Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit
Neiegkeeten

Britescht Parlament wëll d‘Verlängerung fir de Brexit

Si maachen et sech an der Welt net einfach. En

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun
Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Iddien fir d’Zäit an Isolatioun

Esou lues ginn engem dach tatsächlech d’Iddien aus, wat een

Flavien Berger um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Flavien Berger um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen Interventioune vum OGBL beim Sozialminister Nicolas Schmit, wier de Gesetzprojet deen d‘Reform an Ugrëff hëlt, elo esou gutt wéi um Instanzewee.

Dat, esou de Communiqué vun der Gewerkschaft, hätt de Minister dëse 27. Abrëll bei enger Entrevue bestätegt. Den OGBL hat bei dësem Treffen, dem Minister 336 Bréiwer iwwerreecht, déi vu Salariéeën, déi am Gesondheetssecteur, der Fleeg an dem Soziale beschäftegt sinn, verfaasst goufen.

Et sinn déi Persounen, déi sech aktuell an enger Reklassement-Mesure befannen, an esou och net vum positiven Accord profitéiere sollen, deen 2017 fonnt konnt ginn. En Accord deen zu enger Revalorisatioun vun de Carrière am Kader vun de Kollektivverträg SAS an FHL gefouert huet.

D‘Gewerkschaft leet grousse Wäert drop hinzeweisen, datt dës Salariéeën déi reklasséiert gi sinn, a zanter Joren am Gesondheetssecteur a bei de sozialen Déngschter täteg sinn, sech ëmmer mam OGBL géint d‘Ongerechtegkeete bei der Remuneratioun – déi an de leschte Kollektivverträg verankert waren – zur Wier gesat hunn.

Si sinn haut méi wéi jee d‘Affer vun enger direkter Diskriminatioun. De Minister hätt versprach, datt ei lescht Versioun vum Gesetzestext dës Ongerechtegkeet géif ausgläichen. Dofir wier de Wäert vun der „kompenséierter Entschiedegung déi vun der ADEM ausbezuelt gëtt, agefruer ginn“.

Domatter sollt de Salarié voll a ganz vun der Erhéijung vum patronalen Undeel un der Pai profitéieren. Déi Ännerung soll dann elo och a Kraaft trieden, esoubal wéi d‘Gesetz gestëmmt ass, a muss bei all neiem Kollektivvertrag applizéiert ginn. Onofhängeg vum Secteur oder der Entreprise.

Dat gëllt och vir all Gehaltserhéijung, déi bis zu dräi Joer virun Akraafttriede vum Gesetz dem Salarié zougestane ginn ass. D‘Aféierung vun enger kompenséierter Entschiedegung, wäert och bei der ADEM fir eng administrativ Vereinfachung bäidroen, a fir raisonnabel Delaie suergen.

Zur Erënnerung: e Salarié deen an eng Situatioun vu „Reklassement“ rutscht, muss aktuell bis zu fënnef Méint waarden, iert hien déi éischt Sue vun der ADEM erhält. Eng Situatioun déi vun de Gewerkschaften als inakzeptabel betruecht ginn ass, besonnesch am Hibléck op d‘Precaritéit.

De Minister huet dem OGBL bestätegt, datt de Gesetzprojet op der Dagesuerdnung vum nächste Regierungsrot (4. Mee) steet. D‘Gewerkschaft verlaangt vum Regierungsrot Verantwortung ze wiesen, an dofir Suerg ze droen, datt dëst Gesetz nach an dëser Legislaturperiod ugeholl gëtt.

Ähnlech Sujeten ADEM, Nicolas Schmit, OGBL, Reform, Reklassement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel