Op en neits en déidlecht Accident

An der Nuecht op ee Samschdeg ass géint 2.40 Auer op der N31, tëscht Käerjeng a Lénger bei der Ënnerféierung vun Tunnel „Biff“ zur Frontalkollisioun tëscht zwee Gefierer. Zwee Mënschen hunn heibäi hiert Liewe verluer, zwou weider Persoune goufe schwéier blesséiert.

Et war och fir d‘Beamte vun der Police keen alldeeglecht Bild dat sech hinne gebueden huet, wéi si op der Plaz ukomm waren. Vill Zäit driwwer nozedenken haten d‘Polizisten net: Ofséchere vun der Plaz wou d‘Accident geschitt, de CGDIS alarméieren a déi op hiren Asaz mat uerdentlechen Infoe versuergen. Zäitgläich no de Persounen an de Gefierer kucken…

Wann de CGDIS wuel ganz séier op der Plaz war, fir eng 22 järeg Damm aus Frankräich an ee 40 järegen Diddelenger koum awer all Hëllef ze spéit. Allebéid sinn nach op der Plaz un de Folge vun hire Blessure verstuerwen. Zwou aner Persounen déi an den Autoe3 gesiess waren, konnt de CGDIS aus hirer mësslecher Lag befreien. Si goufe ganz seriéis blesséiert an zäitno an d‘Spidol iwwerstallt.

Entspriechend den éischten Erkenntnisser ass de Chauffer, deen a Richtung Käerjeng ënnerwee war virun der Ënnerféierung op d‘Géigespuer geroden, a mam entgéintkommenden Auto kollidéiert. De Chauffer schéngt bei dësem Accident net all ze schwéier blesséiert ginn ze sinn, well et konnt en Alkoholtest gemaach ginn, dee positiv ausgefall ass, firwat de Procureur d‘Festnam ugeuerdent hat.

Den techneschen Déngscht vun der Police ass op d‘Plaz bestallt ginn, fir den Onfallhiergang ze erfaassen an déi genee Ursaach vum Accident ze ermëttelen. D‘Streck konnt eréischt de Moien nees fir de Verkéier fräi gi ginn.

Foto: © Police

Dernières nouvelles