Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
International Neiegkeeten

dating site in south african

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

https://moien.lu/dating-places-in-kathmandu-valley/
International Neiegkeeten

Wanterprognos 2019: Wéineg Wuesstem bei globalen Onsécherheeten

Déi europäesch Wirtschaft dierft 2019 am 7. Joer a Folleg

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch
International Neiegkeeten

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

E puer Deeg virum Joresdag vum Militärputsch a Brasilien, huet

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit

Vergaangenen Donneschdeg huet d’EU-Parlament mat enger grousser Majoritéit een Ëmsetzungrapport zum europäesche Gesetz iwwert de Schutz vun Déiere beim Transport ugeholl. D’Fazit ass erniichterend: d’Direktiv vun 2005 ass bal an alle Memberstaate mangelhaft ëmgesat ginn. Dobäi ass et zu gravéierende Verstéiss an dëser Industrie komm.

Virun allem déi ëmmer méi laang Transportzäiten vun den Déieren, den Transport vun immens jonken oder schwaachen Déieren, an den Export vu liewegen Déieren an Net-Memberstaaten ginn als problematesch identifizéiert. De Rapport gëtt sech net zefridde mat enger einfacher Bestandsopnam. Kloer Fuerderungen un d’EU-Kommissioun an un all d’Memberstaate gi gestallt.

Nieft enger Verbesserung vu bestoenden Norme soll et schnellstméiglech zu enger Verbesserung vum Gesetzestext kommen. Dozou ziele verbessert Fitness-Checks virum Transport, d’Minimiséierung vum Export vu liewegen Déieren a méi staark Strofe bei Verstéiss.

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz begréisst d’Ofstëmmung: „Dat Europäescht Parlament huet sech haut kloer fir ee verbesserte Schutz vun den Déiere bei Transporter ausgeschwat an op d’Versoe vun der Kommissioun an de Memberstaaten an dëser Hisiicht higewisen. Et ass erfreelech, datt dëse Bericht eng breet Zoustëmmung am Parlament kritt huet.

Dëst beweist engersäits, datt ee besseren Ëmgang mat sougenannten Notzdéieren eng Partei-iwwergräifend Fuerderung ass an anerersäits, datt d’Lag a punkto Déierentransporter wierklech dramatesch ass. Elo läit de Ball bei der EU-Kommissioun a bei de Memberstaaten. Mir fuerderen d’EU-Kommissioun dozou op, Vertragsverletzungsprozedure géint all Memberstaaten anzeleeden, déi, déi europäesch Virgabe just mangelhaft ëmgesat hunn.

D’Verbindung zur Gemeinsamer Agrarpolitik dierf net vergiess ginn. D’Fërderung vu Bëllegfleesch a ganz Europa an een Iwwerschoss u Produktioun bedeiten och ëmmer méi Transporter. Dofir setze mir Gréng eis am Kader vun der Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik vun der Europäescher Unioun fir een Enn vun der Massendéierenhaltung an déi onlimitéiert Produktivitéit an.“

Ähnlech Sujeten déi gréng, Deierentransport, Déiereschutz, EU-Kommissioun, Massendéierenhaltung, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel