Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
fwi dating

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger

Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur

dating someone with glasses
fwi dating

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt
fwi dating

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt

Fir Leit déi näischt mat Technik um Hutt hunn, sinn et villäicht

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Längst beim OGBL ënnerdaach komm, setzt sech de Landesverband och weiderhi fir seng Leit an

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Am Bouneweger Casino, Sëtz vum Landesverband FNCTTFEL, haten sech d‘Salariéeën aus dem Transportsecteur zesummefonnt, mat der Gewerkschaftsféierung den 1. Mee ze zelebréieren. Et ass natierlech vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport an den Europa-Wahle geschwat ginn.

Fir de President vum Landesverband, Georges Merenz, war et gëschter dann och den Ament fir sech beim Patronat an Erënnerung ze ruffen. Beim FNCTTFEL war een nähmlech net erfreet vun der Politik am Kontext vum „gratis ëffentlechen Transport“ virun de „Fait Accompli“ gesat ze ginn. Et gëtt dann och als Affront empfonnt, datt engem als Gewerkschaft net emol konkret Informatiounen, geschweig dann e konkrete Plang zur Ëmsetzung virgeluecht ginn ass. Dat war schonn emol besser.

Gutt, de Landesverband hat sech sengerzäit jo och géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ausgeschwat, wat dem Dialog mam Minister fir Verkéierschaos net grad entgéint komm ass. A ganz konkret fäert d‘FNCTTFEL datt duerch d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport e sëlleche Plaze wäerten ofgebaut ginn, et zu Abousse bei der Qualitéit vum Service an der Sécherheet komme wäert an dogéint géif sech gewiert. Zur Nout misst ee Streiken, wa sech keng aner Léisung ubitt.

Vu Sécherheet a Sécherheeten

Et ass wuel säitens dem Transportminister François Bausch (déi gréng) längst betount ginn, datt et net wäert zu Entloossunge kommen, well den Zuchbegleeder jo eben net nëmme fir d‘Kontroll vun de Billjeeën do ass, mee och eng Sécherheetsfunktioun huet. Och d‘Schaltere, esou de Minister, géifen erhale bleiwen. Vill manner wéi et der den Ament gëtt ass och schwéierlech virstellbar, a fir Ticketen déi een online bestellt oder aus dem Automat hëlt, brauch ee kee Schalterbeamten…

Dat festgestallt, mécht dem Georges Merenz seng Fuerderung: den ëffentleche Vertrag mat den CFL ëm 15 Joer ze verlängeren, duerchaus Sënn. Mee de President wëll méi. Esou géif den Ament un engem Gesetzprojet geschafft, deen d‘Sécherheet vun de Rettungsdéngschter verbessere soll. Hei sollt ee direkt e Gesetz maachen, datt all d‘Salariéeën aus dem ëffentleche Secteur besser schützt, also noutgedrongen och d‘Personal vum ëffentlechen Transport, egal ob Strooss oder Schinn.

Zudeem misst an dësem Kontext och d‘Sécherheet vun de Cliente berécksiichtegen. Gefuerdert gëtt méi Kameraiwwerwaachung an d‘Schafe vun enger Spezialeenheet (Bunn-Police), déi d‘Sécherheet encadréiert. Eng vun de schwierege Fuerderunge, et sollt ee vläicht bedenken, datt de Rekrutement bei der Police esou schonn zimlech „ustrengend“ ass, a jo Privat-Sécherheetsfirmae längst dësen Optrag iwwerdroe kritt hunn. An eigentlech kéint d‘CFL esou e Service an eegener Regie opbauen.

Krämpes mat der Digitalisatioun

Fir de Georges Merenz gëllt et och nach uecht ze dinn, datt d‘Digitalisatioun keng Affer fuerdert. Et dierft kee wéinst de Aféierung vun neien Technologien seng Aarbecht verléieren, keen dierft um Stroosserand stoe gelooss ginn. Et geet anscheinend d‘Angscht ëm, datt wann Aarbechtsplazen, déi – am Kontext vun der Digitalisatioun – ewechfalen, d‘Leit net weider kéinte beschäftegt ginn. Dofir fuerdert de President vum Landesverband, datt déi Salariéeë mussen intern reklasséiert ginn.

Mee net eleng den Erhalt vun den Aarbechtsplaze läit dem Georges Merenz um Häerzen. Och bei de Paie misst sech emol nees eppes doen. Fir senger Fuerderung en entspriechend Gewiicht ze ginn, verlaangt de Landesverband net méi an net manner wéi d‘Reform vun alle Salaire am ëffentlechen Déngscht. Et wier un der Zäit sech un de Verhandlungsdësch ze setzen, an endlech de ganzen Ongerechtegkeeten en Enn ze bereeden. Zudeem sollt een Ofstand vun der Privatiséierung huelen.

D‘Eisebunnergewerkschaft

Um 1. Mee ass dann och dem „ale“ President Äddi gesot ginn. © Marion Carstens/EVG

Och dat eng Fuerderung mat där grondsätzlech all Militant, mee och de Bierger am grousse Ganzen, dierft averstane sinn. Datt entsprécht leider net de Fuerderunge vun Industrie a Wirtschaft, déi dank gudder Lobbyaarbecht zu Bréissel net nëmmen d‘Gesetzer matschreiwen, mee vun hiren deier akaafte Politiker och duerchgesat kréien. Hei sollt de Georges Merenz eigentlech frou sinn, datt den ëffentlechen Transport „gratis“ gëtt. Beim Wuert „Gratis“ versteet d‘Privatwirtschaft kee Spaass.

Uecht gedoe bei den Europawahlen

D‘Gewerkschaft vun den Eisebunner an de Salariéeën aus dem Transportsecteur, beschränkt sech dann och net op eleng d‘Problemer an eisem Land, mee kuckt och wäit iwwert den nationalen Tellerrand ewech. Hei mengt de Georges Merenz, datt dës Europa-Wahlen déi wichtegst zanter bestoe vu den EU sinn. Et géif hei ëm d‘Demokratie u sech goen, déi am Begrëff wier vu Populisten a rietsextreme Gruppéierungen zerstéiert ze ginn. Hei géif eist Zesummeliewen a Fro gestallt.

Esou fuerdert och d‘FNCTTFEL vun Europa, de Bierger nees an de Mëttelpunkt ze stellen, eng europäesch Agence fir d‘Aarbecht ze schafen an d‘Aféierung vun engem europäesche Mindestloun. Natierlech muss d‘Aarmut, besonnesch déi vun de Pensionären a Jugendlechen, bekämpft ginn, esou wéi zolidd eppes géint d‘Jugendaarbechtslosegkeet muss ënnerholl ginn. Gläichzäiteg soll de Klimawandel bekämpft, net awer mat eleng dem Salarié sengem Geld finanzéiert ginn…

An natierlech huet de gudde Mann a ville Punkte Recht, woubäi – wéi et bis ëm Europa gaangen ass – och d‘Militanten am Casino zu Bouneweg net Androck gemaach hunn, sech fir den EU-Volet ze interesséieren. Europa ass net an de Käpp vun de Leit verankert, et gëtt kaum een deen iwwerzeegt wier, datt dës Wahle „wichteg“ sinn. Zudeem ass et bedréckend wéi wéineg d‘Leit iwwer a vun Europa als Institutioun wëssen. Dat awer ass elo wierklech net dem Georges Merenz seng Schold…

Foto: © C.Kremer (via Twitter)

Ähnlech Sujeten 1. Mee, Eisebunnergewerkschaft, EU-Wahlen, FNCTTFEL, Georges Merenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel