Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!
International Kultur Neiegkeeten

De Fall John F. Kennedy: entweder et seet een alles oder näischt!

E Knuppert mat Zäitzünder oder just eng naass Wick? D’Trump-Administratioun

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches
International Kultur Neiegkeeten

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

Dat hat sech Däitschland anescht virgestallt. Amplaz vu schéine Biller,

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!
International Kultur Neiegkeeten

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!

Datt et schlecht ëm d‘Biodiversitéit steet an Lëtzebuerg en negatiivt

An déiwer Trauer: Begriefnis um 4. Mee an der Kathedral!

An déiwer Trauer: Begriefnis um 4. Mee an der Kathedral!

No der Annonce vum Grand-Duc Jean sengem Dout an der Nuecht vum Méindeg op en Dënschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel de Moien op eng Pressekonferenz geruff. Wéi geet et elo virun?

An der vergaangener Nuecht um 0:25 Auer ass de Grand-Duc Jean, no sengem verschlechtere Gesondheetszoustand verscheet. Als Zeeche vun Trauer a Respekt huet d’Kierch ugekënnegt, datt um haitegen Ouschterdënschdeg um 12:15 Auer d’Klacke wärend 15 Minutte laude wäerten, fir un hien ze gedenken.

Och de Minister Xavier Bettel weist sech an déiwer Trauer, nodeems den Dout de Moien um 6:00 Auer verkënnegt ginn ass. An dësem Kader huet de Staatsminister dem Papp vum Grand-Duc Henri fir säin Asaz fir d’Stabilitéit vum Land nom Krich, seng Solidaritéit a seng Mënschlechkeet Merci gesot. Wärend sengen 98 Joer huet hien als Symbol a Virbild immens vill Spuren am Lëtzebuerger Land hannerlooss, sou datt seng Bierger hien ëmmer an Éieren hale wäerten.

Heibäi huet de Xavier Bettel nach vu Gewëssenhaftegkeet, Loyalitéit, Léift a Verbonnenheet geschwat, iert hie schliisslech der groussherzoglecher Famill säin déifst Matgefill ausgedréckt huet.

Och d’Chamber huet hiert déift Matgefill matgedeelt. D’Memberen drécken der Grand-Duchesse, hire Bridder a Schwësteren, sou wéi der ganzer groussherzoglecher Famill hiert Bäileed aus. Och si hiewen déi grouss Responsabilitéit, mat der de Grand-Duc Jean am Numm vum Land gehandelt huet, als grousst Virbild ervir.

Esou geet et elo virun

Um 10:00 Auer kënnt de Regierungsrot zesumme, fir déi kommend Deeg ze beschwätzen. Vir 12:00 Auer wäert de Grand-Duc Henri de Premierminister Xavier Bettel um Schlass zu Kolmer-Bierg ëmfänken. Nieft de Klacken, déi wärend 15 Minutte laude wäerten, gëtt um Samschdeg, den 27. Abrëll um 17:00 Auer an der Kathedral eng Mass gehalen, sou wéi och um Wäissen Ouschtersonndeg op anere Plazen. Heibäi biet den Här Äerzbëschof all Geeschtleche fir um Sonndeg eng Mass a Gedenke fir S.A.R. de Grand-Duc Jean ze halen.

D’Begriefnis vum Grand-Duc Jean ass fir e Samschdeg, de 4. Mee an der Stater Kathedral festgesat.

Och mir wënschen der groussherzoglecher Famill vill Kraaft an dëser schwéierer Zäit an drécken eist déifst Matgefill aus!

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof, Begriefnis, Dout, Grand-Duc Jean, Trauer, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel