Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019
Neiegkeeten

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis

money
US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun
Neiegkeeten

US-President sabotéiert Welthandelsorganisatioun

D‘Welt dréit op der Felg: Klimakatastrophen, Äerderwiermung, bestoend Konflikter (an

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot
Neiegkeeten

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot

Et huet laang, wéi esou oft ze laang, gedauert, mee

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

Wuelergoe vun den Déieren – d’EU-Kommissioun muss agéieren!

E Mëttwoch huet den Europäesche Rechnungshaff ee Sonderbericht zum Wuelergoe vun den Déieren an der EU verëffentlecht. Hei ass d’Protektioun vu landwirtschaftlechen Notzdéieren an déi allgemeng Ëmsetzung vun der jéngster EU-Déiereschutz-Strategie ënnersicht ginn.

D’Schlussfolgerung ass kloer: et gëtt nach ganz vill Loft no uewen! Besonnesch beim Anhalen an der Ëmsetzung vun de Mindeststandarden hapert et an d’Finanzmëttel vun der GAP kéinte besser genotzt ginn, fir esou och méi héich Déiereschutzstandards op ze bauen.

D’EU-Deputéiert Tilly Metz kommentéiert: „Ee Groussdeel vun den EU-Bierger fillen sech vum Thema Landwirtschaft an dem domat verbonnene Konsequenze vum Wuelergoe vun den Déiere betraff. D’EU-Memberstaaten gehéieren zu de Länner mat den héchsten Norme fir d’Wuelergoe vun den Déiere weltwäit, mee mir handelen net esou. Wéi kann et sinn, datt europäesch Gelder an d’Wettbewerbsfäegkeet, amplaz an méi héich Standarden zum Wuelergoe vun den Déieren oder een aartgerecht Halen an Hëllef fir dës Ëmsetzung fléissen, wann et nach esou vill ze maache gëtt?

Ech kann net gleewen, datt et hautdesdaags nach Déierentransporter gëtt, déi méi laang wéi aacht Stonnen daueren a wärend deenen d’Déieren enorm leiden, blesséiert an/oder souguer stierwen. Oder datt Fierkelen a ville Länner nach ëmmer de Schwanz kupéiert gëtt, obwuel dat EU-wäit säit Jore verbueden ass. D’GAP fërdert d’Massendéierenhaltung amplaz qualitativ héichwäerteg Betriber, wärend vun Déiereschutz geschwat gëtt, wéi wann et eng Niewesaach wier. Ech fuerderen, datt den Déiereschutz zu engem elementare Bestanddeel vun der GAP gëtt an duerch Moossname vun den ländlechen Entwécklungspläng besser a méi konsequent ëmgesat gëtt.“

An de Sonderberichter vum Europäesche Rechnungshaff ginn d’Resultater vun ausgewielte Wirtschaftlechkeets- bzw. Compliance-Préifungen zu spezifeschen Ausgaben- oder Politikberäicher oder zu Haushalts- oder Managementfroen duer geluecht. D’Zesummefaassung vun de Resultater fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten Deierentransport, Déiereschutz, Déiereschutzgesetz, EU-Kommissioun, GAP, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel