19 nach laang wäerte liewe mussen, zumindest bis en Impfstoff disponibel ass, dat dierft no gutt siwe Woche Confinement an Aschränkunge jo bei jidderengem ukomm sinn. Dat primäert Zil muss et sinn, eng zweet Well ze verhënneren, an dat léisst sech nëmme bewierkstellegen, wann ee weider verstänneg ass a leider oder weider Verzicht üübt.

Datt ee sech nees dierf versammelen – bis zu 20 Leit – gëllt dofir fir exklusiv fir den ëffentleche Raum. Fiesta doheem oder Grillparty am Gaart, dat ass och weiderhi verbueden. Et ass iwwregens verbueden, well mir faktesch net amstand sinn, eppes Selbstverständleches aus eegener Initiativ unzegoen. Mee de soziale Kontakt ass a bleift ee wichtege Facteur fir den Zesummenhalt.

Esou dierf een da vun e Méindeg un bis zu 6 Invitéeë bei sech doheem empfänken. Hei heescht et awer d‘Distanzen anhalen a virun allem d‘Mask unzehunn. Eppes, wat hannert zouen Diere wuel kaum net ze kontrolléieren ass, an dofir ëm esou méi sollt behäerzegt ginn, och wann dat sécherlech ee ganz fromme Wonsch ass. Et wier awer Schued, wann d‘Reprise dorunner géif scheiteren.

Ageschränkten Optimismus

Wann dem Premierminister seng Ausféierungen nees méi optimistesch Aussiichte verspriechen, esou gëtt och Beräicher, wou Zouversiicht alles anescht wéi ugesot ass. Dat gëllt ganz besonnesch fir de Secteur vun der Gastronomie, mee och fir de ganze Secteur vun der Kultur, dee vum Public ofhängeg ass an natierlech de Kompetitiounssport. Hei konkret Datumer ze nennen, geet net.

Woubäi ee wësse soll, datt dat näischt mat schlechtem Wëllen ze dinn huet, mee sämtlech Donnéeën déi fir eng Reprise, grad eben am HORESCA-Secteur nach net virleien. Decisiounen am Kader vun der Pandemie loossen sech leider nëmmen zäitversat huelen. Esou ass och den avancéierten Datum vum 1. Juni fir d‘Restauranten dovunner ofhängeg, wéi d‘Lag sech déi nächst 14 Deeg entwéckelt.

Zudeem muss et hei och ganz Konkret a realisabel Richtlinne ginn. Sinn se ze streng ass et vläicht net wirtschaftlech de Restaurant opzemaachen, sinn se ze lasch, riskéiert een nees mussen alles zou ze maachen. Dat suergt fir verständlechen Onmutt, mussen sech dach och déi Betriber op d‘Zukunft virbereede kënnen, an dat ass ouni Planungssécherheet evidenterweis schlicht net méiglech.

Kloertext wann ech gelift!

Vun der CSV-Fraktiounspresidentin sinn déi vun der Regierung getätegt Efforte wäitgoend gelueft a begréisst ginn, mee d‘Martine Hansen huet och eng fundéiert Kritik zum Ausdrock bruecht. Esou gëtt wuel behaapt, datt ee sech mat den Acteuren um Terrain géif concertéieren. Dat geet awer net wann een ënner „Acteur“ Consultingfirmae versteet an d‘Sozialpartner bausse vir léisst.

D‘Bierger am Land hätte grouss Efforte gemaach, wat duerch déi vun der Gesondheetsministesch virgeluechten Zuelen esou jo och bestätegt gëtt. Elo wier et awer un der Zäit, Gesondheet, Fräiheet a Wirtschaft nees ënnert een Hutt ze bréngen. D‘Leit verlaange Planungssécherheet a Perspektiven, an ouni seriéis an konkret Informatiounen ass dat eng Saach vun der Onméiglechkeet.

Aus „Bleift doheem!“ gëtt „Bleift ausenaner“, esou d‘Martine Hansen, déi begrënnt veriergert ass, wéi aktuell kommunizéiert gëtt. Kommunikatioun kann an dierft net doranner bestoen, sech gutt Schlagzeilen an de Medien ze besuergen. „Kommunikatioun muss kloer, transparent an informativ sinn“, esou CSV-Fraktiounspresidentin, där et alt nees gelongen ass den Nol op de Kapp ze treffen.

War soss nach eppes?

D‘Riedner vun der Koalitiounsmajoritéit hunn am wesentleche kaum en notabele Méiwäert an den Debat bruecht. Si erkennen awer am allgemengen un, datt een nëmmen de Kampf ka gewannen, wann d‘Mesure vun der Bevëlkerung ugeholl a verstane ginn. Si wëssen also och, datt déi vill Widderspréch net gutt sinn, woubäi et dann awer vläicht ubruecht wier, dat elo ze ënnerloossen.

An dësem Kontext huet de Gast Gibéryen (ADR) engersäits d‘Finanzgebare vun der Regierung missen denoncéieren, mee hien huet virun allem Lanz fir den HORESCA-Secteur gebrach. Hie wonnert sech, datt an Däitschland an Éisträich d‘Gastronomiebetriber nees relancéiert ginn, an et dem Premier net méiglech war hei eng kloer a verständlech Annonce ze maachen.

Fir de Marc Baum (déi lénk) war et dann emol d‘Feststellung, datt et de fënneften Debat an déi drëtt Regierungserklärung ass, déi hei gebuede gouf. Et wier vu Strategie rieds, eng Strategie allerdéngs déi weder verständlech nach novollzéibar ass, wëll ouni Inhalt. Mat dëser Kommunikatioun, aus där d‘Strategie net erkennbar ass, riskéiert ee un Zoustëmmung ze verléieren, esou den Deputéierten.

De Sven Clement huet a senger Interventioun op de Benefice vum Homeoffice higewisen, deen do wou et méiglech ass, och am Deconfinement, an méiglechst no der Kris, do wou en eng Plus-value duerstellt, soll bäibehale ginn. Datt de Staat all Persoun iwwer 16 Joer och nach wëll 50 Masken zougestoe wier gutt, mee net zefriddestellend, d‘Betriber bréichten där och, besonnesch wa Public empfaange gëtt.

Foto: © Chambre des Députés/Flickr

Ähnlech Sujeten Chamber, Kommunikatioun, Premierminister, Regierungserklärung, Strategie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel