Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
best free dating app in france

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

dating in de buurt app
best free dating app in france

post hook up

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten
best free dating app in france

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

D‘EU huet aktuell en zolitte Problem mat der Entscheedung vun

D‘Eisebunn erkennt Opportunitéiten am Logement

D‘CFL besëtzt vill Terrainen an eng Rei dovunner géifen sech gutt fir Immobiliëprojeten eegenen

D‘Eisebunn erkennt Opportunitéiten am Logement

Op et engem gefält oder och net, d‘Eisebunn (CFL) verfüügt lacker iwwer ronn 50 Hektar Land an eng Grëtz dovunner eegent sech fir Immobiliëprojeten. Datt dës privat Entreprise mat Staatskapital dës Grondstécker vun de Bierger zu enger Zäit erhalen huet wou, d‘CFL och nach dësem gehéiert huet, sollt een net vergiessen…

Wunnraum ass – dat kann een einfach net oft genuch widderhuelen – knapp an d‘Politik net an der Lag eeschthaft an am Sënn vun der Bierger hei Remedur ze schafen. D‘CFL huet dëse „Mangel“ als Opportunitéit erkannt an dat och net eréischt zanter gëschter. Em de „Notzen“ këmmeren sech hei: CFL-Immo an Immo-Rail. Mat enger parlamentarescher Fro, wollten d‘Piraten méi dozou wëssen.

Den Deputéierte Sven Clement huet sech a senger Fro op de CFL-Joresrapport vun 2018 baséiert, aus deem ervirgeet, dat de Verkaf vun Terrainen a Gebaier sech ganz positiv op de consolidéierte Bilan 2018 néiergeschloen huet. Op der Internetsäit vun der Eisebunn géif weider heeschen, datt d‘CFL nieft Bauterrainen, 162 Ha Grondstécker huet, déi net fir „Eisebunnszwecker“ genotzt ginn.

Wéi d‘Eisebunn domatter ëmgeet an och soss relevant Froen, huet de Minister fir emissiounsneutral Mobilitéit an nohalteg Dividenden am Bausecteur, François Bausch (déi gréng) beäntwert. Hei gëtt een da gewuer, datt d‘CFL iwwert e sougenannten Immobilië-Patrimoine verfüügt, dee sech op eng Fläch vun 48 Hektar erstreckt: 1.845 Ar fir d‘Stad, 870 Ar zu Beetebuerg a 595 Ar zu Péiteng.

Alles schéin iwwersiichtlech

Vun dësen 48 Hektar entfalen der 44 op eege genotzten Immobilien, wéi beispillsweis d‘Direktioun, Halen an Atelieren, mee och Gréngflächen an natierlech d‘Garen. Déi verbleiwend Flächen, esou de Minister fir ëffentlech Bauten a Buedemversigelung, géifen sech fir Immobiliëprojeten eegenen. De gesamten Immobilië-Patrimoine bedréit 182.203 M², vun deenen d‘Hallschent dem Fonds gehéiert.

Wat dovunner net selwer genotzt gëtt ass verlount ginn, sief et als Büro- oder Geschäftsfläch, mee 12,3% vun de Fläche sinn nach kenger Notzung zougefouert ginn. De Minister betount dann nach, datt den Immobilië-Patrimoine vun den CFL kee „Wunnraum“ begräift, am Géigesaz zu deem dem Staat zougehéierege Patrimoine deen hei „afléisst“. Dat sinn, esou de Minister, 32 Wunnengen.

Wunnraum mat enger Gesamtfläch vun 3.166 M², déi dem Staat an domatter de Bierger, iwwert de „Fonds du Rail“ gehéieren. De Loyer kann en duerchaus als „sozial“ bewäerten, läit dësen dach am Duerchschnëtt bei 4,80 Euro de M², woumadder dem groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2008 entsprach gëtt. Woubäi de gréissten Deel vun de Wunnengen eidel Stinn an ofgerappt ginn.

Iert elo awer nees gebläert gëtt: déi Haiser si viru kuerzem zu Beetebuerg am Kontext vun der Erweiderung vun den Eisebunnsstrecke kaf ginn. Domatter wier de Ofrëss dann och justifizéiert, woubäi de Minister insistéiert, datt no Ofschloss vun de Aarbechten, op deene Flächen déi sech eegenen, neie Wunnraum entstoe soll. Allerdéngs net fir ze verlounen, mee fir ze verkafen…

Illustratioun: Schwéier am Geschäft zu Munneref © cfl

Ähnlech Sujeten CFL, CFL-Immo, Eisebunn, Fonds du Rail, François Bausch, Immo-Rail, Logement, Piratepartei, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel