Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’CSV wëll endlech Kloerheet
https://moien.lu/who-is-big-chiefs-wife-dating/ making the perfect dating profile

operation hydra matchmaking

Droleg Entwécklung zu Biissen. E Buergermeeschter, dee bis viru kuerzem

fort pierce dating
https://moien.lu/who-is-big-chiefs-wife-dating/ making the perfect dating profile

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?
https://moien.lu/who-is-big-chiefs-wife-dating/ making the perfect dating profile

Editorial: Eng franséisch Wahlcampagne ?

Am Quotidien vum 11. August huet e Journalist eng Feststellung

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“

Mat engem flotte Concours!

Déi zweet Editioun vun „Alkohol? Wéineger ass besser!“

Vum 18. bis de 26. Mee fënnt zu Lëtzebuerg scho fir eng zweet Kéier d’Aktiounswoch „Alkohol? Wéineger ass besser!“ statt. Als eenzegaarteg Preventiounscampagne geet een hei géint den iwwerméissegen Alkoholkonsum fir. An éischter Linn baut dës Campagne op Fräiwëllegen, Biergerengagement a Selbsthëllef.

An Zesummenaarbecht mat der Däitscher Haaptplaz fir Suchtfroen (DHS) gëtt d’Woch géint den iwwerméissegen Alkoholkonsum organiséiert. Dobäi gëtt d’Campagne scho säit 2009 all 2 Joer bei eisen däitschen Nopere lancéiert, woubäi elo nieft Däitschland a Lëtzebuerg och nach d’Schwäiz, Liechtenstein an Éisträich mat zitt. An dat aus guddem Grond: Laut der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hu 6,6 & vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung eng Stéierung mat Alkohol an souguer 2,9 % (~18.000 Mënschen) leiden ënnert der Ofhängegkeet.

D’Aktiounswoch went sech un all déijéineg, déi Héichprozenteges konsuméieren a reegt dozou un, iwwert säin eegent Konsumverhalen nozedenken. Schliisslech mëscht Alkohol net nëmmen ofhängeg, mee och nach krank. Fir ronn 200 Krankheeten – dorënner Kriibs, Liewerzirrhos, Demenz a villes méi – sollt de Konsum vun Alkohol mat verantwortlech sinn. An et sollt een och bedenken, datt et kee risikofräit Mooss gëtt!

D’Gesondheetsdirektioun stäipt sech op der Recommandatioun vun der WHO zum risikofräie Konsum a réit alle Fraen net méi wéi 1 Glas Alkohol den Dag, an Männer maximal 2 Glieser den Dag zou sech ze huelen. Donieft gëtt jiddwerengem geroden op mannst 2 Deeg „Alkohol-Paus“ pro Woch anzeleeën.

Alkohol op der Aarbecht

An dësem Joer läit de Schwéierpunkt virun allem beim héichprozentege Genoss op der Aarbechtsplaz. Mat der Campagne sollt dorop opmierksam gemaach ginn, datt een duerch de Konsum net nëmmen sech, mee och aner Persounen a Gefor brénge kann.

An awer ass den Alkohol grad op der Aarbecht omnipresent. Sief et fir een Ofschid, ee Mëttegiessen oder een After-Work, ee Glas Schampes, Wäin oder Béier ass quasi ëmmer mat am Spill. Jee nodeem huet dëst Verhalen Auswierkungen op d’Gesondheet vun de Salariéen, déi am schlëmmste Fall ee Verkéiersaccident bauen, d’Maschinne falsch bedéngen oder ähnleches. Natierlech gëtt dobäi d’Aarbechtsleeschtung och reduzéiert.

Alkohol

Geet een elo dem DHS no, esou sinn 25 % vun allen Aarbechtsaccidenter op Alkohol zeréck ze féieren. Genau aus dësem Grond sollt een zu folgenden Daten emol gutt seng Läffele spëtzen:

  • Bei 0,2 Promill am Blutt: duebel esou héije Risiko fir een Accident, wéi wann een niichter ass
  • Bei 0,3 Promill am Blutt: reduzéiert Opmierksamkeet, Konzentratiounsfäegkeet an sénkende Widderstand géint Middegkeet; Och hei ass de Risiko duebel esou héich, wéi wann een niichter wier
  • Bei 0,5 Promill am Blutt: lues Reaktiounsfäegkeet; 3 Mol méi een héije Risiko fir een Accident, wéi wann een niichter ass
  • Bei 0,8 Promill am Blutt: däitlech Beanträchtegung vum Gläichgewiicht, vum klore Kapp an dem selbstkriteschen Handelen, sou wéi eng däitlech reduzéiert Reaktiounsfàegkeet; 4,5 Mol méi een héije Risiko fir een Accident, wéi wann een niichter ass
  • Bei 1,5 Promill am Blutt: 16 Mol méi een héije Risiko fir een Accident, wéi wann een niichter ass

Och dës Konsequenze sinn net ze ënnerschätzen:

  • Ausfall vun Aarbechter (d’Feele vu Personal ass 3-5 Mol méi héich bei riskantem Alkoholkonsum)
  • Verréngert Produktivitéit, Opmierksamkeet a Konzentratioun, sou wuel beim Konsument, wéi och bei anerem Personal, dat vum Konsum mat beaflosst gëtt an doduerch méi schnell schaffe muss
  • Negativen Afloss op sozial Bezéiungen (Scheedungen, schlecht Aarbechtsklima) an op Aarbechtsbezéiungen (Kënnegung: all 6. Kënnegung geet op Alkohol zeréck)
  • Verkéiersaccidenter (een Drëttel vun alle Verkéiersaccidenter sinn op Alkohol zeréck ze féieren, esou d’Sécutiré Routière)

Alkohol

Matmaache gëllt! 😉

An éischter Linn zielt d’Preventiounscampagne dorop eraus, datt ee selwer aktiv gëtt a sech hëllefe léisst. D’Häerzstéck besteet dofir aus Fräiwëllegen, déi d’Kärausso verbreeden: Dokteschpraxen a Spideeler, Foussgängerzonen an Akafspassagen, Schoulen, Aarbechtsplazen, Evenementer a villes méi.

A wann och Dir selwer aktiv wëllt ginn an un der Aktiounswoch deelhuele wëllt, sitt Dir gären agelueden op Facebook an/oder Instagram ee Bild eropzelueden, op deem Dir „Nee“ zum Alkohol sot. D’Foto kann uschléissend mam Hashtag #alcoholisaidno kennzeechnen, fir dann um Concours deelzehuelen.

Donieft kënnt och Dir een Evenement op ärer Aarbecht organiséieren, bei deem een um Site www.aktiounswoche-alkohol.lu umellt fir een eegene Projet eropzelueden. Donieft kritt een natierlech gratis Informatiounsmaterial, wann een duerno freet!

Ähnlech Sujeten Alkohol op der Aarbecht, Alkoholsucht, Nee, Securité Routière, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel