Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?
did prince harry dating camilla from love island

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass eng räich Sprooch. Dat vergësst een heiansdo

dating cinelli handlebars
did prince harry dating camilla from love island

https://moien.lu/hookup-saint-john/

All Kéiers – et kéint ee bal Wetten drop ofschléisse –

Europa: Eng onerwaarten Entscheedung!
did prince harry dating camilla from love island

Europa: Eng onerwaarten Entscheedung!

Si hunn sech d‘Deeg an d‘Nuechten ëm d‘Ouere geschloen an

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren

Den Déiereschutz an der Verfassung verankeren

Aus Aktualitéitsgrënn ass d‘ADR un vergaangenen Donneschdeg op den Déiereschutz zu Lëtzebuerg agaangen. En Déiereschutz deen net eleng duerch e Gesetz soll verbessert ginn, mee an der Verfassung misst verankert ginn.

Bei der Pressekonferenz, huet de Parteipresident Dr. Jean Schoos dann och emol d‘Geleeënheet genotzt, fir drun ze erënneren, datt der ADR den Déiereschutz ëmmer scho wichteg war an ass. (Grondsazprogramm vun 2006 Art. 63)

Wann een elo berécksiichtegt, datt et mat der Verfassungsreform net „fir muer ass“, et awer deemnächst soll e neit Déiereschutzgesetz ginn, esou sollt een och am Code Civil de politesche Courage hunn, eng Ännerunge virzehuelen, an d‘Déieren net méi als „Saach“ unzëerkennen.

An hei hat den ADR-Deputéierte Roy Reding dann och am Dezember 2015 virgeschloen, den Artikel 516-2 am Code Civil ze revidéieren. Firwat déi Propose sech net an der Chamber duerchgesat huet, wou se dach eigentlech „onpolitesch“ ass, doriwwer léisst sech just spekuléieren.

Jo.. Nee… mee awer…

Wat elo d‘Verfassung betrëfft, do hat de Roy Reding och am Dezember 2015 eng Propose gemaach fir de Statut vum Déier nei ze definéieren: „De Staat erkennt dem Déier de Statut un, e Liewewiesen ze sinn, dat mat Sensibilitéit ausstafféiert ass, a setzt sech an dem Déier seng Würd a Wuelbehalen ze sécheren“.

Déiereschutz

An anere Länner, wéi hei am Frankräich, gëtt reegelméisseg géint de Mëssbrauch vu wëllen Déieren am Zirkus demonstréiert. (Archivbild Dezember 2017, Manif géint de Bormann-Moreno Zirkus zu Paräis) Mussen d‘Leit dann elo och zu Lëtzebuerg massiv op d‘Strooss, fir dat een an der Chamber versteet, datt een deem muss en Enn bereeden? © Thomas Samson/AFP

An de Staatsrot huet, esou de Dr. Jean Schoos, zu dëser Propositioun och säin Avis schonn ofginn. Well et elo keng formell Oppositioun ginn huet, sollt een dierfe mengen, datt d‘Propose och an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert gëtt. Da kéint se nach virun de Walen an der Chamber gestëmmt ginn.

Et wier awer reng „spekulativ“ ze behaapten, datt ee sech an der Chamber der Propositioun net unhëlt, just well se vun der ADR virgeluecht gëtt.

Amendementer fir d‘Déiereschutzgesetz

Och wann een dann elo iwwert den Ëmgang net erfreet ass, esou begréisst d‘ADR grondsätzlech d‘Initiativ vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP), d‘Déiereschutzgesetz wëllen ze verbesseren. An den Dr. Jean Schoos deen ëmmerhi Veterinär ass, géif et begréissen, wann e puer Fuerderunge vun der ADR an d‘Gesetz kéinten afléissen.

Gefuerdert gëtt beispillsweis, datt Experimenter u Wierbeldéiere grondsätzlech misste verbuede sinn. Och soll den Transport vun Déiere bannent de Landesgrenzen op e Minimum begrenzt ginn. Iwwerhaapt (an dat betrëfft éischter den innereuropäeschen Transport) sollt et verbuede sinn, Déiere méi wäit wéi 400 Kilometer ze transportéieren.

Zu Lëtzebuerg sollt een sech dann nach emol gutt iwwerleeën, op et nach Zäitgeméiss ass, Zirkusse mat wëllen Déieren ze erlaben am Land hiert Zelt opzeriichten. Wann et der ADR nogeet, fir dat jiddefalls net méi méiglech.

Foto: Fir den ADR-President a Veterinär Dr. Jean Schoos gëtt och déi aktuell Verfassung dem Déier – e Wiese mat Gefiller an Dignitéit – net gerecht a léisst ze vill Interpretatiounsspillraum. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Code Civil, Déiereschutz, Dr. Jean Schoos, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel