Search

You may also like

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
Kultur Neiegkeeten

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

An Trauer: Covid-19-Stierffall an der Famill vu S.A.R. der Groussherzogin
Kultur Neiegkeeten

An Trauer: Covid-19-Stierffall an der Famill vu S.A.R. der Groussherzogin

A grousser Trauer deelt de groussherzoglechen Haff mat, datt den

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!
Kultur Neiegkeeten

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!

Beim Ubléck vun dëse Biller kéint ee mengen, datt entweder

Déi zéng beschte Mafiafilmer

Déi zéng beschte Mafiafilmer

De Mafiafilm ass een eemolege Genre vum Kino, e bleift e Muss. Och wann et schwéier ass, d’Adoratioun vun der Ëffentlechkeet fir dës Männer ze verstoen, déi vun de Gesetzer vun der Gesellschaft befreit sinn – et ass net manner onbestridden, datt si vum Tony Montana bis zum Carlito Brigante, si erwächen d’Leidenschaft an d’Empathie vun de Spectateuren. An dëser neier Rubrik, déi aus den Top 10 besteet, bitt d’Redaktioun Iech dës Kéier säi Ranking vun den zéng beschte Mafiafilmer.

Andiamo.

10. « New World », 2012, Park Hoon-Jung :

De Regisseur ass och fir den exzellenten I Saw The Devil verantwortlech. New World ass déi perfekt Definitioun fir d’Fäegkeet dofir, datt een mat Alem, eppes Neies ka maachen.

Park Hoon-Jung gräift e klassescht Thema vum Infiltrator a sengem Dilemma tëscht senge béide Familljen op. Sou kritt een e Film gebueden, wann en net mat senger Originalitéit kollidéiert, iwwerzeegt en mat sengem poléierten Image, sengen impeccabele Schauspiller a sengem verwurrelte Skript. Dëse Spillfilm aus dem Joer 2012 verkett Wendungen, Zweiwel a Froen zu der Motivatioun vun de verschiddene Protagonisten a schafft et perfekt, de Spectateur ze fesselen. Ongedëlleg wëll een déi verschidden Dréiungen entdecken. Dozou kënnt nach e super Soundtrack, e leckere Choi Min-Sik a senger dreckeger Polizisteroll sou wéi wonnerschéin choreografesch Kämpf. New World huet sech einfach als ee vun de beschte Mafiafilmer aus dem leschte Joerzéngt etabléiert.

9. « Casino”, 1995, Martin Scorcese :

Den éischte Film Casino vum Martin Scorcese deen an de beschte Kinotitelen vun legendäre Regisseur dacks vergiess gëtt, ass eng üppeg Adaptioun vum der Dominanz an der Ënnerwelt vu Las Vegas. An dat an den 70er Joren. De Robert De Niro spillt den Ace Rothstein, neie Manager vum Casino “Tanger”, Kinnek ënner de Kinneken. Wärend d’Liewe säi betrügeresche Laf hëlt, ginn ënnerschiddlech Attacke vun alle Säiten, d’Geschäft ënnergruewen. De Film Casino baséiert op enger realer Geschicht. D’Rolle vum de Niro an dem Joe Pesci, sinn deenen aus dem legendäre Film “GoodFellas” zimmlech änlech. Och dem Sharon Stone seng Leeschtung als futtis Femme fatale gëtt ervirgehuewen. Och wann de Film duerch säin abrupte Schluss bemängelt ka ginn, dës ergräifend Nevada-Rees ass e grousse Succès.

8. « Donnie Brasco », 1997, Mike Newell.

Donnie Brasco ass ganz klassesch a senger Approche. De Film bleift haaptsächlech duerch den Al Pacino an den Johnny Depp an Erënnerung. Dobäi spillt den Johnny Depp d’Roll vun engem verdeckte Polizist – ënnert dem Numm Donnie Brasco an enger New-Yorker Mafiafamill. De Mafioso Al Pacino huet een herrlecht Liewe verpasst, déi Persoun, déi vum zukünftegen Held vun de Pirates of the Caribbean Saga verkierpert gëtt, fënnt sech tëscht senger Léift Lefty a sengem Zil, dës kriminell Famill ze stierzen, hin an hier gerappt. Den Al Pacino liwwert eng räich Leeschtung an dëser Charakterroll, déi kee méi eescht hëlt. Am Film gëtt eng Säit gewisen, déi am Kino wéineg ze gesinn ass. De Mafia-Mann am Allgemengen, als staarke Charakter a mat offensichtlechem Charisma.

Hannert dësem Duo steet eng klassesch Leeschtung, déi absolut erfollegräich ass a jiddereen, deen eppes mat dësem Genre ufänke kann, iwwerzeege wäert.

7. « Departed », 2006, Martin Scorcese :

An zwee fir de Scorcese!

The Departed ass eng Adaptioun vum Hongkonger Thriller Infernal Affairs (deen mir och empfeelen). Et ass net nëmmen e super Film, mee och de Beweis dofir, datt den Alter fir den New-Yorker Regisseur keng Zäit huet. Mat engem rasante Film, wuessender Spannung a stännege Wendunge bréngt de Scorcese säi Kino mat Begeeschterung an 21. Joerhonnert. De Leonardo DiCaprio, Matt Damon, Jack Nicholson, Mark Wahlberg, Martin Sheen oder awer Vera Farmiga si mat vun der Partie. Haarde Rocksound, Kaz-a-Maus Spiller sou wéi onberechenbar Wendunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem immense Film. Fir ze kucken, erëm ze kucken an nach eemol ze kucken.

6. « We Own The Night», 2007, James Gray :

Dëse Film vum James Gray ass méi wéi ee Mafiafilm, erzielt gëtt d’Geschicht vun enger zerrappter Famill an New York. Mat enger mythescher Erëffnungszeen ass The Night Belongs To Us een formidaable Mafiafilm, deen eiser Meenung no, ënnerschat gëtt. De Joaquin Phoenix spillt de Bobby, e jonke Mann, dee verantwortlech ass fir eng berüümten Diskothéik. Hien ass blann fir déi Illegalitéiten, déi do stattfannen. Ausserdeem verléift hien sech an een moralescht, zweiwelhaft Eva Mendes. Dem Bobby säi Brudder, gespillt vum Mark Wahlberg, ass e Polizist, deen dofir verantwortlech ass, déi Mafia ze stierzen, déi de Club vu sengem Brudder benotzt fir Drogen ze schmuggelen.

Dës Situatioun wierkt sech op d’Bezéiung tëscht de Bridder an hirem Papp aus. Déi Roll gëtt herrlech vum Robert Duvall verkierpert. Hien erlieft d’Zerstéierung vu senger Famill mat a kann näischt géint dës klassesch Situatioun “gudden a schlechte Jong” maachen.

Däischter Faarwen, luesen an ängschtleche Rhythmus – “The Night Belongs To Us” ass e fantasteschen neoklasseschen Thriller, deen u Kraaft zouhëllt an e gutt Beispill vun enger griichescher Tragedie ass.

5. « Es war einmal in Amerika », 1984, Sergio Leone :

De leschte Film vun der Ikone Sergio Leone ass: Es war einmal in Amerika. Hien huet méi wéi 12 Joer laang dru geschafft, dëse Film ass sécherlech och säi Gréissten.

Dës Saga, déi bal véier Stonnen dauert a sech iwwer fënnef Joerzéngten erstreckt, erzielt d’Entwécklung vun zwee Kanner. Och d’Gesellschaft gëtt ënnert d’Lupp geholl, zemools wéi déi zwee Kanner dozou gehéieren an se, enges Dages dominéiere wëll. Meeschterhaft gëtt all Sekonn an all Bild beaarbecht an ass soumat vun seelener Schéinheet an Emotioun. De luese Rhythmus mëscht Geschichten iwwert d’Léift, Frëndschaften, Verrot, Loyalitéit oder Mord. Et stëmmt nodenklech a schaaft e grousst Erliefnes.

Déi monstréis Aarbecht vum Regisseur, déi vun de Produzenten bei hirer Verëffentlechung, déi méi wéi 90 Minutten an Usproch geholl hunn, zu Onrecht geschluecht gouf, huet am Laf vun de Joren hir Plaz am Pantheon vum Kino fonnt. A mat der Musek vum Ennio Morricone, déi wéi ëmmer aussergewéinlech ass, ass dës lyresch Aventure näischt aneschter wéi en absolut Meeschterwierk.

4. « Sprung in den Tod», 1949, Raoul Walsh :

Sou wéi déi zwee aner James, Dean a Stewart, ass de James Cagney e gutt Beispill dofir, wéi vill d’Schauspillerei sech am Laf vun de Joren entwéckelt huet. An dësem Film, den Enn vun de 40er Jore spillt, gëtt d’Geschicht vun engem Gangleader erzielt. Dësen ass mat schrecklecher Migrän an onendlecher Léift zu senger Mamm geplot. Den James Cagney liwwert eng Opféierung vu Roserei an Iwwerfloss (d’Zeen vun der nach ëmmer mythescher Prisongskris). Dëst Schauspill gehéiert zur Meeschterklass. Erzielt gëtt d’Geschicht vun engem neurotesche Leader, deen tëscht senger Famill an dem Béisen hin- an hier gerappt ass. Dëse Film ass mat engem, vun de berüümtste Sätz an der Filmgeschicht geschmëckt ginn a soumat e Must-see fir all Liibhaber vum Mafia-Genre.

“Look at me Ma, top of the world”

3. «GoodFellas», 1990, Martin Scorcese :

GoodFellas ass mat de Jore legendär ginn. Et besteet keen Zweiwel, datt et ee vun de gréisste Filmer an der Sammlung vum Martin Scorcese ginn ass.

Mam Ray Liotta an der Haaptroll an Erzieler, engem verstéierten DeNiro an der Entdeckung vun engem geckege Joe Pesci ass dëse Sprong an déi italienesch-amerikanesch Mafia vun de 50er a 60er Joren eng Lektioun Geschicht. GoodFellas besteet aus aussergewéinleche Sequenzopnamen, onvergiesslechen Dialogen, enger permanenter Spannung an enger Explosioun u Gewalt. Esou zeechent de Film e Portrait vun enger seelener Éierlechkeet, am Alldag vu Leit, déi vun a fir Verbrieche liewen. Paranoid, falsch Leit, Geckeger a Mythomanen – dës Männer si scho verurteelt ouni et ze wëssen. D’Spiral vu Fraen, Drogen, Alkohol a Morde fënnt een tragescht Enn. Et ass schwéier nei Saachen iwwer en nawell villzitéierte Film ze erzielen. Dofir hu mir nëmmen een Tipp:

Kuckt Iech de Klassiker un!

2. « Carlito’s Way », 1993, Brian de Palma :

Dëse Film gëtt dacks vergiess, wann et drëm geet, déi bescht Mafiafilmer ze benennen. Mam onvergiessleche Carlito Brigante an dem Benny Blanco gehéiert en ganz héich an dës Kategorie. D’Dréibuch ass zimmlech klassesch, awer fuerchtbar effektiv a gëtt vum Al Pacino a senger Roll als Mann gedroen, deen a senge Feeler vun der Vergaangenheet gefaangen ass. Et ass e Spillfilm iwwert d’Vertrauen an d’Schwieregkeet aus senger Welt erauszekommen. En ass euphoresch, verstéierend an erstéckt an de leschten 30 Minutten – wa mir mat aller Kraaft mam Held bieden, fir en erfollegräich aus der Gefor ze kréien. An eisen Aen ass de Film méi grouss, méi staark a méi erfollegräich wéi dem Brian de Palma säin anere Mafiafilm Scarface.

1. « The Godfather », 1972, Francis Ford Coppola :

Wéi kéint et anescht sinn?

Dëst Meeschterwierk vum Francis Ford Coppola erzielt d’Geschicht vun enger mächteger New-Yorker Mafia Famill, déi kuerz virum Krich mat engem Konkurrent steet. Zu enger Musek, an engem luese Rhythmus, dee fir dëse Genre seelen ass, komme Beschtleeschtunge vun de Schauspiller dobäi. D’Verwandlung vum Al Pacino – vum onschëllege Lämmchen, zu engem grausame Raubdéier – ass eng echt Demonstratioun vu sengen Talenter. Onvergiesslech ass och de Marlon Brando a senger Roll als Patriarch, deen u senge Wäerter festhält an dobäi richteg béis ka sinn. Ganz ze schweige vum James Caan, Robert Duvall oder dem Diane Keaton, déi all vun hiren nuancéierte Rollen heemgesicht ginn. Domat ass The Godfather zweiwellos de gréisste Mafiafilm a Bezuch op seng Ambitiounen, seng Acteuren, seng Geschicht a Produktioun. A wann Dir net averstane sidd – zéckt net, eis eng Offer ze maachen, där mir net widderstoe kënnen.

Net opgelëscht: The Irishman, Il Traditore, The Godfather 2, American Gangster, Scarface, Legend, Réservoir Dogs…

vum Tendai Michot

Illustratioun: © Mahdi Rezael / unsplash

Related topics Kino, Mafiafilmer, Spannung, Tëlee, Thriller, VOD, Zinema
Next post Previous post